Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“
International Money Neiegkeeten

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“

Bei der „alternativ demokratesch reformpartei“ (ADR) hunn se sech eppes

Editorial: Eng Tracing-App als hellege Gral
International Money Neiegkeeten

Editorial: Eng Tracing-App als hellege Gral

D‘Covid19-Pandemie, léisst sech a sengem exponentiellen Ausbreedungsdrang net ophalen, dat

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten
International Money Neiegkeeten

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten

Ob der Münchener Sécherheetskonferenz (MSC) hu sech déi grouss Demokrate

money

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng iwwer 2 Milliarden Notzer hunn Enn 2017 wesentlech manner Zäit drop verbruecht. Schold wieren déi sëllechen Ännerunge vum sozialen Netzwierk, dee sech eng Reform vum Inhalt operluecht huet.

Wann 2017 e „staarkt“ Joer fir de Grupp war, esou huet de Mark Zuckerberg och bemierkt, datt et ee „schwéiert“ Joer war. Als Ursaach gi genannt: den Debat iwwert d‘Nëtzlechkeet vun de sozialen Netzwierker an d‘Aart a Weis wéi en de „System“ mëssbrauche kann. Hei notamment de politeschen Afloss, dee bis zur Amëschung an d‘Wahle geet, mee och d‘Verbreede vun engersäits Propaganda, anersäits falsch Noriichten (fake news).

„Eng vun de wichtegste Saachen déi mir kënne maachen, ass sécherstellen, datt eis Déngschter net nëmme lëschteg ze benotze sinn, mee datt se och gutt fir d‘Gesellschaft sinn“, esou de Mark Zuckerberg mat Analysten, während enger Telefonskonferenz iwwert d‘Resultater.

U Kritik géintiwwer Facebook an anere sozialen Netzwierker feelt et net. Beschëllegt der Desinformatioun (ze) vill Plaz gebueden, se weidergeleet an esouguer ugebueden (suggested posts) ze hunn, wéi dat elo erwisenermoosse während dem amerikanesche Wahlkampf 2016 de Fall war, gesi Soziologen an Experten aus dem Beräich Informatik, an dësem Produkt eng Gefor fir d‘Demokratie. Zudeem esou déi ganz kritesch Stëmmen, gëtt een duerch Facebook net méi gescheit.

Zäit eng ze ënnerhuelen

Bei Facebook wëll ee sech dëser Kritik stellen, an huet sech fir eng Reform vun den Inhalter entscheet. Esou zum Beispill d‘Beschränkung vun de virale Videoen. Fir d‘Experten ass dës Mesure dann awer manner wéinst de Leit déi d‘Produkt benotzen agefouert ginn. Primär geet hei drëms den Annonceuren nees neit Vertrauen an d‘Plattform ze vermëttelen.

Den Ännerungen déi Facebook an dësem Zesummenhang virgeholl huet, gëtt elo nogesot, datt si d‘Clienten animéiert hunn manner Zäit mam Produit ze verbréngen. Insgesamt, hätten am leschten Trimester 2017, déi iwwer 2 Milliarden Notzer 5% manner Zäit op Facebook verbruecht. Am stäerksten ofgeholl huet d‘Zäit, déi am sozialen Netzwierk verplempert gëtt, an den USA an a Kanada.

Mee den Internet-Milliardär ass net gewëllt dëst „gëlle Kallef“ um Altor vun der Demokratie ze afferen. Hien erwaart sech wuel, datt d‘Zäit déi de Mënsch op Facebook verbréngt och 2018 weider réckleefeg wäert sinn a stellt sech „hannert d‘Community“. „De Leit bei der Kommunikatioun ze hëllefen ass méi wichteg, wéi se dozou ze verleede méi Zäit mam Produit ze verbréngen“, esou de Mark Zuckerberg.

Dat steet dann och am Aklang mat de weidere Reformen, déi säit Ufank vum Joer ugekënnegt an ëmgesat ginn. Institutionell Verëffentlechungen (Medien, Marken, Organisatiounen…) solle begrenzt, d‘Posts vun de Frënn an der Famill méi staark berécksiichtegt ginn. Dat huet d‘Aktionären erféiert, an de Wäert vu Facebook ass laut Wall Street ëm 5% zréckgaangen.

Um Enn geet et nëmmen ëm Geld

Wann e sech dem Bilan vum Grupp unhëlt, esou stellt ee fest datt d‘Ausgaben 2017, géintiwwer 2016 zolidd geklomme sinn. Eng Ursaach wieren déi vill leit déi een hätt missen astellen, fir sech géint déi „problematesch Inhalter“ ze wieren. Zum 31. Dezember hat Facebook 25.105 Mataarbechter, dat sinn der 47% méi wéi zur gläicher Zäit 2016. D‘Ausgaben (Video, Sécherheet a Fuerschung) sollten 2018 nach emol konsequent klammen.

Fir déi Verantwortlech am Grupp, déi d‘Aktionären net wëllen erschrecken, ass et awer wichteg ze betounen, datt d‘Ännerunge beim „Inhalt“, dem sozialen Netzwierk wäerten erméiglechen eng méi staark Communautéit opzebauen. „Dat ass laangfristeg besser fir d‘Geschäft“, verséchert de Mark Zuckerberg.

D‘Nummer „2“ vu Facebook, d‘Sheryl Sandberg, ass eppes méi „konkret“ a behaapt datt ee sech fir d‘Qualitéit an net fir d‘Quantitéit (am Bezuch op d‘Zäit déi een am sozialen Netzwierk verbréngt) entscheet hätt. Dat soll e positiven Impakt op d‘Einnamen duerch Reklammen hunn. Eng Annonce déi um Aktiëmaart gutt ukomm ass, den Titel ass um Donneschdeg ëm 1,3% geklommen.

Finanziell am grénge Beräich

Facebook huet dann och bestätegt, datt de Grupp finanziell beschtens ofgeséchert ass. De netto Benefice vum 4. Trimester läit bei 4,3 Milliarden US-Dollar, wat enger Hausse vu ronn 20% entsprécht. Dat huet allerdéngs méi mam Donald Trump senger Steierreform ze dinn, wéi engem „natierleche Wuesstem“.

Laut Analysten, huet d‘Steierreform eleng 2,27 Milliarden US-Dollar fir de leschten Trimester ausgemaach. Op dat ganzt Joer gesinn, ass de Benefice ëm 56% op ronn 16 Milliarden US-Dollar geklommen. D‘Zuel vun den „aktive“ Notzer huet och ëm 14% zougeholl a soll laut Facebook bei elo 2,13 Milliarde leien.

D‘Reklammen, hunn am leschten Trimester 11,4 Milliarden US-Dollar vum Ëmsaz (13 Milliarden) ausgemaach. Dat ee sate Plus vu 57%. Hale mer hei nach fest, datt d‘Reklammen am 4. Trimester 89% vun den Einname generéiert hunn, dat si 5% méi wei nach fir de selwechten Zäitraum 2016. Bei Facebook ass also nach alles – zumindest finanziell – am grénge Beräich.

mam Julie Charpentrat/AFP

Ähnlech Sujeten Facebook, Mark Zuckerberg, Sheryl Sandberg, Sozial Medien, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel