Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
Kultur Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung
Kultur Neiegkeeten

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

An der afghanescher Haaptstad Kabul hu gëschter islamistesch Attentäter eng

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60
Kultur Neiegkeeten

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60

Fir dem Client uerdentlech Déngschtleeschtunge bidden ze kënnen ass et

MamMuseeAndNatur – De Bësch a seng Bewunner spilleresch entdecken

MamMuseeAndNatur – De Bësch a seng Bewunner spilleresch entdecken
© Shari Pleimelding/moien.lu

No schwierege Méint wärend an nom Confinement freeën sech besonnesch d’Kanner nees erauszekommen. Mat einfache Mëttel huet d’Ekipp vum Naturmusée ee spannenden a léierräiche Parcours duerch de Bësch an d’Natur op d’Been gestallt, deen de Meedercher a Jongen aus de verschidde Maisons Relaisen weist, wat et dobaussen z’entdecke gëtt. Ënnert dem Numm „MamMuseeAndNatur“ war de wibbelege Grupp gëschter zu Rolleng ënnerwee.

Agedeelt a kleng Gruppen koum et als éischt zu enger lëschteger Kenneléier-Ronn. Wien eng Drëps vum spezielle „Schleekeschläim“ – keng Angscht, et war Desinfektiounsmëttel – an d’Hänn krut, deen duerft direkt der Animatrice säin Numm soen. Dobäi stoung bei den Aktivitéite vu gëschter, nieft der Natur a senge Bewunner, d’Seel am Virdergrond.

Domat gouf ënnert anerem eng Sonn zesummegestréckt, op där all Kand emol schwiewen duerft. Ma, am Laf vum Moien koumen déi rout Seeler ëmmer nees zum Asaz, beispillsweis fir eng Bréck iwwert d’Rollenger Baach ze bauen oder och e flotte Kloterparcours asazbereet ze maachen.

Natur

© Shari Pleimelding/moien.lu

En einfache Knuet ze léieren sollt net den eenzegen edukative Pluspunkt vum Parcours sinn. D’Rollenger Baach ass nämlech d’Heemecht vum Feiersalamander, iwwert deen d’Aline Fischer, geléiert Chemikerin an Animatrice vum Science Mobil, méi erzielt huet. Op spilleresch Aart a Weis kruten d’Kanner ënnert anerem bäibruecht, datt een dës Amphibienaart léiwer net upéckt, wouhier d’Déier säin Numm huet a wéi den Nowuess ausgesäit, lieft a sech weider entwéckelt.

Mat ganz vill Chance konnt souguer eng Larv vum Feiersalamander am rouege Waasser fonnt ginn. Virsiichteg konnten déi Kleng sech e Bild vum Déierchen maachen, seng Kiemen gesinn an en nees zeréck an d’Fräiheet entloossen.

Natur

© Shari Pleimelding/moien.lu

Natierlech duerft eng kleng Paus am sougenannten „Chill-Eck“ net feelen. Mat der Schmier an der Hänkmatt d’Geräischer vum Bësch op sech wierken ze loossen, kann dobäi zu enger spannender Erfarung fir Kleng a Grouss ginn.

Energie haten d’Kanner natierlech nach genuch. Esou hu si missen d’Aen ophalen a Géigestänn sichen, déi net an de Bësch gehéieren. Nodeems dës Aufgab erfollegräich gemeeschtert ginn ass, gouf mam Seel an dem Wëssen, wéi den entspriechende Knuet gemaach gëtt, nach iwwert e klenge Kloterparcours laanscht d’Beem balancéiert ginn. Mat engem breede Grinsen hu si all Sekonn genoss!

Natur

© Shari Pleimelding/moien.lu

D’Aktivitéiten, déi nach bis Enn August vum Naturmusée fir Maisons Relaisen proposéiert ginn, goufen speziell fir d’Summervakanz vun de Kanner entwéckelt. Natierlech gëtt sech strikt un déi sanitär Moossname gehalen. Déi verschidde Statioune ginn dobäi un d’Konditiounen am Bësch ugepasst. Mëtt nächste Mount ass d’Ekipp fir e puer Parcourse mat de Kanner am Stengeforter Bësch ënnerwee, ier et ofschléissend nach an de Parc Housen geet.

Do wënscht ee sech nach emol Kand ze sinn!

An dësem Kader proposéiert den Naturmusée och seng léierräich Videoen op YouTube. Thema si beispillsweis de Grasfräsch, d’Afebréck oder och d’Blomees.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu der Aktivitéit vum Naturmusée © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aktivitéit, Animatioun, Feiersalamander, Kloteren, Maison Relais, MamMuseeAndNatur, MNHN, Natur, Naturmusée, Parc Housen, Parcours, Rollenger Baach, Seel, Stengefort, Summervakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel