Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?
International Neiegkeeten Sport

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?

De Jair Bolsonaro, Diktaturnostalgiker an erkläerte Faschist, hat während senger

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess
International Neiegkeeten Sport

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess

Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP

D‘Aarbechtswelt (selwer) anescht gestalten (Lieserbréif)
International Neiegkeeten Sport

D‘Aarbechtswelt (selwer) anescht gestalten (Lieserbréif)

Méi Flexibilitéit. Selwer wiele kënne wéi vill ee kotiséiert, an

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!

Wa Fonctionnaire net éierlech sinn, firwat sollt et e professionelle Spiller besser maachen?

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!

Bedruch am Futtball ass wéi Dopping am Vëlossport: ouni schéngt et net ze goen. A Spuenien huet d‘Police elo eelef verdächteg Persoune festgeholl, déi fir Sportswetten eppes Afloss op Matcher geholl hunn. Ënnert de Brigange fréier Spiller an en Aktiven aus der „Primera Division“. Krass!

„Athleten“ aus der éischter an zweeter Divisioun gëtt de Virworf gemaach, Membere vun enger krimineller Organisatioun ze sinn, woubäi an dësem spezifesche Fall d‘FIFA, d‘UEFA oder den offizielle Landesverband net gemengt sinn. De Fall hei ass méi äerdverbonnen: et geet ëm Korruptioun a Geldwäsch. Hinne gëtt zur Laascht geluecht, Rencontere manipuléiert ze hunn fir de grousse Goss mat Sportswetten ze maachen.

Den „Diesel“ ënnert de Sportaarten

D‘Enquête vun der spuenescher Police war am Mee d‘lescht Joer ageleet ginn, nodeems sech Leit bei der Police gemellt haten, deene beim Spill tëscht de Veräiner vun Huesca an Tarragona de Verdacht komm ass, datt hei „falsch gespillt“ ginn ass. Gëschter dann d‘Perquisitioun beim Veräin aus der zweeter Liga. De President an den Dokter hunn d‘Zankerten dann och direkt matgeholl an den Affekot vum Club versprécht vollstänneg Kooperatioun.

Et ass net den éischte Skandal am Futtball an et wäert net dee leschte sinn. Dëse Sport, dee längst zu enger „Farce mat Kapitalinteresse“ verkomm ass, a wou nach méi gelu gëtt wéi an der Politik – déi niewebäi dee ganze Bordell ënnerstëtzt, finanzéiert an hofféiert – huet Begierlechkeeten erwächt an de FIFA-Comité huet et de Spiller an hirem sozialen Ëmfeld virgemaach. Vun de Fonctionnaire bis hin zur Exekutive, an dësem Sport ass kengem ze trauen.

Am Futtball gëtt et kee „Reset“ Knäppchen

Sécher, sollt et sech erginn, datt déi Verdächteg a Spuenien dem Verbriechen iwwerfouert ginn, dann huet d‘Gerechtegkeet och nees e Goal geschoss. Ännert dat eppes? Absolut net, wat och domatter ze dinn huet datt et ëm dat grousst Geld geet. All Weekend wou Futtball gespillt gëtt, läit de Wettasaz an Asien am dräistellege Milliouneberäich, woubäi och an Europa d‘Tendenz däitlech no uewe weist an eng gréisser Liberaliséierung gefuerdert gëtt.

Sport am allgemengen, mee de Profisport ganz besonnesch, ass e grousse kommerziellen Zirkus an deem déi virgetäuschte Leeschtungen eenzeg an eleng de Fan begeeschtere kann. Wann et dem Profit entgéint kënnt, dierf ee seng Fans roueg enttäuschen. Et muss ee just uecht dinn, datt et deem net opfält; mat allen anere kann ee verhandelen. Dofir héiert een och kee „Sportskommissär“ oder Veräinspresident sech zu esou Virfäll äusseren.

mat indymedia/bcn/mad/zrh

Illustratioun: Dirk Schulz / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bedruch, FIFA, Fussball, Korruptioun, Manipulatiounen, Profi-Futtball, Spuenien, UEFA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel