Search

You may also like

dislike
Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?
Kultur Neiegkeeten

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir

ACL: Sécher duerch de Wanter!
Kultur Neiegkeeten

ACL: Sécher duerch de Wanter!

Och an dësem Joer lancéiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) seng

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur
Kultur Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Patronat a Gewerkschafte ginn sech beim Ausschaffe vum Kollektivvertrag vun

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521

Déi geplangt Familljevirstellung „Mama Muh und die Krähe“ vum Sonndeg de 4. Oktober 2020 muss, duerch déi aktuell Reeswarnungen a Lëtzebuerg, op de 27. Juni 2021 um 16 Auer verréckelt ginn. D’Virstellunge fir Schoule vum 5. Oktober 2020 ass op den 28. Juni 2021 verréckelt ginn. aarten déi schonn s kaaft gi sinn, behalen hir Gëltegkeet.

D’Mamma Muh ass anescht ewéi all déi aner Kéi. Wärend si zefridden op der Weid Gras knaen, ass d’Mamma Muh ëmmer op der Sich no neien Erliefnisser. Mä déi meescht Saache maachen ebe méi Spaass, wann een se mat engem Frënd erliewe kann. Dofir iwwerriet d’Mamma Muh de Kueb aus dem Kuebebësch, zesumme mat hier op Entdeckungsrees ze goen.

Kéi kloteren normalerweis net op Beem, mä e Bamhaus däerf wuel jidderee bauen. Et ass allerdéngs net einfach, d’Séi mam Kouschwanz unzehalen. Übung mécht de Meeschter a geschwënn trëfft d’Mamma Muh mam Hummer den Nol op de Kapp. Ob beim Schaukelen, Kloteren oder Vëlofueren, d’Mamma Muh huet ëmmer e lëschtegt Lidd op de Koulëpsen.

Mamma Muh© Volker Beushausen

Wéi, wat a wou?

Lass geet et de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer. D’Reservatioun ass obligatoresch – entweder iwwer Telefon ( + 352 521 521) oder online (www.cube521.lu).

  • Erwuessener: 12  €
  • Cube Card: 10 €
  • < 26 Joer 6 €

D’Anhale vun de Sécherheetsmoossnamen ass selbstverständlech.

Weider Informatioune fannt Dir op www.cube521.lu.

Opmaacherbild: © Volker Beushausen

Related topics Cube 521, Entdeckungsrees, Frëndschaft, Kou, Mamma Muh und die Krähe, Theater
Next post Previous post