Search

You may also like

Europäer stinn op Koks an „H“
International Neiegkeeten

Europäer stinn op Koks an „H“

Haart Droge wéi Kokain a n Heroin ginn an der

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?
International Neiegkeeten

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?

[onionbuzz quiz-id=85][/onionbuzz]

Iwwerfall an ausgeraibert
International Neiegkeeten

Iwwerfall an ausgeraibert

An der Helleggeescht-Strooss sinn um spéiden Donneschdegnomëtten (17.25 Auer) zwee

Holland: Mann deelt Mësshandlung vu Kand op Facebook

Holland: Mann deelt Mësshandlung vu Kand op Facebook

Ee Mann aus der hollännescher Stad Leiden soll ee Kand mësshandelt an déi ganz Dot op Facebook gestreamt hunn. D’Notzer, déi d’Verbrieche materliewe missten, hunn direkt Alarm geschloen. De Mann ass direkt festgeholl ginn.

De 27 Joer jonke Mann aus der Géigend vun Den Haag huet sech un engem 8 Järege vergraff an déi grujeleg Aktioun op der Social Media Plattform Facebook live presentéiert. Direkt e puer Mënschen hunn de Video gesinn an doropshin d’Police kontaktéiert.

Unhand vum Video konnten d’Ermëttler no kuerzer Zäit schonn d’Wunneng vum Täter identifizéieren an de Mann festhuelen. Der Police no muss d’Kand net vun engem Dokter betreit ginn, kritt awer elo psychologesch Hëllef.

De Verdächtege soll de Beamten no ee Familljemember vum Jong sinn. De 27 Järegen huet kee feste Wunnsëtz a sollt just fir eng kuerz Zäit an der Wunneng ënnerkommen.

Related topics Facebook, Leiden, Live-Stream, Mësshandlung, Psychologesch Hëllef
Next post Previous post