Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech
Kultur Stories

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech

Nodeems et e Samschdeg, wéinst Gewalt an Dysfonctionnementer, net allen

dislike
Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
Kultur Stories

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss
Kultur Stories

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss

E radikaliséierte Mann, deem säin Zil et war Polizisten unzegräifen,

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Mario + Rabbids: Kingdom Battle ass e Meetup, deen iergendwéi awer fonctionnéiert

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar Iddi hätt, gëss de enges bessere beléiert. Dëst stemmt wuel och bei Mario + Rabbids: Kingdom Battle. Um Pabeier klengt de Konzept komplett hirësseg: E Strategie-Spill baséierend op de Figuren aus dem Mario- an aus dem Rabbids-Universum – Dat klengt wéi d’Rezept fir en absolut Desaster. Dobäi eraus komm ass awer wuel eng vun de gréissten Iwwerraschungen vum Joer.

Dat läit och dorunner, datt se bei de richtegen ofgekuckt hunn. Anstatt eng komplett eege Mechanik ze entwéckelen, sinn se bei d’X-Com-Serie gaangen an hunn sech do inspiréiere gelooss. X-Com: Enemy Unknown war sengersäits virun e puer Joer och eng Iwwerraschung. Ronnebaséiert Strategiespiller, dat war elo net dee beléiftste Marché, an dach konnt dat spill iwwerzeegen.

Mario + Rabbids kopéiert d’Konzept vun dësem Spill. Dat heescht: Ronnebaseiert Strategie, mat enger einfacher Deckungsmechanik, spezifesche Fäegkeete pro Figur an engem knackege Schwieregkeetsgrad. Mee dëst Spill huet aner Schwéierpunkten. Wou bei X-Com en luest an defensiivt virgoe belount gëtt, gëtt hei d’Beweegung betount. Well all Figur ka beim lafen an d’Géigner knuppen oder vun engem Kolleg aus op ee Sprangen, fir dann aus enger neier Positioun eraus ze flankéieren.

Dat kleng elo hei, wei wann et dowéinst extra einfach wier, fir duerch des Missiounen ze kommen. Dat ass awer net de Fall, well d’Géigner kennen sou zimlech dat selwecht. Net nëmmen dat, si hunn och nach eege Fäegkeeten, wou wéinst een seng Strategie dann dach oft upasse muss. Do wieren dann déi Géigner, déi sech all kéiers beweegen, wann een se ugräift. Wann déi bis no genuch sinn, schloen se sou fest dran, datt een et mat der Angscht ze di kritt. Et muss een also kucken, fir se an verschidde Richtungen ze lackelen oder – nach besser! – mat enger Waff unzegräifen, déi se un de bueden fest pecht.

Et ass déi grouss Vilfalt bei de Géigner, déi stänneg vun engem verlaangt, seng Taktiken unzepassen

Da ginn et och nach Géigner, déi di aner mi staark maachen, een aus der Deckung lackelen oder d’Géigner heelen. Den absolute Clou sinn och d’Bossgéigner, déi net nëmme flott ëmgesat sinn, mee och richteg usprochsvoll ze bekämpfe sinn. Wou mer grad bei der Inzenéierung sinn: Och wann se heiansdo an d’ruckele kënnt, ass d’Grafik flott a faarweg, wei een dat vun engem Mario spill souwisou gewinnt ass. Si passt och perfekt zum éischter humorvollen a witzegen Ambiente, deen hei ze fannen ass. Och wann d’Geschicht hei keng grouss Roll spillt an éischter eng Excuse ass, fir all des Kämpf uneneen ze reien, ass se dach mat genuch witzeg-charmanten Einlagen garnéiert, datt ee säi Spaass dru kann hunn.

Fir déi, déi no der 8-Stonne Campagne gäre nach méi spille wëllen, ass och virgesuergt. All Gebitt verstoppt Challengen, wou een nach weider punkte ka kréien, fir seng Figuren weider opzebauen oder souguer nei Waffen ze fannen. Flott ass, datt een zu all Zäitpunkt seng Erweiderungspunkten erëm frech verdeele kann, et ass also onméiglech, sech hei an eng Sakgaass ze manövréieren. Wann een dann all d’Challenge gemaach huet, kann ee mat neie Fäegkeeten an ale Gebidder nei Missioune fannen, déi nach emol en Extra-Challenge sinn. Wien net gären eleng spillt, ka gepackte Missiounen zu zweet ugoen. Deen Ament spillt een statt mat dräi Figure mat véier, wat erëm nei taktesch Méiglechkeete mat sech bréngt.

Nee, et gëtt net immens vill un dësem Spill auszesetzen. Sécher kéint d’Grafik e Stéck besser lafen, a wien mat de Rabbids näischt ufänke kann, wäert sou oder sou skeptesch bleiwen. An dach ass dëst Spill eng angenehm Iwwerraschung, bei där ee roueg mol era kucke kann.

Ähnlech Sujeten Mario + Rabbids: Kingdom Battle, Nintendo, Nintendo Switch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel