Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net
craigslist hookup reviews

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net

Si ginn der Welt stéiss déi dës net brauch an

sumit vats dating
craigslist hookup reviews

harry potter fanfiction harry and hermione secretly dating

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

Schraasseg: Neit Material fir eis Giischtercher
craigslist hookup reviews

Schraasseg: Neit Material fir eis Giischtercher

Gutt Nouvelle hu mir fir eis Beamten aus de Prisongen.

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“

Op Aluedung vum Premierminister Xavier Bettel, war de maltesesche Premier Joseph Muscat den 18. an 19. Juli op Aarbechtsvisite zu Lëtzebuerg

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“

Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel St. Maximin, wou de Xavier Bettel aleedend festgestallt huet: „Ech si ganz frou doriwwer, datt déi bilateral Bezéiung tëscht eise Länner esou gutt sinn a sech déi maltesesch Communautéit zu Lëtzebuerg an de leschte Jore vergréissert huet. Dat ass e positiivt Zeeche wat d‘Unioun tëscht eise Länner a Vëlker betrëfft“.

Am Kader vun de Gespréicher ass de Punkt zu de groussen aktuellen Theme vun der europäescher Politik gemaach ginn. An dësem Kontext huet de Xavier Bettel notéiert, datt dës Entrevue sech zu engem gënschtegen Zäitpunkt zougedroen huet. Esou kuerz virun engem neien institutionellen Zyklus vun den europäeschen Institutiounen.

„Ech si ganz zefridden datt déi vum Europarot virgeschloe Kandidatin d‘Ënnerstëtzung vum Europaparlament kritt huet. Dat erlaabt eis no vir ze kucken an eis op Fundamentales ze konzentréieren, fir esou europäesch Äntwerten op déi gemeinsam Erausfuerderungen ze fannen, deene mir ausgesat sinn“, esou de Xavier Bettel.

Béid Regierungscheffen hu sech och d‘Prioritéite vun der Unioun ënnerhalen. Hei huet de Xavier Bettel ënnerstrach, dat déi legislativ Prioritéite fir Lëtzebuerg ënnert anerem: den numeresche Bannemaart, de Sockel vun de soziale Rechter an de Klimawandel, sinn. Et gouf sech natierlech och iwwert de Brexit ënnerhale ginn, de jo dreet „haart“ ze ginn.

maltesesche

(v.l.n.r.) Jean Asselborn, Ausseminister vu Lëtzebuerg; Joseph Muscat, Premierminister vu Malta; Helena Dalli, Ministesch fir europäesch Ugeleeënheeten. © Emmanuel Claude/SIP

Fir d‘Aarbechtsvisite ofzeschléissen, sinn de maltesesche Premier Joseph Muscat an d‘Ministesch fir europäesch Ugeleeënheeten Helena Dalli de 19. Juli vum Ausseminister Jean Asselborn empfaange ginn. Och si hu sech iwwert déi bilateral Bezéiungen an déi europäesch Aktualitéit ënnerhalen. Heibäi ass et och ëm d‘Lag a Libyen gaangen.

De Jean Asselborn huet an dësem Kontext nach emol drop higewisen, datt et dréngend nei Mesure brauch fir den Accord vu Schengen ze schützen. Dat mat effikasse Kontrollen un de Baussegrenzen, an der Aféierung vu klore Reegele fir den Asyl. Erënnert gëtt, datt Lëtzebuerg e „Contributeur“ vun de maritime Patrullen am Mëttelmier ass. (EUNAVFOR).

Eisen Ausseminister huet géintiwwer de Joseph Muscat nach emol ënnerstrach wéi wichteg déi europäesch Solidaritéit géintiwwer den anere Memberlänner ass. Hien huet dem maltesesche Premier verséchert, datt sech Lëtzebuerg fir eng gerecht an equitabel Reform vum System „Dublin“ wäert asetzen. Lëtzebuerg stielt sech net aus der Verantwortung

Foto: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister vu Lëtzebuerg; Helena Dalli, Ministesch fir europäesch Ugeleeënheeten; Taina Bofferding, Inneministesch; Joseph Muscat, Premierminister vu Malta. © Emmanuel Claude/SIP

Ähnlech Sujeten Helena Dalli, Jean Asselborn, Joseph Muscat, Malta, Taina Bofferding, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel