Search

You may also like

Roboter a Computere iwwerhuelen eis iwwerall
Neiegkeeten

Roboter a Computere iwwerhuelen eis iwwerall

Et gëtt vill iwwert d’Digitaliséierung geschwat. Mee nëmme déi mannst

money
Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen
Neiegkeeten

Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen

Mat der Bestätegung aus dem Wirtschaftsministère um Dënschdeg schéngt dann

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
Neiegkeeten

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

Maniff fir de Patrimoine

E puer honnert Leit hu sech e Samschdeg dem Wieder an der Zerstéierung vum architektonesche Patrimoine entgéint gestallt

Maniff fir de Patrimoine

De Rendez-vous war treffend organiséiert: um Piquet, also direkt um Fouss vum alen Hotel des Postes um Aldringer. Aus deem jo soll en Hotel fir déi besser gestallte Gäscht aus dem Ausland entstoen. Hei gëtt op en Neits en ëffentlecht Gebai – och wann dat der POST, enger „privater“ Entreprise mat 100% Staatskapital gehéiert – Spekulanten iwwerginn. Behaapten déi lénk…

E Motto fir dës Manifestatioun hat et och: „De Schutz vun eisem Patrimoine funktionéiert net“. Treffend formuléiert, well besonnesch um Aldringen a sengen Alentoure léisst sech erkennen, wéi d‘Entscheedungsträger an dësem Land mam architektonesche Patrimoine ëmginn. Um Boulevard Royal sinn déi fréier urban Villaen net emol méi an der Kollektiver Erënnerung verhaft.

Alles gouf dem Buedem gläich gemaach, fir enger sougenannte „moderner“ Architektur Plaz ze maachen. Streng geholl ass et hei – wéi eigentlech a bal alle Fäll – eenzeg an eleng drëms gaangen, Profit aus dem Buedem ze erzilen. Eng Rechnung déi opgaangen ass, gemooss un de Loyeren déi an dësen „Bëtongskëschten“ verlaangt gëtt. Ee Grond méi ze rette wat nach ze retten ass.

Patrimoine© Mouvement Patrimonial

Bezitt ee sech op de Communiqué vun der Asbl Industriekultur-CNCI, deen dëser Maniff viraus gaangen ass, kritt een ee bessert Verständnis, firwat d‘Zivilgesellschaft sech erhiewe sollt. Esou heescht et säitens der Asbl, datt am Verglach mat anere Länner, Lëtzebuerg iwwert relativ wéineg geschützte Bauten a Monumenter – am Kontext vum nationale Patrimoine – verfüügt.

Si stelle fest, datt iwwert déi lescht Joerzéngten, eng substantiell Partie vum architektoneschen an industrielle Patrimoine dem Wunnengsmaart zum Affer gefall ass. Haut géif et nëmmen nach ganz wéineg historesch Gebaier am Land ginn. An si sinn net eleng: ee Samschdeg haten sech direkt 19 Associatioune fir dëse Protest-Piquet mobiliséiert. Lokal Initiativen an Ententen hu sech ugeschloss.

Patrimoine© Mouvement Patrimonial

Mam uschléissende Marsch duerch d‘Stad, ass symbolesch d‘Clôture vun der Editioun 2020 vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine denoncéiert ginn. De gréisste Grond fir déi allgemeng Veriergerung, ass d‘Absence vun engem legal Kader. Ouni ee Gesetz wäert et och zukünfteg net méiglech sinn de Lëtzebuerger architektonesche Patrimoine ze valoriséieren. Dat muss besser ginn.

Vum Piquet ass da bis virun d‘Chamber gaangen, wou jo aktuell un engem neie Gesetz zum kulturelle Patrimoine gedoktert gëtt. (Deen alen Text datéiert op 1983). D‘Rapportrice vun dësem Gesetzprojet, Djuna Bernard (déi gréng) soll begréisst hunn, datt sech d‘Zivilgesellschaft fir den Erhalt vum nationale Patrimoine engagéiert. Ob dat neit Gesetz Satisfaktioun brénge kann?

Patrimoine© Mouvement Patrimonial

Wuel kaum, woubäi et jo den 21. Oktober nach déi ëffentlech Unhéierung vun der Petitioun (1638) zum Schutz vum architektonesche Patrimoine kënnt. Dës Petitioun huet eng 5.400 Ënnerschrëften erhalen an heiranner gëtt gefuerdert, datt all Gebai dat virun 1955 gebaut ginn ass, systematesch muss geschützt ginn. Dat ass ugesiichts der spekulativer Finanzmuecht eng gewote Fuerderung.

Et dierf een da gespaant sinn wat d‘Kulturministesch de Petitionnaire als Géigenargument wäert ëm d‘Ouere schloen. D‘Sam Tanson huet sech jo, zanter si de Portefeuille iwwerholl huet, elo net wierklech staark fir den Erhalt vun ale Bausubstanze gemaach. An net nëmmen d‘Ministesch stellt sech géint de Schutz vum architektonesche Patrimoine, och de Staatsrot, wëll dat gewëss net.

Foto © Biergerinitiativ Gemeng Kielen

Related topics architektonesche Patrimoine, Kulturministère, Lëtzebuerg, Patrimoine, Petitioun 1638
Next post Previous post