Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt XIX: Méi Manifestanten – Manner Vandalismus
International Kultur speed dating fayetteville ar

https://moien.lu/is-plenty-of-fish-a-free-dating-site/

Et ass ëmmer gutt wa Mënschen et ronn kréien hir

D‘Stad Lëtzebuerg leet e Kondolenzbuch zum Dout vum Groussherzog Jean aus
International Kultur speed dating fayetteville ar

D‘Stad Lëtzebuerg leet e Kondolenzbuch zum Dout vum Groussherzog Jean aus

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, déi gewëllt wieren nom Dout

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare
International Kultur speed dating fayetteville ar

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare

Déi britesch Weltraumagence huet e Sonndeg matgedeelt, datt d‘Géigend vu

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Eng ëmstridden „Traditioun“ huet op der Vakanzeninsel nees fir eng kontrovers Stëmmung gesuergt

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Um Freidegowend huet op Mallorca de Stéierkampf säi Comeback gefeiert, datt allerdéngs net ouni eppes Protest. Iert et zum Gemetzel an der Arena konnt kommen, huet et „verbale“ Widderstand, vill Gepäifs an och esou muench Tréine ginn. Besonnesch déi spuenesch Jugend mobiliséiert sech géint dëse „Spektakel“.

Zwee Joer hat d‘Zwangspaus gehalen, e Freideg war domatter Schluss. Déi 1. „Corrida de Torros“ um 9 August 2019 huet trotz den Awänn vun Déiereschützer stattfonnt, a war fir d‘Organisateuren en totale Succès. Déi als „Show“ verkläerten Déierequälerei war wuel net ausverkaf, mee eng 9.000 Persounen hunn déi 130 Euro fir de Billjee berappt. Et hätt nach Plaz fir 2.600 Zuschauer ginn…

MallorcaGéintiwwer dësen 9.000 „Fans“ haten sech zwou Stonne virun der „Show“ eng 400 Mënsche virun der Arena versammelt. Si hu massiv an mat vill Kaméidi géint déi sënnlos Déierequälerei protestéiert a sech verbal zolidd mat den 30 Fans déi eng Géigendemonstratioun organiséiert hunn, ausenanergesat. Um e puer Kilometer entleeëne Ballermann, haten d‘Touristen domat kee Problem.

Ëffentlech Hiriichtung léist Euphorie aus

De gräissleche Spektakel – deen och erlaabt sech en Androck vun der haideger Gesellschaft ze maachen – huet „seng Fans“ séier un de Rand vun der Extase gefouert. Euphorie huet sech an den Tribüne breet gemaach, an all Kéiers wou e Matador de Versuch gemaach huet, vun uewen erof dem Stéier de Säbel an d‘Häerz ze stiechen, sinn d‘Leit reegelrecht vu Freed ausgeflippt.

Mallorca

Déiereschützer hunn zu Palma de Mallorca virun der Arena géint d‘Corrida protestéiert. D‘Regierung vun de Balearen hat dës Aktivitéit virun zwee Joer verbueden. D‘Verfassungsgeriicht huet d‘lescht Joer d‘Entscheedung fir onrechtméisseg erkläert an der Tortur de Statut vum kulturelle Patrimoine zougestanen. © Barbara Platsch

Esou huet de Star-Matador „Morante de la Puebla“ ganzer fënnef mol missen usetzen, bis d‘Béischt déidlech getraff zesummegebrach ass. E Corrida-Géigner ass do an d‘Arena gesprongen. Op senger entbléister Broscht war ze liesen „Corridas never again“. De jonke Kärel gouf vun den Zuschauer entspriechend ausgepaff a ugefeint, bis d‘Sécherheetsleit hien ze packe kruten an erausbegleet hunn.

Kanner dierfen esou eppes (nach) net gesinn

Interessanterweis hunn eng Rei Beschlëss vum Verfassungsgeriicht et op Mallorca dann awer nach „iwwerlieft“. Esou dierfe keng Mannerjäreger der Quälerei nokucken, et gëtt keen Alkohol an der Arena an d‘Stéiere mussen – iert se op schänterlech Manéier higeriicht ginn – op Dopping getest ginn. Et gëtt esouguer kontrolléiert, ob si net mat Berouegungsmëttel „behandelt“ goufen.

MallorcaEigentlech ass dat schlëmmst un dësem Bericht, datt mat Mallorca eng vun der leschte spuenesche Provënze wou et keng Corrida ginn huet, elo dem Verlaangen no Blutt an real existéierenden Horror noginn huet. Déi kanaresch Insele sinn déi lescht Regioun an där et nach esou eppes wéi e Verbuet fir Stéierkampf gëtt. Déi hunn op den Atlantikinselen awer och keng Traditioun, heescht et emol.

Generell ëmstridden? Net wierklech

Déi „sportlech ausgefouert Déierequälerei“ ass a Spuenien net onëmstridden an et si virun allem déi Jonk wou dëser Traditioun näischt Gutts ofgewanne kënnen. Dëse „Brauch“ deen d‘Spuenier aus dem Mëttelalter wëllen iwwerholl hunn, huet ëmmer méi Géigner. Aus engem Sondage vum Januar geet ervir, datt gutt d‘Hallschent vun der Bevëlkerung keen Interessi um bluddege Spektakel huet.

D‘lescht Joer hate ronn 40.000 Demonstranten zu Madrid fir e landeswäite Verbuet manifestéiert, datt allerdéngs mat wéineg Erfolleg. D‘Unhänger vun dëser Traditioun déi „Tauromaquia“ genannt gëtt, bleiwe vum Protest onbeandrockt. Hei gëtt et esouguer eng stramm opgestallte Lobbygrupp, déi dës besonnesch Form vun Déierequälerei zum Schoulfach maache wëllen. Abee märd alors…

mat indymedia/alg

Foto: Patrick Gantz/Pixabay

Ähnlech Sujeten Balearen, Ballermann, Corrida, Déierequälerei, Kultur, Mallorca, Stéierkampf, Voyeurismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel