Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
Fail https://moien.lu/best-korean-dating-websites/ iasip dating site

https://moien.lu/philadelphia-matchmaking-services/

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

Terroralarm an Thailand
Fail https://moien.lu/best-korean-dating-websites/ iasip dating site

Terroralarm an Thailand

Während dem Sommet vun den Ausseminister vun den ASEAN-Staaten zu

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?
Fail https://moien.lu/best-korean-dating-websites/ iasip dating site

Kenns du eis Verfassung gutt genuch, fir hei gutt ofzeschneiden?

Eis Verfassung mat sengen 121 Artikelen ass relativ iwwersiichtlech. An

dislike

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun enger franséischer ONG a mat iwwer 600 Migranten u Bord, ulanden ze loossen. Italien hat de mediterrane Staat gebueden, d‘Leit opzehuelen, déi vun der ONG aus dem Mëttelmier gefëscht goufen.

De maltesesche Premierminister Joseph Muscat huet sech an dësem Kontext mat sengem Homolog Giuseppe Conte um Telefon ënnerhalen, an affirméiert, datt „Malta konform zu sengen internationale Verflichtungen“ agéiert, heescht et an engem Communiqué vun der maltesescher Regierung. „Malta empfänkt dat Schëff net a sengen Häfen“.

Esou d‘Reaktioun vu Malta op d‘Demande, déi um Sonndeg vun der italienescher Regierung, an engem gemeinsame Communiqué vum Inneminister Matteo Salvini, an dem Infrastrukturminister Danilo Toninelli, verantwortlech fir de Küsteschutz.

Malta, esou de Communiqué „kann net méi ewechkucke wann et drëms geet international Konventiounen zum Schutz vum Liewen anzehalen. Dofir biede mir d‘Regierung zu La Valetta d‘Schëff Aquarius ze empfänken, fir de Migranten u Bord eng éischt Hëllef ze gewäerden“.

Gestreits ëm d‘Zoustännegkeet

D‘Aquarius ass ee Schëff vun der franséischer ONG „SOS Méditerranée“, dat 629 Migrante bei sechs verschidden Operatiounen an der Nuecht vun er Samschdeg op e Sonndeg opgeholl huet. E maltesesche Spriecher huet matgedeelt, datt d‘Schëff seng Rettungsaktioun an der libescher Zone duerchgefouert huet, a vum Koordinatiounszenter zu Roum ofhängeg ass.

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg, huet sech d‘Schëff tëscht Malta a Sizilien opgehalen, an huet op den Accord gewaart, fir seng mënschlech Fracht kënnen ofzelueden. Säitens der ONG heescht, datt sech ënnert de Migranten, 112 isoléiert Mannerjäreger, 11 ganz kleng Kanner a 7 schwanger Frae befannen.

Den italienesche Regierungschef Giuseppe Conte huet ugekënnegt, datt Italien zwee Patrulle-Booter bei d‘Schëff vun der franséischer ONG beuerdert huet. U Bord vun de Booter sinn Dokteren, déi „prett sinn anzegräifen an d‘Liewe vun all Mënsch un Bord vun der Aquarius ze retten, bei deem néideg wier“:

Eppes méi fréi um Sonndeg, hat de Matteo Salvini domatter gedreet, all italieneschen Hafe fir déi Schëffer ze schléissen, déi Migranten am Mëttelmier opfëschen, sollt Malta refuséieren d‘Aquarius opzehuelen. Eng reell Menace, déi am Aklang mat de Positioune vum Matteo Salvini (Lega Nord) stinn, déi hien d‘Lescht Woch op Sizilien nach emol betount hat.

mat AFP

Foto: D‘MS Aquarius, e Sich- a Rettungsschëff (hei en Archivbild vum 6 Mee), hänkt mat iwwer 600 Migranten tëscht Malta Sizilien fest. Si mussen drop waarden, op La Valetta oder Roum hinnen d‘Erlaabnes gëtt, déi Mënschen an en Hafen ze bréngen. © Louise Gouliamaki/AFP

Ähnlech Sujeten Aquarius, Italien, Malta, Migranten, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel