Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Nationalbibliothéik plënnert
International Money Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik plënnert

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!
International Money Neiegkeeten

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!

Den offizielle Programm vun der Editioun 2019 vun de „Journées

dislike
Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus
International Money Neiegkeeten

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune

money

Grouss Marke boykottéiere Facebook

Honda an Unilever hu matgedeelt, datt si an den USA virleefeg keng Reklamme méi op Facebook an Instagram placéieren – och Coca-Cola huet wësse gelooss, datt fir 30 Deeg all Werbung an de sozialen Netzwierker aussetzen

Grouss Marke boykottéiere Facebook

All dës Konzerner reagéieren op eng Boykottaktioun déi d‘Lescht Woch géint Facebook initiéiert ginn ass. Vun Honda gouf erkläert, datt ab Juli keng Reklamme méi geschalt ginn, fir en Zeeche géint den Haass an de Rassismus ze setzen. De James Quincey, CEO vu Coca-Cola, deelt den Avis vun de Japaner a statuéiert: „Et gëtt keng Plaz fir Rassismus an der Welt an et gëtt keng Plaz fir Rassismus an de sozialen Netzwierker“.

FacebookDe Liewensmëttelkonzern Unilever geet nach ee Schratt méi a kënnegt hunn, fir de Rescht vum Joer ganz op „bezuelte Reklamm“ an de sozialen Netzwierker verzichten ze wëllen. Si hunn hir Aktioun och op Twitter ausgewäit. Unilever huet scho länger Kritik um „bloe Vull“ ausgeüübt, well Twitter déi – deels héchst – ëmstridde Kuerznoriichten „nëmme“ kennzeechent an net läscht. Si Verlaange méi Verantwortung beim Ëmgang mat kontroverse Beiträg.

FacebookSi a nach vill aner grouss Marken (Ben & Jerry‘s, Verizon, Hershey) droen esou der anti-Facebook Campagne: „Stop Hate for Profit“ Rechnung, déi vu Mënscherechtsorganisatiounen an d‘Liewe geruff ginn ass. Dozou gehéiere beispillsweis d‘Anti-Defamatioun League, d‘NAACP a Color of Change. ONGen déi an den USA schonn zimmlech Afloss hunn an net agesinn, firwat een sollt 70 Milliarden US-Dollar Profit mat Haass a Gewalt generéieren.

Facebook beméit sech…

An enger Stellungnam versicht Facebook op déi genannte Virwërf anzegoen. Esou heest et, datt d‘Plattform all Joer Milliarden US-Dollar an d‘Sécherheet vun der Facebook-Communautéit géif investéieren. „Mir schaffe kontinuéierlech mat externen Experten zesummen, fir eis Richtlinnen ze iwwerpréiwen an ze aktualiséieren. Dank dësem Engagement kënne bis zu 90% vun den Haasskommentare lokaliséiert ginn, an dat nach iert ze gemellt ginn“.

E Spriecher vu Facebook huet awer zougestanen, datt d‘Entreprise nach vill méi leeschte muss, dat awer brauch seng Zäit. Nieft der Reform vun de Richtlinne solle weider Technologien entwéckelt ginn, fir méi effikass géint déi inkriminéiert Posts virgoen ze kënnen. Och de Mark Zuckerberg selwer huet sech zu Wuert gemellt. An engem Livestream huet hien annoncéiert, datt seng Firma verstäerkt géint Haasskommentarer a Fake-News virgoe wëll.

Facebook

Besonnesch hisichtlech den US-Presidentschaftswahlen am November, wëll Facebook verstäerkt „läschen“. Mee och bei de Reklamme wëll Facebook méi geziilt virgoen. D‘Standarde fir Werbung sinn iwwerschafft ginn. Ofwäertend an/oder Posts zu: ethnescher Zougehéieregkeet, Relioun oder sexueller Orientéierung solle blockéiert ginn. Dozou de Mark Zuckerberg: „Ech sti géint Haass an alles wat zu Gewalt animéiert“. Ob dat duergeet, bleift ofzewaarden…

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Ähnlech Sujeten Boykott, Facebook, Instagram, Reklammen, Stop Hate for Profit, Twitter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel