Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro
International Neiegkeeten

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro

De Gesetzprojet 7113 mat dem vun der Grondsécherung (RMG) zum

Schinnen amplaz Stroossen: Lëtzebuerg als Spëtzereider
International Neiegkeeten

Schinnen amplaz Stroossen: Lëtzebuerg als Spëtzereider

Am Joer 2019 huet de Groussherzogtum pro Awunner 448 Euro

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner
International Neiegkeeten

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner

Kuerz no Niklosdag invitéiert d’Gemeng Steesel op säi Chrëschtmaart am

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
© BCFL – Michel Zavagno 2019 (Agence Blitz)
De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
© BCFL – Michel Zavagno 2019 (Agence Blitz)
De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
© BCFL – Michel Zavagno 2019 (Agence Blitz)

Um 11. Mäerz 2019 ass den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung, de Marc Hansen op Paräis invitéiert gi fir de Business Club France-Luxembourg (BCFL). Am Kader vum OCDE-Sommet zur Digitaltechnik ass de Minister an déi franséisch Haaptstad gereest.

Ënnert dem Patronat vun der Lëtzebuerger Chambre de Commerce an dem Lëtzebuerger Ambassadeur a Frankräich huet de Marc Hansen d’Méiglechkeet kritt, fir mat de Memberen a Partner vum BCFL ze diskutéieren. Dobäi huet hien d’Wichtegkeet ënnerstrach, datt d’Regierung déi digital Transformatioun accordéiert huet, sou wéi déi essentiell Roll vum Grand-Duché an dësem Beräich ervirgehuewen.

An dësem Kader huet de Minister d’Entwécklung vun eiser Digitalisatioun ernimmt, woubäi beispillsweis de 5G an d’Ariichtung vun engem High Performance Computer (HPC) ganz wäit uewe stinn. Dës Entwécklunge bei der Infrastruktur erméiglechen et Entreprisen, Akademiker a Bierger Zougrëff op déi essentiellt digital Ära ze kréien.

Dobäi beschreift de Minister Hansen d’Regierung als Katalysator am Fortschrëtt an der Innovatioun. „D’Ambitioune vun der neier Regierung hiewen d’Entschlossenheet ervir Entreprisen an déi Lëtzebuergesch Gesellschaft bei dëser Transformatioun ze ermuddegen“, sou de Minister. Den digitale Wandel ass am Grand-Duché voll am gaangen a follegt am proaktive Sënn dem Wee de Fortschrëtt vun den Entreprisen, der Entwécklung vun der Gesellschaft an der Konkurrenzfäegkeet vum Land ze ënnerstëtzen.

Um 24. Juni 2015 ass de BCFL offiziell vum Premier Xavier Bettel zu Paräis lancéiert ginn. Zesumme mat 200 Memberen a Partner aus verschiddenen Aktivitéitszentren ass et d’Ziel an aktiven an interaktiven Informatiounsreseau an Networking tëscht de Lëtzebuerger a franséischen Entreprisen ze fërderen an esou den Echange ze favoriséieren.

Ähnlech Sujeten 5G, Chambre de Commerce, Digitaliséierung, HPC, Marc Hansen, MCFL, OCDE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel