Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Feier an der Kathedral vu Nantes
International Kultur Neiegkeeten

Feier an der Kathedral vu Nantes

Et war ee Groussasaz deen direkt Erënnerungen un de Brand

Wann een d‘Häerz op der richteger Plaz huet
International Kultur Neiegkeeten

Wann een d‘Häerz op der richteger Plaz huet

Si ass kleng, d‘Asbl „Hand an Hand fir Afrika“ dofir

D‘Welt prouft den Opstand
International Kultur Neiegkeeten

D‘Welt prouft den Opstand

Op der ganzer Welt hunn es d‘Leit sat eng „géint

Männerwelten – Leider eng Dauerausstellung…

Männerwelten – Leider eng Dauerausstellung…

Nodeems déi Joko Winterscheidt a Klaas Heufer-Umlauf, alle béid bekannt aus dem däitsche Fernseh, bei der Sendung „Joko und Klaas gegen Prosieben“ hir Géigner klappe konnten, krute si 15 Minutte Sendezäit zougesprach, déi si ganz nom eegene Wonsch notze kéinten. Eigentlech sinn dës zwee Kärele jo fir geckeg, lëschteg an oft och däämlech Aktiounen op der Tëlee bekannt. Mat dësem Optrëtt hätt wuel kee gerechent.

Déi digital Visitt vun der Expo „Männerwelten“ fänkt mat Humor un – ee Gefill, wat sech relativ schnell a Roserei, Kapprëselen an traureg Bestätegung ëmwandelt. D’Sophie Passmann, däitsch Journalistin an Autorin féiert duerch déi verschidde Beräicher vun der eemoleger Ausstellung, déi vun der alldeeglecher Belästegung vu Fraen handelt. Sech eng véirel Stonn Zäit ze huele lount sech an dësem Fall:

T’ass leider een aktuellt Thema, a soumat och eng noutwenneg Moossnam, fir iwwert Belästegung a Gewalt ze berichten. Dobäi geet et ëm d’Erhale vun Dick-Pics (Biller vum Mann sengem „beschte Stéck“), beleidegend a sexistesch Noriichten, déi Fraen dës Ëfteren zougeschéckt kréien, onnéideg a verletzend Umierkungen, sou wéi Dreeungen.

Dat digitaalt Zäitalter léisst et zou, anonym an oniwwerluecht, domm sexistesch an ofwäertend Bemierkungen schnell un Onbekannter, Prominenter, jo souguer Bekannter ze verschécken. Ma, dobäi handelt et sech bedauerlecherweis net eleng ëm ee Problem an der Welt vun de soziale Medien an Dating-Apps. Och am normalen Alldag erliewe Frae reegelméisseg sexuell Belästegungen a Sexismus, bis hin zu sexuellen Iwwergrëffer.

Männerwelten

Screenshot YouTube

Wéi kann et sinn, datt eng Fra an de verschiddenste Situatiounen am Alldag méi oppasse muss, wéi ee Mann? Eleng an der Däischtert Heem goen, mat enger Frëndin eppes drénke goen, ee Géigestand um Internet zum Verkaf ubidden oder och ee Bild op de soziale Medien posten schéngt wuel ouni schmiereg Kommentaren net méiglech ze sinn.

Och wa Männerwelten eng eemoleg Expo ass, esou presentéieren de Winderscheidt an Heufer-Umlauf eng bedréckend Dauerausstellung. Scheinbar ass lo nees Material do, fir mam domme Gesabbels virun ze fueren, wéi dëse Kandidat beweist:

Männerwelten

Schummt Dir Iech net?

Enger Fra ee Kompliment ass déi eng Saach. Bemierkunge fléien ze loossen, wéi beispillsweis „Du ellent F*ckst*ck“, „Du wäers ee gudde Chirurg brauche, fir mäi Gesiicht nees aus dengen T**ten ze kréien“, oder och „Deng Lëpse passe super zu mengem Schw**z“ stelle sech einfach als pur Dommheet a Respektlosegkeet eraus. Mengen d’Herrschaften da wierklech, dat géif iergendeng Fra léif a schéi fannen, et géif een hinnen glécklech entgéint lafen a si vun uewe bis ënnen ofkussen? Sécher net!

Zu Lëtzebuerg kënnen ëffentlech Beleidegung mat Geldstrofen tëscht 251 an 5.000 €, jo souguer 8 Deeg bis 2 Méint Prisong ausgoen. Déi Wéinegst wäerten awer tatsächlech bestrooft ginn, oft ginn esou Fäll net gemellt.

Männerwelten

Screenshot YouTube

Fir de Groussherzogtum ginn et wéineg Donnéeën zur sexueller Belästegung géint Fraen, wat och schonn nees erschreckend ass.

Eng Etüd vun UNICEF vun 2017 huet erausfonnt, datt zu Lëtzebuerg 13 % vun de Fraen tëscht 18 an 29 Joer virun hirem 15. Liewensjoer Affer vu sexueller Gewalt gi sinn. Bei enger STATEC-Enquête vun 2013 zur Sécherheet sinn 3.025 Residenten befrot ginn. Ganzer 4 % vun hinne si schonn emol Affer vu sexueller Gewalt ginn. Besonnesch Persounen tëscht 25 a 34 Joer si betraff, hei nees virun allem Fraen.

Tëscht 2008 an 2012 si 16,5 % vun de Fraen beleidegt, 7,9% physesch mësshandelt an 7,4 % sexuell mësshandelt ginn. Ënnert alle befroten ass iwwert een Drëttel e puer Mol Affer vu physeschem Mëssbrauch ginn. Ganzer 32,6 % hunn de Schëllege souguer beim Numm kannt.

Hei soll ee sech virun Aen halen, datt Affer sech oft schummen an zeréckzéie, wouduerch esou Doten net un d’Ëffentlechkeet kommen. D’Donkelziffer ass also grouss.

Wisou Dick-Picks a Beleidegungen?

Sicht een no de Grënn fir d’Verschécke vun Dick-Picks, esou géife Männer wuel hoffen, och eng Foto „vun ähnlechem Wäert“ zeréckzekréien. Scheinbar ass de Gedanken och do, datt Fraen d’Männer jo mat hire Brëscht oder dem Hënner ëm de Fanger wéckele kënnen, also musse si och mathalen. Donieft gëtt gemunkelt, datt eng Fra sech wuel geéiert muss fillen, ee Bild vum männleche Geschlechtsdeel geschéckt ze kréien an natierlech géif et jo och vill ze laang daueren, bis sech aus dem Chat een Treffen entwéckelt, wou een de Lëmmel eventuell a Realitéit presentéieren dierf.

Männerwelten

Dick-Picks: Vum “Kënschtler” gratis an ongefrot zur Verfügung gestallt (YouTube)

Wat online gepost a geschriwwe gëtt, gëtt net ganz eescht geholl oder kann entschëllegt ginn – dat schéngt an de Käpp vun de meeschte Persounen ronderëm ze schwiewen, déi eng aner Persoun an der digitaler Welt beleidegen an domm umaachen. D’Anonymitéit an de Gedanke vun „et ka jo souwisou näischt geschéien“ ass de grousse Problem an der haiteger Gesellschaft.

Grenze kënnen awer souwuel um Internet, wéi an der Realitéit iwwerschratt ginn. Fra si kee Stéck Fleesch. Respektéiert se als Mënsch, weist Manéieren!

Ähnlech Sujeten Beleidegung, Dick-Pics, Digital Welt, domm Kommentarer, Joko Winterscheidt, Klaas Heufer-Umlauf, Männerwelten, Mëssbrauch, Plainte, Prosieben, sexuell Belästegung, Sozial Netzwierker, Vergewaltegung, Video, Weiblechkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel