Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint
dating range rule https://moien.lu/how-to-search-all-dating-sites-at-once/

https://moien.lu/ihk-azubi-speed-dating-darmstadt/

Den Automobilclub zu Lëtzebuerg ass innovativ a fortschrëttlech. Mat engem

austin hookup spots
dating range rule https://moien.lu/how-to-search-all-dating-sites-at-once/

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!

Beim Documentaire Ascoltami-Ricordami vum Giuliano Bugani geet et ëm een

Fusiounsgespréicher am héijen Norden
dating range rule https://moien.lu/how-to-search-all-dating-sites-at-once/

Fusiounsgespréicher am héijen Norden

De Konzept „Nordstad“ ass net nei an zugläich e politescht

Mam Minister Asselborn op Aarbechtsvisitt am Afghanistan

Mam Minister Asselborn op Aarbechtsvisitt am Afghanistan

Op Invitatioun vum afghaneschen Ausseminister Salahuddin Rabbani ass eise Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister a Minister fir Immigratioun an Asyl, de Jean Asselborn fir eng Aarbechtsvisitt de 5. Mäerz 2019 an den Afghanistan gereest.

Déi éischt Etapp huet aus enger Visitt vun der Militärbasis Mazar-i Sharif bestanen. Heibäi hunn d’Ministeren och déi zwee Membere vun der Lëtzebuerger Arméi, déi momentan am Afghanistan stationéiert sinn, getraff. Am Gespréich mam Ënneroffizéier an dem Zaldot huet de Minister Asselborn seng Unerkennung a seng Bewonnerung fir de Courage, sou wéi hir berufflech Higab ausgedréckt. An dësem Kader kruten si och ee grousse Merci vun der Regierung an alle Lëtzebuerger iwwermëttelt fir hiren Engagement bei der Friddensmissioun am Afghanistan.

Déi zwee Membere vun der Lëtzebuerger Arméi sinn Deel vum Task Force Nord, déi fir d’Missioun „Resolute Support“ vun der NATO zu Mazar-i Sharif zoustänneg ass. Ziel vun der Missioun ass et, den Afghanistan duerch d’Formatioun, d’Berodung an d’Assistenz vun de militäresche Kräften ze ënnerstëtzen an esou op laang Dauer d’Sécherheet am Land ze garantéieren. Dobäi huet de Minister Asselborn drun erënnert, datt Lëtzebuerg seng Ënnerstëtzung beim Comptabilitéitsfong vun der NATO fir déi afghanesch Arméi bis 2024 bestätegt huet. Am Ganzen huet de Grand-Duché fir dës Missioun schonn 325 Persounen an den Afghanistan geschéckt.

Um selwechten Dag ass den Lëtzebuerger Ausseminister och zu Kabul vum President vun der Republik, dem Ashraf Ghani begréisst ginn. D’Diskussiounen hunn heibäi haaptsächlech ëm de Prozess vum Fridden, d’Verhandlungen an d’Initiativen zum Fridden, sou wéi d’Gewiicht vun de regionalen an internationalen Acteure gedréit, fir esou de Konflikt, den scho säit 18 Joer unhält, ze léisen. De President Ghani huet ënnerstrach, datt de kostbare Fridden nach ni esou no war.

(v.l.n.r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister a Minister fir Immigratioun an Asyl; Salahuddin Rabban, afghaneschen Ausseminister © MAEE

D’Treffen huet et ausserdeem erméiglecht déi wichteg Roll an d’Erwaardunge vun den afghanesche Fraen am Kader vun der Verstäerkung vum Staat an de Gesetzer, sou wéi den Zougrëff op d’Rechter ervir ze hiewen. De President huet kloer gestallt, datt de Fridde just vu Bausse kann erzielt ginn, mee vun a fir d’Afghanen muss ausgedroe ginn. Dobäi ass nach emol un d’Propositioun vun der EU erënnert ginn, déi de Prozess vum Fridden op Basis vu fënnef Propositiounen, déi bei der Konferenz zu Genf am November 2018 opgestallt goufen, ënnerstëtze wäert.

Den 20. Juli 2019 si Presidentschaftswahlen. An dësem Kader huet de President säi Wonsch ausgedréckt, datt d’Investissementer verstäerkt solle ginn, sou datt déi ekonomesch Entwécklung vum Land, d’Entwécklung vun der Regioun, sou wéi d’Connectivitéit vun Europa an Asien gefërdert gëtt. D’Situatioun vun den afghanesche Flüchtlingen an d’Besoine vun der professioneller Formatioun goufen heibäi virgestallt.

Souwuel de President Ghani, wéi och de Minister Rabbani hunn dem Lëtzebuerger Ausseminister villmools Merci fir den Engagement vum Grand-Duché an d’Hëllef a Saache Sécherheet, Kooperatioun, Entwécklung an humanitär Hëllef ausgesprach. D’Diskussiounen si viru gaange mat der Thematik vum Afloss vun de regionalen Acteuren, sou wéi hiren Afloss op d’Taliban an aner arméiert Gruppen.

Wann et ëm Migratioun geet muss een drun erënneren, datt den Afghanistan méi wéi 6 Millioune Flüchtlingen, virun allem Leit a Pakistan, dem Iran, dem Noen Osten an Europa zielt. An dësem Kontext hunn d’Ministeren sech iwwert d’Schwieregkeet vun der Reintegratioun vun de Milliounen Afghanen ënnerhalen, déi an de leschte Joren nees zeréck an hiert Land komm sinn oder um Enn vum Konflikt nach plangen zeréck ze goen.

Bei dëser Geleeënheet huet de Jean Asselborn d’Chance ergraff och iwwert d’Verstäerkung vun de bilaterale Relatiounen ënnert dem Afghanistan a Lëtzebuerg, virun allem um ekonomeschen Niveau, ze diskutéieren. Hien huet heibäi un d’AIIB (Asia Infrastructure Investment Bank) erënnert, der den Afghanistan am Joer 2017 bäigetrueden ass, sou wéi un déi traditionell Versammlung vun der AIIB, déi am Juli 2019 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

(v.l.n.r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister a Minister fir Immigratioun an Asyl; Nicholas Kay, den héijen ziville Representant vun der NATO © MAEE

Zu Kabul hat de Minister Asselborn déi grouss Éier de Sir Nicholas Kay, den héijen ziville Representant vun der NATO, ze treffen. Esou konnt een an engems iwwert déi politesch Entwécklung, sou wéi d’Fërderung vun der Sécherheet, duerch d’NATO an Alliéierter am Afghanistan diskutéieren.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister a Minister fir Immigratioun an Asyl; Salahuddin Rabban, afghaneschen Ausseminister © MAEE

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Ausseminister, Fridden, Jean Asselborn, NATO, Salahuddin Rabban, Sir Nicholas Kay
Nächsten Artikel Virrechten Artikel