Search

You may also like

De Festival On Stéitsch sicht dech!
International Neiegkeeten

De Festival On Stéitsch sicht dech!

D’Editioun 2020 vum Festival On Stéitsch ass nees op der Sich

Elo wëll Berlin och Akzenter setzen
International Neiegkeeten

Elo wëll Berlin och Akzenter setzen

Berlin an d‘Bundeslänner verlängeren a verschäerfen den Hausarrest bis zum

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz
International Neiegkeeten

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz

En Dënschdeg, huet déi kanadesch Regierung, d‘Bréifdréier vun der parastaatlecher

Marghem géint Dieschbourg – Een nukleaart Mëssverständnes?

Marghem géint Dieschbourg – Een nukleaart Mëssverständnes?

Nodeems d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op der Pressekonferenz vu gëschter Moien matgedeelt huet, datt d’Belsch wuel Pläng hätt, fir Atomoffäll un der Lëtzebuerger Grenz ze deponéieren, gouf vun de schwaarz-rout-gëllenen Noperen schnell zeréckgeschoss. Esou deklaréiert déi belsch Energie- an Ëmweltministesch Marie Christine Marghem d’Aktioun vun hirer Amtskollegin als Verbreedung vun Desinformatioun.

Alles falsch Informatiounen a Panikmaacherei? Geet et dem MC Marghem no, esou hätt et kee Kontakt tëscht de Lëtzebuerger a belsche Ministere ginn, wouduerch d’Pressekonferenz vu gëschter ee seriéisen diplomatesche Virfall duerstellt.

Der belscher Presse géigeniwwer erkläert d’Ministesch Marghem: „Aktuell ass nach weder ee Site zum Stockage identifizéiert ginn, nach d’Gestengsschicht fir d’Offäll ze lageren, am Géigesaz zu deem, wat an der Pressekonferenz behaapt ginn ass.“ Der Lëtzebuerger Bevëlkerung eng Kaart mat vermeintleche Sitten virzeleeën, jo souguer vun eventueller Waasserverschmotzung ze schwätzen wier eng Campagne vun Desinformatioun.

Atomoffäll

© SIP / Emmanuel Claude

Donieft huet si ervirgehuewen, datt mat de Virwërf vun Inkohärenz der belscher Politik ee Bild vu schnellem a liichtfäertegem Ëmgang mat der Endlagerung vu laangliewegem an héich radioaktivem Offall opgedréckt gëtt. Dobäi handelt et sech bei der ëffentlecher Consultatioun, déi iwwregens nach bis den 13. Juni 2020 leeft, ëm eng éischt vu villen Etappen, ier emol eng definitiv Decisioun getraff ka ginn. Et géif ee sech zu all Ament un déi national an europäesch Legislatioun halen.

Marghem

Huet d’Ministesch Dieschbourg also wierklech bewosst falsch Informatiounen verbreet, gëtt elo am ëffentleche Raum ee Konflikt ausgelieft oder herrscht tatsächlech Inkohärenz an Intransparenz säitens der Belsch?

Wat ass gewosst a wat net?

Déi national Ariichtung fir radioaktiv Offäll an ugeräichert spaltbaart Material (ONDRAF, respektiv NIRAS), déi an enger éischter Etapp d’Ëmweltpréifung duerchféiere soll an d’Avisen ophëlt, gëtt kloer un, datt bis ewell nach keng Decisioun getraff ginn ass, wou d’Belsch seng Atomoffäll stockéiere wäert. Ënnert den Memberlänner vun der OECD hu just Italien, Mexiko an d’Belsch nach net iwwert d’Gestioun entscheet.

Um 12. Mee 2020 huet d’Ministesch Dieschbourg doriwwer informéiert, datt ee säin Avis zur Endlagerung vum héich radioaktivem a laangliewegen Material bei der NIRAS eraschécke soll. Dës ëffentlech Consultatioun ass scho Mëtt Abrëll lancéiert ginn, wouduerch d’Lëtzebuerger quasi ee Mount verluer hunn, fir ze reagéieren. Schliisslech berifft de Bierger sech jo oft op d’Aussoen vun der Regierung, déi Wéinegst sichen all Dag no den neisten Informatiounen am Beräich vun der Endlagerung vun Atomoffäll.

Vun de 7 Sitten, déi d’Ministesch gëschter presentéiert huet, ass bei de belschen Autoritéiten a bei der NIRAS näischt ze fannen, vläicht si mir awer och just blann. An och op emwelt.lu existéiert eleng d’Kaart, déi awer just ënnen am Eck ugespéngelt ass. Der Carole Dieschbourg hiren Discours vu gëschter gëllt quasi als eenzeg Quell.

Heescht dat dann elo, datt d’Ministesch einfach Behaaptungen opstellt oder huet si fréizäiteg Heemlechkeete vun der belscher Regierung opgedeckt? Mir wieren op alle Fall frou, der Ministesch hir Quell virgeluecht ze kréien.

Marghem

© Ra Dragon / Unsplash

Et geet nach weider

Geet ee Greenpeace no, esou ass d’NIRAS guer net emol esou kompetent, wéi d’Ariichtung sech duerstellt. Et géif een de Konzept als international Norm presentéieren, woubäi aktuell wichteg Detailer feelen. Donieft géift d’NIRAS och net op d’Virgabe vun der Agence Fédérale du Contrôle Nucléaire (AFCN) äntweren.

An de leschte 40 Joren hätt een just an der Lehmschicht vu Boom Fuerschung bedriwwen, mee vläicht misst ee jo och emol anerwäerts, respektiv a méi déiwen Gestengsschichten experimentéieren. Zudeem ass net gewosst, wéi een an den nächste Joren d’Fuerschungsgelder investéiere wëll.

Zu gudder Lescht huet een mat der Pandemie ee schlechten Zäitpunkt gewielt, fir déi ëffentlech Consultatioun ze lancéieren. D’Bevëlkerung ass aktuell mat der Gesondheet beschäftegt, muss awer d’Méiglechkeet gebuede kréien, fir Froe stellen ze kënnen an ausféierlech Informatiounen ze erhalen.

Hei wäert et nach spannend ginn, wat vu Lëtzebuerger a Belscher Säit nokënnt. Fest steet awer, datt d’Ministesch Dieschbourg kloer géint iwwerstierzte Decisiounen zum Stockage vun Atommüll un der Belsch-Lëtzebuerger Grenz ass.

Marghem

© Dan Meyers / Unsplash

De Prozess vun der Endlagerung

Kënne verbraucht Brennstief net méi opgewäert ginn, da ginn déi héich radioaktiv Stoffer mat Glas verschmolt, an Inox-Zylinder gegoss a sinn soumat offiziell Offall. Iwwert Joerzéngten mussen dës extrem waarm Behälter iwwerierdesch ofkillen, bis datt si an d’Endlager kommen. Eng wierklech sécher Method zur Endlagerung existéiert allerdéngs nach ëmmer net.

Marghem

Aktuell gëtt virun allem déi geologesch Endlagerung – also ënnert der Äerd – a Betruecht gezunn. Dobäi muss d’Material dréchen a vum Drénkwaasser ofgeschiermt gelagert ginn. Schwaach bis mëttel radioaktiv Offäll (Kategorie A) ze deponéieren ass haut scho méiglech. Problematesch gëtt et awer bei héich radioaktivem Material mat laanger Liewensdauer.

Et schéngt, wéi wann de Mënsch sech selwer an d’Been geschoss hätt.

Opmaacherbild: Lénks d’Ministesch Carole Dieschbourg © SIP / Emmanuel Claude; riets d’Ministesch Marie Christine Marghem © Marie Christine Marghem / Facebook


Nëtzlech Informatiounen:

Related topics Atommüll, Belsch, Carole Dieschbourg, Decisioun, Desinformatioun, Drénkwaasser, Endlagerung, Héich radioaktiven an laangliewegen Offall, Lëtzebuerg, Marie Christine Marghem, NIRAS, nuklearen Offall, ONDRAF, seriéisen diplomatesche Virfall, Virwërf
Next post Previous post