Search

You may also like

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen
Neiegkeeten

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen

Déi lescht Woch ass bekannt ginn, datt déi ecuadorianesch Regierung

Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!
Neiegkeeten

Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!

D’ADR hëlt zur Kenntnis, datt d’Regierung, elo mol bis zum

Ried zur Lag vun der Natioun: Vill Klima, wéineg Logement
Neiegkeeten

Ried zur Lag vun der Natioun: Vill Klima, wéineg Logement

Eise Premierminister Xavier Bettel (DP) huet, esou wéi mir et

Schonn Enn dës Jores mam Tram bis bei d’Gare – De François Bausch ass optimistesch

Gëschter huet de François Bausch, Vize-Premier a Minister fir Mobilitéit en ëffentlech Aarbechten, de Chantier vum Luxtram an der Stad Lëtzebuerg besicht. Dobäi konnt hie sech dovunner iwwerzeegen, datt een de Retard duerch de Confinement nees konnt ophuelen.

Vun der Sonnerreegelung an der Period vum Kollektivcongé huet ee wuel richteg profitéiert. D’Entreprisen konnten zuelräich Aarbechten verriichte an esou d’Verzögerungen, déi am Fréijoer duerch d’Zoumaache vun de Chantieren wéinst dem Ausbrieche vun der Coronakris provozéiert goufen, nees gutt maachen.

De Minister Bausch weist sech héchst erfreet iwwert d’Metamorphos, déi d’Stad Lëtzebuerg a virun allem d’Avenue de la Liberté erlieft. Dobäi weist hie sech optimistesch, datt d’Linn bis op d’Gare bis Enn des Jores soll fäerdeg sinn.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) François Bausch, Vize-Premier a Minister fir Mobilitéit en ëffentlech Aarbechten; Helge Dorstewitz,neien Directeur Lignes bei Luxtram S.A.; André von der Marck; Generaldirekter bei Luxtram S.A. © MMTP 

Related topics André von der Marck, Chantier, Ëffentlechen Transport, François Bausch, Gare, Helge Dorstewitz, Kollektivcongé, Linn, Luxtram S.A., Sonnerreegelung, Verbindung, Visitt
Next post Previous post