Search

You may also like

Schwéngspescht: d’Juegd op Wëllschwäin ass erlaabt!
International Neiegkeeten Sport

Schwéngspescht: d’Juegd op Wëllschwäin ass erlaabt!

Vergaangene Freideg huet sech de Conseil vun der Regierung, ënnert

Luerenzweiler: déi eppes aner Kontrollstatioun
International Neiegkeeten Sport

Luerenzweiler: déi eppes aner Kontrollstatioun

Mat der Reform vun der „Technescher Kontroll“ déi am Dezember

COP24: Eng schwaach Virstellung
International Neiegkeeten Sport

COP24: Eng schwaach Virstellung

Déi international Communautéit huet e Samschdeg de Paräisser Accord mat

U wat ass de Maradona gestuerwen?

Déi argentinesch Staatsanwaltschaft huet zum Dout vun der Fussball-Legend Ermëttlungen ageleet

U wat ass de Maradona gestuerwen?

„Net emol wann s de dat zäitlecht geseent hues, bass de roueg!“, esou oder änlech kann een den Dout vun der argentinescher Fussball-Legend Diego Maradona gesinn. Schonn d‘Begriefnes hat eppes fir Duerchenaner gesuergt, an elo soll de Nationalheld nees ausgebuddelt ginn, dat well déi argentinesch Staatsanwaltschaft d‘Ursaach vum Dout kenne wëll.

Zu Dausenden haten sech d‘Argentinier opgestallt fir dem Diego Maradona op sengem leschte Wee, vum Regierungspalais am Zentrum vu Buenos Aires bis op de klenge private Kierfecht „Jardin de Bella Vista“ eng lescht Éier ze erweisen. De ganzen Dag iwwer haten d‘Argentinier an der Casa Rosada vum Fussballspiller Ofschid geholl. Si sinn an den Trikote vun der Nationalmannschaft oder just am Fändel agewéckelt komm, hu sech bekräizegt a Blummen iwwert d‘Ofspärung geworf.

Wéi et zum Schluss gaangen ass, war d‘Schlaang nach ëmmer net méi kleng ginn, an well et der ginn huet déi onbedéngt de Sarg wollte mat eegenen Ae gesinn, ass et vir unzefänken zum Tumult komm, dunn zur handfester Ausenanersetzung a schlussendlech zur Konfrontatioun mat der Police, déi Tréinegas agesat huet. D‘Konfrontatioun huet sech ausgebreet, d‘Doudewaach gouf ofgebrach.

Eigentlech schonn Opreegung genuch fir d‘Famill, déi den Diego Maradona dann awer am klenge Krees bäisetze konnt. Mee den Dout vun engem Nationalheld schéngt Froen opgeworf ze hunn an d‘Staatsanwaltschaft huet Ermëttlungen an d‘Wee geleet. Et géif zwar kee Verdacht, datt eppes um Dout ze beanstande wier, mee well de 60 järege Sportler doheem verstuerwen ass, an anscheinend keen et fir noutwenneg betruecht den Doudeschäin ze ënnerschreiwen, géif sech dat opdrängen.

Aus deem wat d‘Justiz zu den Ermëttlunge bis ewell matgedeelt huet ass gewosst, datt den Diego Maradona fir d‘lescht vu sengem Fleeger lieweg gesi ginn ass. Dee soll sech ee Mëttwoch géint 6.30 Auer verséchert hunn, datt de Sportler „geschlof an normal geotemt“ huet. D‘Enquête war och scho vum Maradona sengem Affekot gefuerdert ginn, deen Zweiwel un der Fleeg geäussert hat.

Dësen huet ënnerstallt, datt dem rezent um Gehir operéierten Diego Maradona zwielef Stonne laang ouni Observatioun soll gewiescht sinn. Eppes wat de Rechtsverdréier dann als kriminelle Wahnsinn bezeechent huet. Entspriechend dem virleefege Bericht vun der Staatsanwaltschaft, huet awer déi zum Zäitpunkt vum Dout zoustänneg Fleegekraaft „héieren“ wéi sech de „Patient“ um 7.30 Auer „beweegt“ huet. Et war zudeem säin Dokter deen dann um 12.16 den Noutruff gewielt huet.

Elo läit de virleefegen Autopsiebericht vir, woubäi d‘Staatsanwaltschaft dësen net verëffentleche wäert. Et gouf just dorausser zitéiert, an esou géif een elo wëssen, datt den Diego Maradona un engem akute Longenödem an un enger verschäerfter chronescher Häerzinsuffizienz verstuerwen ass. Bleift ze hoffen, datt et domadder gedoen ass, an d‘Hand Gottes elo wierklech zur Rou kënnt.

mat indymedia/bua/lon

Illustratioun: © Mads Schmidt Rasmussen / unsplash

Related topics Argentinien, Diego Maradona, Ermëttlung, Fussball-Legend, Nationalheld, Staatsanwaltschaft
Next post Previous post