Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wäert d’Hillary Clinton nach emol an d’Renne goen?
https://moien.lu/did-alex-and-justin-dating-13-reasons-why/

Wäert d’Hillary Clinton nach emol an d’Renne goen?

De Stephen Colbert kann sech net grad iwwert e Mangel

highest rated senior dating sites
https://moien.lu/did-alex-and-justin-dating-13-reasons-why/

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?

An dësem Quiz konzentréiere mer eis virun allem op d’Moler

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz
https://moien.lu/did-alex-and-justin-dating-13-reasons-why/

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz

De leschten Donneschdeg huet d‘Asbl Patiente Vertriedung säi Joresbericht fir

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir

Al Männer ouni Bezuch zur Géigewaart wonneren sech iwwert e Lach vun 2,5 Milliounen Euro

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir

De Verwaltungsrot vum Kierchefong, deen den 1. Mee 2018 am Kontext vun der „Trennung vu Kierch a Staat“ agefouert ginn ass, huet dëse 4. Juni en éischte Bilan presentéiert. E Bilan deen een dierf als exekrabel ëmschreiwen an Zweiwel iwwert d‘Handlungsfäegkeet an oder d‘Kompetenz zouléisst. Mee Kierchemänner sti bekanntlech iwwert dem weltlechen.

Esouwäit esou gutt, wann do net déi éiweg beschwueren „Transparenz“ permanent géif erugezu ginn, déi dësem Verwaltungsrot wierklech schéngt um Häerzen ze leien. Ze behaapten, si hätten alles virgeluecht wat sech op d‘Aktivitéite vum Fonds, déi finanziell Situatioun an den Ëmfang vum Patrimoine bezitt, muss op dëser Plaz bedauerlecherweis relativiséiert ginn.

De Kierchefong besëtzt eng 1.500 Hektar Land, déi haaptsächlech aus Bongerten a Wise géife bestoen. Wéi vill vun dëse Grondstécker schonn am Bauperimeter leien, respektiv vun deenen auszegoen ass, datt si an noer Zukunft an de Bauperimeter opgeholl ginn, dat erzielen se de Leit net, schliisslech besteet dofir keng Noutwennegkeet, esou den delegéierten Administrateur.

Bedauerlech och am Kontext vun der Transparenz, datt et wuel enorm vill Zuele gëtt op déi een als Journalist dierf zougräifen, mee wann een nom Gesamtwäert vum Patrimoine sicht, war et dat dann och schonn. El kéint een natierlech déi Gesamtfläch de Maartpräisser géinteniwwer setzen an esou zumindest eppes wéi e Mëttelwäert berechnen. Dat wier allerdéngs net professionell.

D‘Hand un de Portmonni leeën

Wéi et no laange Jore vum Protest a Widderstand endlech zur Trennung vu Kierch a Staat komm ass, ass net alles esou verlaf, wéi sech datt d‘Kierchemänner ënnert den CSV-Regierungen ausgemoolt hat. Si haten sech wiesentlech méi staatlech Zouwennungen erhofft an erwaart, kënnen sech aktuell awer net wierklech mat der neier Situatioun zefridde weisen.

Esou sinn d‘Bezuchsquelle séier genannt: de Gleewegen dee fräiwëlleg den Afferstack opfëllt ass wuel wichteg mee numeresch net an der Lag – hei kommen eng 15.000 Euro de Mount zesummen – déi finanziell Lächer ze stoppen. Da sinn do nach d‘Erträg aus der Gestioun vum Patrimoine, mat deenen den Defizit vu ronn 2,5 Milliounen Euro soll opgefaange ginn.

Zudeem gesäit sech de Kierchefong weder als Promoteur nach als Immobilienhändler. Et wier een eng Organisatioun déi geduecht wier de Patrimoine zesummenzehalen, firwat et och keng Roll géif spillen, wat dat ganz effektiv fir e Wäert huet. Zudeem géif et vill ze deier ginn, déi ganz Gidder bewäerten ze loossen. Et kéint dann och där Transparenz eppes ze vill sinn…

Präiswäert Wunnen erméiglechen

Gewosst ass dann awer datt vun de 486 Kierchegebaier elo 135 Immobilien dem Kierchefong gehéieren. (Déi aner Immobilië sinn an de Besëtz vun de Gemengen iwwergaangen). Et gëtt Konventioune mat 18 Gemengen an dräi Gebietshaiser sinn entweit ginn (Helperknapp, Zowaasch a Weyer). Donieft gëtt et natierlech nach den net gehellegte Patrimoine.

Laut dem Kierchefong setzt sech de materielle Besëtz folgendermoossen zesummen: 160 Gebaier mat deels konventionéiertem Wunnraum, 408 Hektar Bësch an dann déi als 1.500 Hektar Bongerten a Wisen deklaréiert Flächen, vun deenen net gewosst ass wéi eng Deel schonn am Bauperimeter geleeën ass a wéi eng Fläche kuerz- bis mëttelfristeg dra falen.

Interessant dann nach, datt de Kierchefong säit bestoen, 35 Wunneenheeten „geliwwert“ huet. Wäert vun der Operatioun 8,5 Milliounen Euro, vun deenen der 5,5 vum Logementsministère (also vum Steierzueler) gedroe goufen. 85 weider Eenheete sinn am bau an 250 Eenheete kéinten nach entstoen, wann d‘Etüd déi zur Zäit gemaach gëtt, datt hiergëtt.

Ähnlech Sujeten Defizit, Kierchefabricken, Kierchefong, Kierchemänner, Transparenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel