Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krautmaart: Interpellatioun zu Europa
Kultur Neiegkeeten

Krautmaart: Interpellatioun zu Europa

Wann eng Konferenz iwwert d‘Zukunft vun der europäescher Unioun geduecht

Iwwert de Summer gëtt bei den CFL geschafft, mat Behënnerunge muss gerechent ginn
Kultur Neiegkeeten

Iwwert de Summer gëtt bei den CFL geschafft, mat Behënnerunge muss gerechent ginn

Fir d‘CFL, hir Clienten a wie soss nach un de

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff
Kultur Neiegkeeten

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder

Mam Auto an de Kino

Zu Mamer huelen se dat wiertlech

Mam Auto an de Kino

An Zesummenaarbecht mat Caramba a Bauhaus Lëtzebuerg, gëtt elo an der zweeter Phas vum Deconfinement zu Capellen de „Mamer Autokinovum 14. Mee bis den 2. August organiséiert.

Gutt, elo ass gewosst, datt mir nach ëmmer och an enger Klimakris fest stiechen an et bestëmmt Argumenter gëtt, déi dem Prinzip „Autokino“ u sech géife widderspriechen. Woubäi, et léisst ee jo net de Motor lafe während een de Film kuckt an et dierf een och mam Elektro-Auto an de Kino. Alles net schonn nees alles verdäiwelen iert et ugefaangen huet. Zudeem ass d‘Iddi net verkéiert.

No siwe Woche Confinement gëtt et a punkto Versammlunge jo nach ëmmer Beschränkungen, an datt huet gutt Grënn. Concerten, Theater an och Kino, bleiwen eis also nach länger verwiert. Op alles verzichte muss awer net sinn, an d‘Initiativ vun der Mamer Gemeng – déi de Puristen an den Ëmweltaktiviste vläicht net esou gefält – sollt ee roueg begréissen, eppes Entspanung ass wichteg.

Kino „ZESUMMEN“ an dat beim Respekt vum Sécherheetsofstand, nach derzou zum Präis vun enger Entrée – et gëtt just d‘Voiture gewäert, egal wéi vill Leit dra Plaz geholl hunn – datt ass méi wéi eng korrekt Offer. An et bitt masseg Virdeeler: esou dierfen déi wou ëmmer am Kino de ganze Film kommentéieren hire Fetisch ausliewen ouni vun aneren dobäi gestéiert ze ginn…

Auto

Fummelen, lëpsen a villes méi… jo esouguer „am Kino fëmmen“ ass nees erlaabt, also wann déi aner Passagéier dat zouloossen. Et dierf no Häerzensloscht gebafft a Gedronk ginn, dat stéierend Geraschels ass jo „confinéiert“ a wien sech exemplaresch behëlt, huet och eng Tut matgeholl, wou hien den Offall ka propper sammelen an doheem problemlos an der Dreckskëscht entsuerge kann.

Et gëtt wäermstens geroden:

  • den Ticket online ze kafen (et gëtt se souwisou nëmmen am Virverkaf);
  • mat Zäiten un ze sinn fir seng Matmënschen net ze incommodéieren;
  • d‘Plaz propper ze halen an d‘Dreckskëschten ze notzen;
  • seng Mask/Foulard net ze vergiessen;
  • sech w.e.g. un déi sanitär Reegelen ze halen;
  • den Instruktioune vum Personal nozekommen.

Eppes Disziplin a gesonde Mënscheverstand kann och am Autokino net schueden, zudeem beweist een anere géintiwwer Respekt, egal op si schaffen an zu engem flotten Erliefnes bäidroen, oder am Auto niewendrun just nëmmen hir Rou wëllen. Mat eppes Manéieren a gudder Laun, ka jidderee säint derzou bäidroen, datt de Mamer Autokino zu engem flotten Event a groussen Erfolleg gëtt.

Illustratioun: © Caramba

Ähnlech Sujeten Autokino, Bauhaus, Capellen, Caramba, Covid19, Deconfinement, Kultur, Mamer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel