Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: D‘LSAP geet „Zesummen“ an de Wahlkampf
International Meenung

Chamberwahlen: D‘LSAP geet „Zesummen“ an de Wahlkampf

De 14. Oktober gi mir wielen, a well anscheinend nëmmen

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko
International Meenung

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko

Am Géigesaz zu virechte Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup,

money
Frankräich ass vun engem Handelsaccord EU/USA net begeeschtert
International Meenung

Frankräich ass vun engem Handelsaccord EU/USA net begeeschtert

Am Kader vu sengem Staatsbesuch a Spuenien, huet de franséische

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen

Et ass scho verwonnerlech, wéi vill Leit – och hei am Land – sech de Mond doriwwer zerrappt hunn, datt de russesche Premierminister op Staatsbesuch komm ass. An mir wëllen eis d‘Aussoen, déi et ginn hätt wann de Vladimir Putin komm wier, guer net méi virstellen. Et ass allerdéngs och e Constat, datt d‘Leit sech hir Informatiounen op komesche Plaze fänke ginn, an dat och gleewen.

Do mécht et wéineg Sënn sech an Erklärungen zum Konflikt mat der Ukrain an der dorausser resultéierender Annexioun vun der Krim ze verléieren. Dës Bier ass geschielt, an de Problem gëtt net doduerch besser, datt ee sech drun hält wéi de Geck un de Bengel. Woubäi et sengerzäit guer net hätt missen esouwäit kommen, wann de Rapprochement EU-Ukrain iwwerluecht gewiescht wier.

Interessant awer ass et, datt wa sech de Premierminister vun esou engem klenge Land, wéi mir nu emol eent sinn, fir den Dialog an eng „frëndschaftlech“ Bezéiung zu enger Weltmuecht asetzt, déi zu Washington ganz erstaunt sinn, datt ee si net virdrun ëm Erlaabnes gefrot huet. Woubäi et och déi topeg Rumeur gëtt, datt Lëtzebuerg de Premier nëmme mam Accord vun den USA ernimme kéint.

Dofir deet et gutt, datt ee mam Xavier Bettel e Premier huet – egal op een sech him politesch no spiert oder eben net – dee mat béide Féiss um Buedem steet. Esou wéi Hënn déi billen net bäissen, esou gëtt während ee matenaner Schwätzt net geschoss. Dat erfëllt wuel nach net ganz den Ëmstand vum Fridden, ass awer eng zolidd Optioun déi an déi richteg Richtung geet. Fridden ass kee Kaddo.

Et sollt een dann och – obwuel et sécherlech net einfach ass – bedenken, datt een d‘Rechter vun de Minoritéiten, respektiv d‘Mënscherechter am allgemengen, besser am Dialog, wéi mat Sanktioune verdeedege kann. Jidderengem gerecht ze ginn ass eng Saach vun der Onméiglechkeet, mee et kann een all Dag derzou bäidroen datt et e Stéck besser gëtt, an näischt anescht huet de Premier gemaach.

Wien dës Approche deele kann, erkennt un, datt „mam gudde Beispill virgoen“ ëmmer déi besser Variant am politeschen Disput ass. Gutt dat kann ee vum golfspillende Rabbelkapp déi aner Säit vum grousse Pull net erwaarden. Vun deem ass iwwerhaapt wéineg Gescheites ze erwaarden, an hien ass jo och beméit dat ëmmer nees ënner Beweis ze stellen. An dat ass „anti-amerikanesch“!

Foto: Dem russesche Premierminister Dmitri Medvedev bei de Landung um Findel. Hien ass wéi et sech gehéiert, mat alle militäreschen Éieren empfaange ginn. Et ass kee Feeler gutt Manéieren ze weisen, wann ee Besuch kritt. Dem US-Ambassadeur mëssfällt dësen Ëmgang mam „Feind“ an do wäert et nach en Nospill hunn. © Emmanuel Claude/SIP

Ähnlech Sujeten Dialog, Dmitri Medvedev, Fridden, Staatsbesuch, Ukrain, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel