Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht
International Neiegkeeten WTF

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer

Eng lieweg Konscht eruewert Lëtzebuerg
International Neiegkeeten WTF

Eng lieweg Konscht eruewert Lëtzebuerg

De leschte Weekend am Zeeche vum Tattoo, datt op mannst

dislike
Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht
International Neiegkeeten WTF

Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht

Den iranesche President Hassan Rouhani huet um Dënschdeg d’Iddi vun

surprise

Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet

Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet

Haut ass et esou wäit! Den Donald Trump hält seng éischt Ried op der UN-Vollversammlung an d‘Welt hält den Otem un. Den amerikanesche President dierft mat Sécherheet säin „Amerika First“ héich halen.

Ee vum Trump senge Beroder – deen awer net wëll ernimmt ginn – huet verroden, datt den Trump sech de „Regime wëll unhuelen déi d‘Stabilitéit an de Weltfridde bedreeën“. Domatter si ganz kloer Nordkorea an den Iran gemengt, zwee Länner déi net grad am President senger Gonscht stinn.

„Virsänger vum ‚America first‘ dierft den Donald Trump seng Preferenze bestätegen. Sengem Elektorat weise wou seng Prioritéite sinn. An dat dierfte bestëmmt net déi sinn, déi d‘international Communautéit virgëtt oder fuerdert“, esou de Resumé vum Alessandra Novosseloff, Fuerscherin vum International Peace Institute zu New York.

Et ass dovunner auszegoen, datt den amerikanesche President wäert ënnersträichen, datt d‘Länner mussen hiren Interesse fräi an ouni Behënnerung nokomme kënnen. Eng Linn déi vun den Unhänger vum Multilateralismus, zu deenen den Emmanuel Macron gehéiert, net matgedroe gëtt.

Eng Premiere fir den Trump an de Macron

D‘Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen, déi 193 Länner als Memberen huet, kënnt dann elo och an de Genoss d‘Opsteiger um Riednerpult ze gesinn. De Macron an den Trump haten awer schonn um Méindeg Geleeënheet sech ze gesinn an hu Frëndlechkeeten ausgetosch.

„Hie mécht eng super Aarbecht a Frankräich“ an „hien huet déi gréisste Wahlvictoire vun allen Zäite kritt“, esou den Trump, dee säi Wësse fir fundéiert hält. „Mir hu villes gemeng an d‘Stäerkt vun eiser Relatioun ass, datt mir eis alles soen“, esou d‘Äntwert vum Macron.

De Macron dierft awer bei senger Interventioun drop halen, datt déi international Accorden erhale bleiwen. Vill vun dësen Accorde goufen no haarde Kämpf a laangen Diskussiounen zum Wuel vun der internationaler Communautéit getraff. Dat ass beispillsweis de Fall beim nuklearen Accord mam Iran aus dem Joer 2015. Ee vun den Accorden déi vum amerikanesche President a Fro gestallt ginn.

Et hat zwielef laang Joer gedauert an ongezielten Entrevue ginn, bis den Accord, deen eng friddlech Notzung vum Atom duerch den Iran reegelt, ënner Dach war. Mam Accord sinn dann och schrëttweis d‘Sanktiounen, déi Teheran belaascht hunn, opgehuewe ginn

Gemauschels an de Kulissen

D‘Experte ginn dovunner aus, datt de franséische President och op d‘Eenheet vum UN-Sécherheetsrot muss agoen. Dat am Hibléck op d‘Gestioun vun de Krisen an der Welt, hei virrangeg d‘Problemer déi aktuell vu Nordkorea ausginn. An dësem Fall war sech de Rot, mat de Stëmme vu China a Russland, bis ewell eens.

Paräis gesäit dann och heiranner de Beweis, datt eng multilateral Approche néideg ass. Am Elysée fillt ee sech anscheinend wuel, als Vermëttler tëscht den USA mat sengem éiwegen Alliéierte Groussbritannien, an deenen aneren Zwee (China a Russland) am Club vun de fënnef Permanenten ze agéieren.

Mee iwwert den theatraleschen Aspekt vun der Politik ewech, deen um UN-Riednerpult déi grouss Roll wäert spillen, dierften d‘USA a Frankräich méi verbonne sinn wéi dat den Uschäin ka kréien.

„Mir sinn eis a vill Punkten eens“, huet de Macron um Méindeg betount. „Bei all eenzele vun de Sujete muss een d‘Amerikaner siche goen an se dozou beweege multilateral matzespillen. All Kéiers op e neits a Schratt fir Schratt iwwerzeegen d‘Accorden ze wierdegen“, preziséiert déi franséisch Presidence.

Et gëtt eng laang Woch

Fir d‘Alessandra Novosseloff ass den Donald Trump an de Kulisse méi flexibel wéi an der Ëffentlechkeet. Zu der Reform vun de Vereenten Natiounen: „hien diskutéiert… d‘USA awer bezuele weider hiren Deel an ënnerstëtzen d‘UNO a sengem ganzen. Si ënnerhale sech mat hire Partner iwwer Nordkorea, a wat de Klima betrëfft, do kommen se net viru fënnef Joer aus dem Vertrag“.

Zum Ofkommes mam Iran huet Frankräich d‘Méiglechkeet vun engem „Zousaz“ abruecht. Un deem kéinten d‘Signataire schaffe fir d‘Zukunft no 2025 ze definéieren. Et géif och den USA eng méiglech Sortie méi liicht maachen.

Ënnert de weidere Länner déi um Dënschdeg déi laang Woch op der UNO mat Riede fëlle wäerten, si Brasilien, Guinea, Nigeria, Kolumbien, Katar, Tierkei, Israel, Mali, Egypten an Afghanistan. Déi russesch a chinesesch Presidente sinn dëst Joer anerwäerts beschäftegt.

Parallel zu de ville Rieden, si vill Reunioune virgesinn. Hei ginn eng ganz Rei Theme behandelt: Klima, modern Sklaverei, Zentralafrika… Wéi gewinnt, ass d‘Generalversammlung och eng gutt Geleeënheet fir bilateral Gespréicher ze féieren. Déi gi gréisstendeels um Sëtz vun de Vereenten Natioune gefouert, mee och schonn emol an de ganz héichklassegen Hoteller vu Big Apple.

mam Andrew Beatty, Laurence Benhamou/AFP

Foto: Dem Donald Trump säin éischte Besuch bei der UN-Vollversammlung. Seng russesch a chinesesch Kollegen hunn et virgezunn dat aus der Distanz ze verfollegen. (© Brendan Smialowski/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Emmanuel Macron, Frankräich, UN-Generalversammlung, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel