Macron schléit Le Pen
Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet
Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet
Wann d‘Ministesch fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra e kloert
Dës Noriicht gouf am Häerz vun enger zyklothymescher Saison vum Borussia Mönchengladbach verëffentlecht. Hiren aktuellen Trainer bereet sech drop vir d’Fohlen an e puer Méint ze verloossen fir sech deem anere Borussia unzeschléissen.
De Max Eberl, Sportdirekter vu Gladbach huet d’Informatioun, trotz engem Kontrakt dee bis 2022 leeft, confirméiert. „Mir haten an de leschte Woche ganz vill Diskussioune fir iwwert de Marco seng Zukunft ze schwätzen. Leider, huet hien sech dofir entscheet, eng Klausel a sengem Kontrakt auszeléisen an eis dëse Summer ze verloossen. Bis dohi wäerte mir haart doru schaffen, eis Ziler a Liga, der Coupe an Europa ze erreechen.“
De Borussia Mönchengladbach ass aktuell siwenten an der Bundesliga a wäert Manchester City an der Champions League Aachtelsfinall treffen. Doriwwer ass Dortmund erliichtert. Nom Depart vum Lucien Favre hunn d’Saachen sech net verbessert. De BVB, deen vum Edin Terzic trainéiert gouf, ass sechsten an der Bundesliga. An dat mat der selwechter Zuel vu Punkte wéi de Gladbach, déi dono kommen. Et bleift also spannend.
Text vu mental.lu
Opmaacherbild: Gladbach / Twitter