Search

You may also like

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare
Kultur Neiegkeeten

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

Um 5. Januar huet sech de Regierungsrot fir den Ausbau

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère
Kultur Neiegkeeten

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère

Um 20. Juni huet den Étienne Schneider, Vize-Premierminister a Gesondheetsminister,

Britten dreiwen d‘EU un de Rand vum Wahnsinn
Kultur Neiegkeeten

Britten dreiwen d‘EU un de Rand vum Wahnsinn

De Boris „King of the World“ Johnson hat Bréissel en

Mamer Autokino in Concert – vum 20. bis 23. Juni 2020!

Mamer Autokino in Concert – vum 20. bis 23. Juni 2020!

Ronderëm Nationalfeierdag erwaart Iech zu Capellen, um Parking vum Bauhaus eng Rei vu musikalesche Knippercher. Ënnert dem Numm „Mamer Autokino in Concert“ invitéiert d’Gemeng Mamer, mat der Ënnerstëtzung vun der Kulturkommissioun, iwwert 4 Deeg op fantastesch Autoconcerten.

Lass ginn d’Mamer Autoconcerts um 20. Juni mam Loona, der Partykinnigin Mia Julia zesumme mam Frenzy, Schokkverliebt a Sabbotage sou wéi de Lëtzebuerger Partykinnigen HoffiZambezi. Party pur ass am eegenen Auto ugesot!

Um 21. Juni stinn Lëtzebuerger Newcomer a Singer-Songwriter am Fokus. Mat Seed To Tree als Headliner, sou wéi sechs weidere jonke Band aus der lokaler Zeen steet de ganzen Dag am Zeeche vu Music made in Luxembourg.

Fir e bëssen d’Gefill vun de Virowend-Fester vun Nationalfeierdag ze kréien, fänkt um 22. Juni ab 20:00 Auer eng grouss Party mam DJ Dee, Under Pressure an de Providers statt.

Den Ofschloss maachen um 23. Juni sechs Lëtzebuerger Bands, déi hir Texter just op Lëtzebuergesch schreiwen a sangen. Fir d’Folk- a Rockband Schëppe 7 wäert den Optrëtt ganz besonnesch ginn: De beléifte Grupp presentéiert un dësem Owend seng nei CD Looss alles zréck.

Alles am Detail

Wéi och beim Autokino kënnt den Toun vum Radio am eegenen Gefier. Duerch eng leeschtungsfäeg Senderantenn kënnt den Toun glaskloer eriwwer. Wat op der Bühn geschitt, kritt Dir iwwert live Opnamen vu 4 Kamerae mat, déi op 100 Quadratmeter grousse Bildschiermer iwwerdroen. Nieft Food Trucks an enger Cocktail-Bar feelt et elo just nach u super Stëmmung vun Iech!

Ticketen ginn et fir 30 € pro Auto (d’Zuel vun Insassen spillt keng Roll) ënnert www.mamer.lu/autoconcert.

Related topics Autoconcert, Autokino, Bauhaus-Parking, Capellen, Loona, Mamer, Mia Julia, Nationalfeierdag, Party, Schëppe Siwen, Seed To Tree
Next post Previous post