Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat soziaalt Europa kënnt virun
Neiegkeeten

Dat soziaalt Europa kënnt virun

Den 19. Februar ass et zu engem Accord tëscht dem

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert
Neiegkeeten

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert

Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi

money
Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen
Neiegkeeten

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

Et war e gewinnt kämpfereschen Toun, deen den ULC-President Nico

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet elo zesumme mat den Zoustännege vun der Administratioun vum Ponts et Chaussées d’Phase vum Chantier beim Pont Buchler presentéiert. D’Preparatioune vum Chantier, duerch den, den Tram bis bei d’Cloche d’Or fuere kann, hunn den 14. Januar 2019 ugefaangen

Dëse Chantier soll ee wichtegen Deel zur Mobilitéit am Grand-Duché bäidroen, wëll en eng Erhéijung vun den Transportkapazitéite garantéiert. De Pont Buchler wäert eng multimodal Bréck ginn, wou souwuel Foussgänger, wéi och Vélosfuerer, Busser, Autoen an den Tram passéiere kënnen. De Minister ënnersträicht weiderhin, datt de Pont Buchler de Startschoss vun der neier N3, déi d’Rue des Scillas mam Rangwee verbanne wäert, ass.

„Et handelt sech ëm ee komplexe Chantier. Et kann ee soen, datt et eng Operatioun um oppenen Häerzen ass am Zentrum vun der Haaptstad, mat Auswierkung op den Zuchverkéier“, sou de Minister.

Pont Buchler

(v.l.n.r.) François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ; Roland Fox, Administration vum Ponts et Chaussées © MMTP

Vir dem Tram den néidege Raum ze ginn an d’douce Mobilitéit ze fërderen, wäerten d’Aarbechten den 21. Januar mat der Vergréisserung vun der Ramp op der Säit vun der Stater Gare ufänken. An enger éischter Phas, am Februar a Mäerz, gëtt eng Partie vun der südlecher Fuerbunnplack ofgebaut, an am September an Oktober nees opgebaut, mam Zousaz vun enger metallescher Konstruktioun.

Wärend der zweeter Phas, am Juni a Juli 2020, gëtt d’Fuerbunn Nord ofgebaut, wouduerch verschidde Spuere vum CFL wärend der Nuecht an de Weekender ofgeschnidde sinn. Am Mäerz an Abrëll 2020 gëtt dann déi nei Konstruktioun opgebaut.

Zur Zäit vum Chantier wäerten d’Vëloen a Foussgänger duerch d’Rue de Mühlenweg ëmgeleet ginn. D’Zirkulatioun vum Bus gëtt weiderhin an zwou Richtunge garantéiert, och wann d’Busspuer verschwënnt. De motoriséierte Verkéier wäert bidirektional viru fueren, mat der Ausnam, datt eng Spuer a Richtung Bouneweg an d’Wendeméiglechkeet Richtung Rocade feele wäert.

No den Aarbechten op der neier N3 wäerten op der Route de Thionville Moossnamen zur Berouegung vum Trafic getraff ginn. D’Erweiderung vun der Bréck wäert 2 Joer daueren a gëtt vum Staat finanzéiert.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Robert Biel, Administration vum Ponts et Chaussées ; Roland Fox, Administration vum Ponts et Chaussées ;  François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten © MMTP

Ähnlech Sujeten Chantier, François Bausch, Pont Buchler, Tram, Transport, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel