Search

You may also like

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen
Neiegkeeten

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer

Aktioun Öffentlechen Transport bitt en onzefriddestellenden Iwwerbléck
Neiegkeeten

Aktioun Öffentlechen Transport bitt en onzefriddestellenden Iwwerbléck

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Vereenegung mam Numm Aktioun Öffentlechen

De Mouvement Ecologique stäipt sech géint de Google-Datenzenter zu Biissen
Neiegkeeten

De Mouvement Ecologique stäipt sech géint de Google-Datenzenter zu Biissen

Nodeems de Projet „Google-Datenzenter zu Biissen“ vum Gemengerot ugeholl, an

Réckruffaktioun fir Produite vun der Mark „Boerinneke“

Réckruffaktioun fir Produite vun der Mark „Boerinneke“

D‘Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet sinn iwwert de „séiere Warnsystem“ vun der EU-Kommissioun (RASFF) a vun Delhaize informéiert ginn, datt verschidde Produite vun der Mark „Boerinneke“ ouni Deklaratioun zu den Allergenen (Nëss, Mëllech, Soja) zu Lëtzebuerg an de Geschäfter „Delhaize“ a „Colruyt“ verkaf goufen. Eng gréisser Distributioun gëtt net ausgeschloss.

Déi betraffe Wuere sinn aus dem Verkaf geholl ginn, mee et sinn eng Partie Wueren un de finale Konsument verkaf ginn. D‘Liewensmëttelallergie ass eng normal Reaktioun op eng Substanz (déi gëtt Allergen genannt) déi an engem Liewensmëttel enthalen ass. Nodeems dës Substanz mam Iessen an de Kierper gelaangt ass, kënne sensibel Persoune klinesch Symptomer opweisen.

Aus dësem Grond recommandéiert d‘Liewensmëttelsécherheet de Konsumenten déi allergesch op Nëss, Mëllechproteinen an/oder Soja reagéieren, déi folgend Produiten net méi ze konsuméieren:

„Pâte à tartiner aux Noisettes 13%“ / Boerinneke / 400Gr /Barcode 5411146260398

(hei gouf vergiess unzeginn, datt de Produit ka Nëss enthalen – Mandelen an Makadamia)

„Pâte à tartiner aux Noisettes 13%“ / Boerinneke / 200Gr /Barcode 5411146810876

(hei gouf vergiess unzeginn, datt de Produit ka Nëss enthalen – Mandelen an Makadamia)

„Pâte à tartiner aux Noisettes 13%“ / Boerinneke / 400Gr /Barcode 5411146223775 (Zockeraarm)

(hei gouf vergiess unzeginn, datt de Produit ka Nëss enthalen – Mandelen an Makadamia)

„Pâte à tartinner à base de riz“ / Boerinneke / 350Gr /Barcode 5411146223775

(hei gouf vergiess unzeginn, datt de Produit ka Nëss enthalen – Mandelen an Makadamia – mee och Mëllechproteinen a Soja)

„BIO Pâte à tartinner à base de riz“ / Boerinneke / 200Gr /Barcode 5411146223560

(hei gouf vergiess unzeginn, datt de Produit ka Mëllechproteinen enthalen)

Konsumenten déi net vun enger Allergie géintiwwer Nëss, Mëllechproteinen an/oder Soja betraff sinn, kënnen déi genannte Produiten ouni bedenke benotzen.

Matgedeelt vum Regierungskommissariat fir d‘Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet, fraäi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Boerinneke, Colruyt, Delhaize, Konsumenteschutz, Liewensmëttelsécherheet, Réckruff
Next post Previous post