Search

You may also like

E gréngen Ostdeputéierte fir de Logement?
Kultur Neiegkeeten

E gréngen Ostdeputéierte fir de Logement?

Bestätegt ass et wuel nach net, mee den neie Vizepremier

Stockcar: Tornado Hamm Meeschter, Sascha Wiesen Champion
Kultur Neiegkeeten

Stockcar: Tornado Hamm Meeschter, Sascha Wiesen Champion

Um Sonndeg ass um flotten Hellenger Circuit de finale Meeschterschaftslaf

Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart

An enger laanger Sëtzung huet de franséische Premierminister Edouard Philippe

Mamma, liese mir e Buch?

Mamma, liese mir e Buch?

Ewéi den Educatiounsminister confirméiert huet, dass d’Schoulen nach bis de 4te Mee zou sinn, ass mir d’Häerz an d’Box gerutscht? An elo? Ewéi laang kréien ech mäi Kand nach bei Laun gehalen? Gëschter wollt hatt zum Beispill d’Kazekëscht propper maachen a Memory mat eenzele Strëmp spillen.

Hatt kritt fënnef Joer. Iwwert d’Haba Pärele freet de Staubsauger sech méi wéi dat Klengt, Origami bastelen ass flott, ma nawell schlecht fir d’Gedold. De Plastilinn gesäit net méi schéin aus, d’Faarwe sinn ze vill vermëscht. An eng Arméi vu plakegen Toilettepabeierrulloe waart ongedëlleg drop vun eis a flott Déiere verwandelt ze ginn, mä eis feelt d’Motivatioun.

De Moment hu mir eng Liesphas, stierzen eis vun enger Welt an déi nächst. Dës 2 Bicher halen eis bei Laun, a se ginn och no widderhueltem Liesen net langweileg.

De Wëlle leeft am Bësch ass bei den Editions Schortgen erauskomm. Am faszinantsten un der Geschicht sinn d’lëtzebuergesch Spréchwierder, déi bei munche vun eis a Vergiessenheet gerode sinn. Et mécht Spaass eis Sprooch nei z’entdecken a mat ze rätselen.

Mamma

D’Autorinnen hunn och eng Facebooksäit wou se allerlee Aktivitéiten a Spiller fir eis Kanner ubidden, mir hate scho Freed domat. Op Nofro firwat de Spill a Spaass ugebuede gëtt, krut ech dës Äntwert:

Wéi donneschdes ugekënnegt ginn ass, d’Schoule géingen zoumaachen, ware mir wéi déi meescht fir d’éischt mol erféiert. Obwuel sou Rumeure vun Dag zu Dag zougeholl hunn a mir eis déi Noriicht u sech schonn erwaart hunn, war et am éischte Moment eng ganz komesch Situatioun.

Zimmlech séier ass du bei eis de Wonsch opkomm, op iergendeng Aart a Weis ze hëllefen.

An esou ass dunn d’Iddi vun den Aktivitéiten entstan. Mir erhoffen eis dobäi d’Elteren e bësse beim Dagesoflaf mat hire Kanner ënnerstëtzen ze kënnen.
Sou vill Leit wuessen aktuell iwwert sech eraus a leeschten immens vill zum Notze vun eis all an deene kenne mir fir hiren Asaz net genuch Merci soen. Mä vläicht kënne mir op dës Aart a Weis e mini-butzege Brochdeel dozou bäidroen dass d’Famillen doheem dat Bescht aus der aktueller Situatioun maache kënnen.

An der Vakanz schrauwe mir allerdéngs eis Aktivitéiten allerdéngs zeréck, well mir un enger ganz zäitopwänneger Aktivitéit schaffen. Wat dat ass, verrode mir allerdéngs nach net.“

https://www.facebook.com/DeWelleleeftamBesch/

Als grousse Beatles-Fan duerft dës Buch vun de PersPektiv Editions natierlech net a mengem Bicherregal feelen: De magesche Kompass

Mir hunn eis gäre vum Paul McCartney an eng aner Welt entféiere gelooss, se war voller Zauberei. De Pätter erlieft mat sengen Enkelkanner opreegend Erliefnisser, ënnert anerem, Fësch déi fléien. D’Buch ass gelongen, mäi Meedche kritt net genuch dervun, et gëtt vill z’entdecken. Eng Fantasierees, déi Spaass mécht a géint Langweil hëlleft.

Mamma
Nach e lescht Wuert zu eise Kanner – Respekt! Och si sinn Helden. Si erdroen de ganze Confinement ouni ze vill Froen ze stellen. Si akzeptéieren et besser ewéi mir. Wat maache mir, wa mir nees eraus däerfen? Mir hunn elo e Wonschglas agefouert, schreiwen eis Wënsch a Virstellungen op a kucke wéi mir dat opgeschafft kréien. Ech freeë mech drop!

Wéi meng Teenager mat der Situatioun (a mat eis Elteren) ëmginn, erzielen ech Iech déi nächste Kéier…

Titelbild: © Paul Hanaoka /unsplash

Déi Bicher déi ech Iech elo virgestallt hunn, kënnt Dir online iwwert Librairien oder direkt iwwert de Verlag selwer bestellen.

Related topics Bicher, Editions Schortgen, Kannerbicher, Liesen, Perspektiv Editions
Next post Previous post