Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn
Neiegkeeten

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn

De spuenesche Riichter, deen sech mat der Enquête zur versichter

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“

Dës Powerfra ass eent vun de wéinege weiblechen Idoler an

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien
Neiegkeeten

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien

Fir déi grenziwwerschreident Kooperatioun zum Schutz vum Waasser a Wallounien

Mam Vëlo duerch den Naturpark: Naturpark³ Cycling

E Vëlos-Tour duerch d’Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall

Mam Vëlo duerch den Naturpark: Naturpark³ Cycling

Dëse Samschdeg, de 15. Juni 2019, luet Sport 4 All op en aussergewéinleche Vëlos-Tour an. Gemeinsam mat den dräi Lëtzebuerger Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall wëll een déi schéin a villfälteg Landschaften op véier verschiddene Parcourse vum Vëlos-Tour “Naturpark³ Cycling” weisen.

Dobäi huet een d’Wiel tëscht véier verschidde Weeër mat ënnerschiddlecher Längt: 50, 80, 120 oder 160 km. D’Umeldung ass ab 07:00 Auer beim Sportzenter Lëlz am Naturpark Uewersauer, wou gläichzäiteg den Depart vun deene véier Vëlos-Weeër ass. Et kann ee mat all Zort Vëlo matfueren, och E-Bikes sinn zougelooss.

“Green Cycling”

De Vëlos-Tour “Naturpark³ Cycling” ënnerscheet sech net nëmmen hisiichtlech senger Streck vun anere Vëlossport-Offeren, ma e verfollegt ausserdeem e Konzept vun Nohaltegkeet. Sou gëtt beispillsweis bei de Statiounen op Liewensmëttelverpackungen a beim Gedrénks op Eewee-Plastiksfläsche verzicht. Doriwwer hinaus sinn all d’Produkter, déi un de Stänn ugebuede ginn, vu lokale Produzenten.

Des Weidere gëtt all Participant dozou opgefuerdert, säi Knascht an der Täsch oder am Rucksak ze behalen, bis datt en op enge vun de Versuergungsstatiounen ass. Op dëse kann ee säin Offall dann aktiv trennen.

Als kuerzfristegt Zil wëll ee mat dësem Evenement de Label “Green Cycling” kréien, deen international unerkannt ass.

En éischte Bléck op d’Strecke kënnt dir hei werfen.

Méi Informatiounen op Naturpark3Cycling.lu.

Iwwerbléck & praktesch Informatiounen

Wat? Naturpark³ Cycling
Wéini? E Samschdeg, de 15. Juni 2019 vun 07:00 bis 18:00 Auer
Wou? Start am Sportzenter Lëlz (an der Driicht L-9666 Lëlz)
Startzäiten?
– 50 km – tëscht 07:00 an 11:00 Auer
– 80 km – tëscht 07:00 an 10:00 Auer
– 120 km – tëscht 07:00 an 09:00 Auer
– 160 km – tëscht 07:00 an 08:00 Auer
Veranstalter? Sport 4 All an d’Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall
Präis?
– 50 km – 5 €
– 80 km – 8 €
– 120 km – 12 €
– 160 km – 16 €

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Naturpark Mëllerdall, Naturpark Our, Naturpark Uewersauer, Naturpark3 Cycling, Sport 4 All, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel