Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
Neiegkeeten Sport

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer

De Summer näipt sech sengem Enn zou, a vill Vakanz

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)
Neiegkeeten Sport

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)

Um Méindegmueren hat den ieweschte Geriichtshaff zu Madrid géint néng

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess
Neiegkeeten Sport

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess

Déi Lëtzebuerger Mëllechbaueren erliewen op e neits eng Kris, a

Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad um 17. September 2020

Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad um 17. September 2020

Fir op de Vëlo als Verkéiersmëttel am Alldag opmierksam ze maachen, souguer op e bësse méi laangen Distanzen, luet ProVelo (LVI) och dëst Joer, am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, dozou an zesummen d’Streck vun der Mierscher Gare bis op de Knuedler an der Stad Lëtzebuerg zeréckzeleeën.

Notzt d’Geleeënheet a schléisst Iech eis un fir um Donneschdeg, de 17. September zesummen op d’Aarbecht ze radelen. Loosst eis weisen, datt de Vëlo am Alldag seng Plaz huet!

Mir fueren iwwert déi béid national Vëlospisten PC1 a PC15, iwwert eng Distanz vun 20 km. Dir kënnt selbstverständlech un all Punkt vun der Streck dobäi stoussen.

Hei d’Streck a weider Informatiounen:

  • Start: Mierscher Gare um 6:45 Auer
  • Gare Lëntgen géint 7:00 Auer
  • Luerenzweiler (Nei Aarbecht) géint 7:15 Auer
  • Walfer (Centre Prince Henri) géint 7:35 Auer
  • Knuedler géint 8:15 Auer

Vëlo

Bei der Arrivé offréiert d’Stad Lëtzebuerg alle Participante Kaffi a Croissanten.

Ähnlech Sujeten Douce Mobilitéit, Europäesch Mobilitéitswoch, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, LVI, Mam Vëlo vu Miersch an d'Stad, PC1, PC15, Transportsmëttel, Vëlospist
Nächsten Artikel Virrechten Artikel