Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar
Kultur Neiegkeeten

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar

E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar –

Eng Lektioun fir de Juncker
Kultur Neiegkeeten

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt

money
+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!
Kultur Neiegkeeten

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee

Mamma, ech kann net schlofen …

Sechs Kannerbuch-Propositiounen fir Iech

Mamma, ech kann net schlofen …

Och wann eis Kanner de Confinement besser ewech stiechen ewéi geduecht, si hunn sensibel Antennen. Si spieren eis Suergen an Ängschten – an huelen se mat an de Schlof. Si sinn onroueg, wenzelen sech hin an hir. Wëlle mat Mamma a Pappa kuschelen a villäicht nach eng Geschicht virgelies kréien. Dës Elterenzäit sollen se onbedéngt kréien! Ech kann näischt un der Pandemie änneren, ma ech kann dofir suergen, dass et menge Kanner a mir esou gutt ewéi méiglech geet.

Hei sinn eng Rëtsch Kannerbicher, déi Schlof, Dreem an Zäit thematiséieren:

Nach fënnef Minutten

Nach fënnef Minutte léiert eis Elteren en A op d’Zäitgefill ze hunn, de Pappa an der Geschicht schéngt dat net ze verstoen, ma dofir ass säi klenge Fiisschen do. Hien ass gewëtzt. E weist dem Pappa – an och eis de Lieser, wat genee Zäit ass. A wéi een domat ëmgoe sollt. Méi gedëlleg. D’Zäit huet vill Gesiichter, se ka kuerz sinn. Laang sinn. Ma, a fënnef Minutte sinn net ëmmer fënnef Minutten!
Méi dozou op www.kannerbuch.lu.

Schlof

Nach fënnef Minutten © Jessica Mersch / Bichergeck

Ech fäerten dach keng Albdreem

Och wann d’Illustratiounen e bësse grujeleg sinn – dëst Buch ass perfekt fir eise Kanner z’erklären, wat Albdreem sinn. Wouhier si kommen an duerch wat si ausgeléist ginn. An natierlech och, wéi een domat ëmgoe kann, den Text inspiréiert. Wa mir se bis verstoen, kënnen d’Dreem souguer fir Kreativitéit suergen. Super!
Méi dozou op www.perspektiv.lu.

Schlof

Ech fäerten dach keng Albdreem © Jessica Mersch / Bichergeck

D’Lizzie kann net schlofen

D’Lizzie kann net schlofen – an dat obwuel hatt déi lëschtegst Gutt-Nuecht-Geschichte vun der Bauerefra erzielt kritt. Hatt ass einfach net midd. Wat maachen? Sport? En Tour trëppelen? No de Schwäi kucken? Nee, näischt hëlleft … Hatt denkt no. Ass et, well hatt eleng ass? Op der Sich no Gesellschaft kënnt hatt op topeg a lëschteg Iddien. Mä fënnt hatt de Schlof? Oder ass seng Sich fir d’Kaz?
Méi dozou op www.perspektiv.lu.

Schlof

D’Lizzie kann net schlofen © Jessica Mersch / Bichergeck

Wat ass da mam Mound lass?

D’Pabeierschlaang rifft no Hëllef – jidderee wëll schlofen, mä de Mound ass verschwonnen. Wou ass en nëmmen hin? D’Sich geet iwwer Bierg an Dall, Déieren, d’Joffer Téitaass, e Sonneléiw, e Glacekuchmännchen a sou munch aner Figuren hëllefen de Mound erëmzefannen. Wéi e Lidd léisst e erëm um Himmel blénken? Et ass eng magesch Geschicht, e klengt Mäerchen. A gouf vum Henri Losch an d’Lëtzebuergesch iwwersat.
Méi dozou op www.editionsguybinsfeld.lu.

Schlof

Wat ass da mam Mound lass? © Jessica Mersch / Bichergeck

Nach eng kleng Geschicht – an da séier an d’Bett!

Dat Bescht kënnt zum Schluss, och wat hu mir eis ameséiert. Souguer mäi Jong vu 17 Joer huet sech matrappe gelooss. Ech hunn d’Stëmmen an d’Geräischer imitéiert, ech war voll a mengem Element. Villäicht ass d’Buch grad dofir perfekt! Virum Schlofe goen häerzhaft laachen a Plaz fir Gléck schafen. D’Marion muss eng Geschicht erzielen, ma d’Meedercher kréien es net genuch, et ginn dräi Geschichten. An déi sinn et derwäert. Et stécht immens vill Kreativitéit ob all Säit, et ass e Genoss! Loosst Iech verzauberen – an da séier an d’Bett!
Méi dozou op kremart.lu.

Schlof

Nach eng kleng Geschicht – an da séier an d’Bett! © Jessica Mersch / Bichergeck

A well mir am Confinement feststiechen, hunn ech nach dëst Buch fir Iech:

Doheem sinn ech, wou mäin Häerz schléit

De klenge Roboter gëtt an engem Bësch wakereg, et ass kloer, dass dat net säin Doheem ass. D’Déiere sinn net enchantéiert iwwert den neie Bewunner, si fäerten dass en de schéine Bësch futti mécht. Ma si arrangéieren sech awer mat ëm. Mat der Zäit léieren si sech géigesäiteg kennen. Si hëllefen sech. Hu sech gär. Si ginn eng Famill. Well et ass ganz egal wouhier s de kënns – Doheem bass de, wou däin Häerz schléit.
Méi dozou op www.editionsphi.lu.

Schlof

Doheem sinn ech, wou mäin Häerz schléit © Jessica Mersch / Bichergeck

D’Moral vun der Geschicht – gitt uerdentlech mat eisem Planéit ëm. Akzeptéiert och Mënschen oder Usiichten déi anescht sinn. Sidd tolerant!

Passt op Iech op!

Opmaacherfoto: © Annie Spratt / Unsplash

Ähnlech Sujeten Confinement, D'Lizzie kann net schlofen, Doheem sinn ech, Ech fäerten dach keng Albdreem, Editions Guy Binsfeld, Editions Phi, Kannerbuch, Kremart Edition, Liesen, Literatur, Nach eng kleng Geschicht - an da séier an d'Bett!, Nach fënnef Minutten, Perspektiv Editions, Presentatioun, Schlof, Wat ass da mam Mound lass?, wou mäin Häerz schléit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel