Search

You may also like

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss
Kultur Neiegkeeten

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss

De republikanesche Projet fir d’Reforme vun der Krankekeess, ass ee

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 4. Oktober 2020
Kultur Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 4. Oktober 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

75.000 Gäscht um WOA
Kultur Neiegkeeten

75.000 Gäscht um WOA

Gëschter war de Startschoss vum 30. Wacken „Rock‘n Fuck‘n Roll“

Mamer Theater Container – E Mount Kultur ënnert fräiem Himmel

Mamer Theater Container – E Mount Kultur ënnert fräiem Himmel

Nom immense Succès vum Autokino a Concerts on Wheels presentéiert d’Gemeng Mamer elo säi Fräiliichttheater. Wärend engem Mount fannen am Kader vum Mamer Theater Container zuelräich Spektakele fir Grouss a Kleng ënnert fräiem Himmel statt.

Am Haff vum Mamer Jugendhaus (24, rue du Marché) gëtt am Mount August beispillsweis d’Mäerche vum Däumelichen nei interpretéiert, bekannte Wierker an Eegekompositiounen am Jazz vum Trio Ley-Payfert-Öztürk presentéiert oder och dem Koltès säi bekanntste Wierk an enger Versioun mat Dealer a Client opgefouert.

De Programm

  • D’Gespenster vum Fëschmaart (fir Kanner)
    Eng ganz nei Geschicht vum Bimbotheater
    Den 2. August 2020 um 10:30 an 16:00 Auer

    E Geeschter-Hond dreift um Fëschmaart an an der Alstad säin Onwiesen. An da leeft op emol och nach eng onheemlech Fra, ganz a wäiss gekleet, iwwert d’Festungsmaueren! Dëst ass e Fall fir de Professer Wiltheim. Kann hie mat Hëllef vum Bimbo an senge Kollegen dëse Mysterium léisen?
    Dauer: ca. 45 Minutten
    Den Entrée ass gratis – Sëtzplazreservéierung obligatoresch (Tel. 31 00 31-33)


  • Nino Sopranino (fir Kanner)
    E Musical interpretéiert vu Saxitude
    Den 9. August 2020 um 10:30 Auer

    Mat verschidde musikalesche Stiler, déi vum Jazz iwwert de Funk, bis hin zum Rock a Pop reechen, gëtt op eng eenzegaarteg Manéier d’Famill vun de Saxophone presentéiert.
    Dauer: ca. 50 Minutten
    Den Entrée ass gratis – Sëtzplazreservéierung obligatoresch (Tel. 31 00 31-33)


  • Däumelinchen (fir Kanner)
    Dem Hans Christian Andersen seng Geschicht, nei interpretéiert vum Annick Sinner
    Den 9. August 2020 um 16:00 Auer

    Erzielt gëtt d’Geschicht vun engem klenge Meedchen, dat net méi grouss wéi en Domm ginn ass. Dëst Meedchen gouf vu jidderengem Däumelinchen genannt. Wat d’Däumelinchen alles an der Natur erlieft huet, a wéi engen Déieren hatt begéint ass, dat erzielen Iech elo meng hëlze Biller…
    Dauer: ca. 60 Minutten
    Den Entrée ass gratis – Sëtzplazreservéierung obligatoresch (Tel. 31 00 31-33)


  • Die schöne Müllerin (fir Kanner)
    Absurd Alldagspoesie vum Ensembel Koplabunz
    Den 16. August 2020 um 10:30 Auer

    E jonke Mëllergesell ass op Wanderschaft. Eng rauschend Baach lackelt hien un a féiert e schliisslech bei eng Millen, wou hie sech an d’Duechter vu sengem neie Meeschter verléift. Mee wéi ëmmer ass déi Saach mat der Léift net esou einfach. D’Baach ass dobäi eng zentral Figur.
    Dauer: ca. 50 Minutten
    Den Entrée ass gratis – Sëtzplazreservéierung obligatoresch (Tel. 31 00 31-33)


  • Free Spirit Songs
    En Ausdrock vu Léift zum Jazz mam Trio Ley-Payfert-Öztürk
    De 17. August 2020 um 20:00 Auer
    Den 18. August 2020 um 20:00 Auer
    Den 19. August 2020 um 20:00 Auer

    An intimem Kader interpretéiert d’Sängerin Sascha Ley, zesumme mat senge franséische Kollegen Murat Öztürk a Laurent Payfert eng beweegend Mëschung aus Standarts an Eegekompositiounen ëm d’Themen vun der Fräiheet an der Emanzipatioun.
    Dauer: ca. 70 Minutten
    Entrée: 10 €


  • In der Einsamkeit der Baumwollfelder
    Dem Bernard-Marie Koltès säi Wierk an der Versioun mat Dealer a Client
    Den 21. August 2020 um 20:00 Auer (Première)
    De 24. August 2020 um 20:00 Auer
    De 25. August 2020 um 20:00 Auer
    De 26. August 2020 um 20:00 Auer
    De 27. August 2020 um 20:00 Auer

    Dat bekanntst a meescht opgefouert Theaterstéck vum franséischen Dramatiker Koltès entluet sech a Sprooch a physesche Konfrontatiounen tëscht dem Dealer, engem Aussesäiter an engem vermeintleche Client.
    Dauer: ca. 80 Minutten
    Entrée: 10 €


  • love, death and polar bears
    D’One-Woman-Show vum Catherine Elsen
    Den 28. August 2020 um 20:00 Auer
    Den 29. August 2020 um 20:00 Auer
    Den 30. August 2020 um 10:30 Auer
    Äisbieren erdrénken, alternativ Fakte an déi global Politik huelen eis den Otem. Dobäi steiere mir op eng Apokalyps duer, déi keen gesinn an akzeptéiere well. Beschäftegt mat eis selwer, vergiesse mir, wat Empathie ass. Dës Mëschung aus Pop Songs, Poesie, Humor a Performance ass fir all déijéineg, déi mat der Konscht duerch ausgedréchent Landschaften an eis erkaalte Welt reese wëllen.
    Dauer: ca. 55 Minutten
    Entrée: 10 €


Weider Informatiounen

Am Kader vum Mamer Theater Container gëtt sech strikt un déi sanitär Reegele gehalen. Fir all Spektakel mussen dofir d’Sëtzplazen am viraus reservéiert ginn.

D’Virféierunge fir Kanner si gratis, d’Plaz soll iwwert d’Telefonsnummer 31 00 31-33 beluecht ginn. All aner Ticketen kann een iwwert www.luxembourg-ticket.lu oder d’Telefonsnummer 47 08 95-1 kafen.

Méi Detailer ginn et ënnert www.mamer.lu/theatercontainer.

Related topics Annick Sinner, Bimbotheater, Catherine Elsen, D'Gespenster vum Fëschmaart, Däumelinchen, death and polar bears, Die schöne Müllerin, Fräiliichtheater, Free Spirit Songs, In der Einsamkeit der Baumwollfelder, Jazz, Jugendhaus, love, Mamer Theater Container, Musical, Nino Sopranino, Sascha Ley, Saxitude
Next post Previous post