Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?
funny sayings about dating Neiegkeeten

fdny dating site

An 20 Deeg um Mëtternuecht soll den Austrëtt vu Groussbritannien

jamaica dating site
quezon city dating
funny sayings about dating Neiegkeeten

Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert

Mat der Steierreform ännert sech net nëmme villes fir de

Filmfestival Cannes: Zwou Lëtzebuerger Koproduktioune priméiert
funny sayings about dating Neiegkeeten

Filmfestival Cannes: Zwou Lëtzebuerger Koproduktioune priméiert

De Palmarès vum Filmfestival zu Cannes ass eraus, an Lëtzebuerg

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn

De Chef vun der konservativer Regierung a Spuenien, Mariano Rajoy (PP), muss d‘Blat botzen, well ze vill vu senge Parteifrënn sech als Korrupt erwisen hunn. De Mësstrauensvott um Freideg huet also wéi erwaart dee Regime gestierzt, dat no iwwer sechs Joer un der Muecht. De neie Mann um Pouvoir ass de Sozialist Pedro Sanchez (PSOE).

Mat der Zensur-Motioun, déi d‘Sozialiste leschte Freideg agereecht hunn, hat wuel deen een oder aneren nach Hoffnung. Eng Hoffnung déi awer mat enger Majoritéit vun 180 Stëmme vu 350 séier zerstéiert sollt ginn. De Mësstrauensvott gëtt dann och als „historesch“ bezeechent, well domatter de Mariano Rajoy deen éischte spuenesche Staatschef ass – zanter d‘Demokratie a Spuenien nees hiergestallt gouf – deen esou säi Mandat muss ofginn.

„Jo, et ass méiglech“ hunn déi Deputéiert vun der radikaler Lénker Podemos de Stuerz vum Rajoy begréisst, während hire Leader Pablo Iglesias de Pedro Sanchez am Parlament ëmäermelt huet. Vun der Chamber gefuerdert, muss de Sozialist nach virum Kinnek Felipe VI den Eed ofleeën. Bei senger éischter Ried nom Vott, huet den „El Guapo“ versprach sech allen Erausfuerderungen deenen sech d‘Land stelle muss, ze stellen.

An éischter Linn ass dat de Chômage an d‘Precaritéit. Eng schwéier Aufgab an engem Land wou trotz der wirtschaftlecher Reprise besonnesch d‘Jugend vun der Aarbechtswelt ausgeschloss ass. Mee och den Dossier „Katalounien“ wäert dem Pedro Sanchez nach vill Kappzerbrieches bereeden, wou op e neits eng Regionalregierung net méi gewëllt ass sech Madrid ze ënnerwerfen, an d‘Onofhängegkeet afuerdert.

Gaangen ouni e Wuert ze soen

Nodeems de Mariano Rajoy dem neie Staatschef d‘Hand gedréckt hat, huet hien d‘Parlament ouni e Wuert ze soe verlooss. Hien hat dann och scho virum Vott seng Néierlag agesinn, an d‘Éier – et géif keng gréisser – Spuenien regéiert ze hunn, ënnerstrach. Eenzeg seng „Leit“ vum Partido Popular hunn de geschasste Ministerpresident mat Applaus aus dem Parlament begleet.

Et huet dann um Enn nëmmen eng Woch gebraucht, nodeems de PP an engem „Mega-Prozess“ fir Korruptioun als Schëlleg veruerteelt ginn ass, fir de „Wiessel“ ze vollzéien. Un der Muecht zanter Dezember 2011, hat de Mariano Rajoy (63) e puer zolidd Krisen iwwerstanen: d‘Rezessioun, aus deen hie mat enger strenger Austeritéitskur erauskomm ass, d‘Méint vum politesche Blockage am Joer 2016, a schliisslech 2017, de Versuch vu Katalounien, sech Onofhängeg ze erklären.

Mat 46 Joer huet de Pedro Sanchez dann awer elo seng Revanche kënnen huelen. Hien, deem d‘Investitur als Ministerpresident 2016 vun den Deputéierte verwiert gi war, iert hien nach am Juni vum selwechte Joer, dat schlechtste Resultat vum PSOE bei Legislativwahle realiséiert hat. Datt hat hien dann och d‘Presidence vum PSOE kascht, bis d‘Parteibasis him d‘lescht Joer nees d‘Vertrauen ausgeschwat huet.

De „Gürtel-Skandal“

No der Veruerteelung vum Partido Popular beim „Gürtel-Skandal“ war hien de 24. Mee géint de Mariano Rajoy an d‘Arena getrueden. An dës Kéier ass säi politesche „Poker“ opgaangen. Dofir huet hien awer misse ronderëm déi 84 sozialistesch Deputéiert, eng konterbont Majoritéit opbauen, déi vun der radikal Lénker Podemos, iwwert d‘Independantisten aus Katalounien, bis hin zu de baskeschen Nationaliste vum EAJ-PNV féieren.

Den EAJ-PNV dee wuel nëmme fënnef Deputéiert am spuenesche Parlament sëtzen huet, war et dann awer deen dem konservative Partido Popular den „Doudesstouss“ verpasst hunn, an deem si sech der sozialistescher Motioun ugeschloss hunn. Nach virun enger Woch haten si de Budget vun der Regierung matgestëmmt.

A wat dee betrëfft, esou huet de Pedro Sanchez, fir den EAJ-PNV iwwerzeegt ze kréien, misse verspriechen de gestëmmte Budget – deen dem Baskeland ganz favorabel entgéint kënnt – net a Fro ze stellen. Hien huet och missen de Katalane verspriechen nei „Brécken ze bauen an en Dialog op Aenhéicht ze féieren“. D‘Regionalregierung vum Quim Torra, dierft et begréissen.

Kann dat et gutt Enn huelen?

Elo muss een nëmmen nach erausfanne wéi laang de Pedro Sanchez regéiere kann, dat mat enger Majoritéit déi alles anescht wéi „Stabil“ ass. Seng „Alliéiert“ hunn dann och alleguerten däitlech gemaach, datt hire Vott géint de Mariano Rajoy, kee Blankoscheck ass. Esou huet notamment d‘Podemos schonn en Plaz an der Regierung gefuerdert.

Dat huet dann de Fraktiounschef vun de Konservativen, Rafael Hernando, ermontert an de Raum ze stellen: „De Sanchez wëll egal zu wellechem Präis Regierungschef ginn, mee muss duerch d‘Hannerdier an d‘Regierung antrieden“.

Zu gudder Lescht muss festgehale ginn, datt et de Gürtel-Skandal war, an deem de Partido Popular veruerteelt ginn ass, fir sech u Fonge beräichert ze hunn, déi illegal zesummegefouert gi waren, dem Ministerpresident d‘Genéck gebrach huet. An et ass dat net deen eenzege Skandal mat deem de PP sech muss „ploen“. Hei hunn d‘Riichter festgehalen, datt d‘Existenz vun engem „authenteschen an institutionaliséierte Korruptiounssystem“ – tëscht dem PP an engem private Grupp – als erwise gëllt.

Et goufen ëffentlech Marchéë manipuléiert, an et ass och erwisen, datt de Partido Popular sech eng „Schwaarz Keess“ ageriicht huet. Datt de Mariano Rajoy sech dann och nach net ze schued war d‘Existenz vun dëser „paralleller Comptabilitéit“ ze verleegnen, huet dem Staatschef seng Credibilitéit viru Geriicht a Fro gestallt.

mam Mathieu Corse/AFP

Foto: Se hunn déi spuenesch Bierger bedrunn an beim Mësstrauensvott dofir d‘Quittung erhalen. De Mariano Rajoy huet säi Mandat ofgeholl kritt, sengem Géigner vum PSOE, Pedro Sanchez (l) nach Kuerz d‘Hand ginn, an uschléissend d‘Parlament ouni e Wuert verlooss. © Pierre-Philippe Marcou/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Korruptiounsaffär, Mariano Rajoy, Mësstrauensvott, Pedro Sanchez, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel