Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eise Militärsatellit GovSat-1 ass elo prett fir den Asaz
Kultur Neiegkeeten

Eise Militärsatellit GovSat-1 ass elo prett fir den Asaz

De lëtzebuergesche Militärsatellit GovSat-1, deen den 31. Januar erfollegräich an

money
Den Donald Trump besteiert den Import vum Stol an Aluminium
Kultur Neiegkeeten

Den Donald Trump besteiert den Import vum Stol an Aluminium

D‘Ukënnegung vum US-President, ab e Méindeg den Import vu Stol

Grouwebrand zu Zowaasch
Kultur Neiegkeeten

Grouwebrand zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matgedeelt huet, hat e Méindeg Virmëtteg an

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!

Et gëtt elo déi 12. Editioun vun der traditioneller Aktioun vum Verkéiersbond mam Numm „Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul“. Vum 15. Mee bis den 31. Juli 2019 gitt Dir gebieden, Iech mam Drotiesel virun ze beweegen, woubäi d’Cyclisten sech op alle Fall fir de Concours androe sollten!

An dësem Kader stellt de Verkéiersbond dann och säin Internetsite www.mvos.lu am ganz neie Look vir. Ab elo ass d’Gestioun vum eegene Profil vill méi einfach, sou wéi och den Import vun Donnéeën. Donieft ass beispillsweis d’Optioun eng ëffentlech Ekipp ze grënnen eng vu villen neien Funktiounen.

Sief et elo d’Verlangen no enger Erausfuerderung, de Wëllen d’Gesondheet ze verbesseren, de Stress ze reduzéieren, méi onofhängeg ze sinn oder och d’Zäregasemissiounen ze verréngeren, et ginn einfach dausende Grënn den Auto doheem ze loossen a sech mam Vëlo fortzebeweegen. De Prinzip vun „MVOS2019 ass dobäi ganz einfach: Fuert wärend der Aktioun op mannst wärend 15 Deeg mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul.

Soubal Dir fir de Concours agedroe sidd an dës Conditioun mat der Zäit erfëllt kënnt Dir mat e bësse Chance Präisser am Gesamtwäert vu 16.000 € gewannen. D’Haaptpräisser sinn zwee Vëloen: een „Dual Sport 4“ vun TREK mat engem Beliichtungskit vun engem Gesamtwäert vun 2.540 €, offréiert vun Andy Schlech Cycles, an een „Tubro Levo Hardtail 29“ vu Specialized mat engem Gesamtwäert vun 2.449 €, offréiert vun S-Cape.

Beim Concours geet et an éischter Linn drëm, einfach matzemaachen, amplaz eng grouss Performance hinzeleeën. D’Unzuel u Kilometer dréit net zur Gewënnchance bäi!

Opmaacherbild: MVOS 2019 © Christof Weber

Ähnlech Sujeten Concours, Mam Vëlo op d'Schaff, MVOS, Verkéiersbond
Nächsten Artikel Virrechten Artikel