Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen
International Neiegkeeten

if i'm dating you my goal is to marry you

D‘Plattform „meng Landwirtschaft“ huet um Dënschdeg seng Fuerderunge fir d‘Chamberwahle

totally free ukrainian dating
International Neiegkeeten

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter

No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert
International Neiegkeeten

No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert

Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht

Honger kann elle sinn, sollt awer net esou eskaléieren, wéi et a Frankräich de Fall war. An der franséischer Uertschaft Noisy-le-Grand huet ee Client nämlech ee Serveur am Restaurant erschoss, wëll hien ze laang op säi Sandwich gewaart huet.

Um vergaangene Freideg Owend ass den Employé am Schnell-Restaurant zu Noisy-le-Grand vun der Kugel getraff ginn, déi vun engem onzefriddene Client ofgeschoss ginn ass. Um Samschdeg hu franséisch Medien schliisslech bericht, datt den 28 järege Mann op der Plaz gestuerwen ass. D’Projektil hat hien un der Schëller déidlech blesséiert.

Den hongeregen Täter huet direkt nom Schoss duerch eng Pistoul d’Flucht ergraff. D’Police vu Seine-Saint-Denis huet elo eng Enquête gestart, de Schëllege gëtt nach ëmmer gesicht.

Onverständnis am Quartier

An de Geschäfter ronderëm de Restaurant hat een den haarde Schoss héieren, kuerz drop si schonn zuelräich Ambulanzen agetraff. „Ech duecht, datt eng eeler Persoun ee Malaise gemaach hätt“, erkläert ee jonke Kärel op der Plaz. Eng weider Persoun erkläert: „Den Täter kann net an engem normalen Zoustand gewiescht sinn, wann hie just wéinst engem Sandwich geschoss huet.“

Eréischt säit knapp 4 Méint hat d’Etablissement seng Dieren op. Vun den 3 Persounen, déi sech ëm de Restaurant këmmeren, waren der 2 am Service beschäftegt. D’Leit wieren immens sympathesch a géifen hirer Aarbecht nogoen. Verschidden Awunner hiewen allerdéngs déi desagreabel Atmosphär am Quartier ervir. Ëmmer méi oft géif een alkoholiséiert an drogéiert Persounen untreffen.

Opmaacherfoto: Le Mistral Noisy-le-Grand / © F3IDF

Ähnlech Sujeten Frankräich, Honger, Mord, Noisy-le-Grand, Police, Serveur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel