Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-east-riding-of-yorkshire/

Ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, huet dëse Freideg

lucky blue smith dating
https://moien.lu/dating-bakelite-jewelry/
International Neiegkeeten

Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot

De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) konnt um Méindeg, no der

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL
International Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL

Et ass eng vun den eelste Parteien zu Lëtzebuerg, oft

Marsch fir de Klima: Bierger vun Europa fuerderen e bessere Klimaschutz

Zu Bréissel, Paräis, Marseille a Lyon hunn dausende Mënschen um Aktiounsdag deelgeholl

Marsch fir de Klima: Bierger vun Europa fuerderen e bessere Klimaschutz

Bréissel, europäesch Haaptstad an Uert wou grondleeënd Entscheedungen zum Klima getraff ginn, hat de gréisste Rassemblement fir sech beusprocht. D‘Autoritéiten hunn eng 70.000 Manifestanten an de Stroosse vu Bréissel gesinn, déi sech dem „Marsch fir de Klima“ ugeschloss haten.

D‘Wieder hätt dierfe besser sinn, mee och de Reen an dat kaalt Wieder hunn d‘Leit net dovunner ofgehale kritt, sech fir e bessere Klimaschutz anzesetzen. Gefuerdert ginn ambitionéiert a gerecht Moossnamen zur Begrenzung vum Kuelendioxid-Ausstouss. Gefuerdert gëtt och, datt d‘Politik endlech handelt, Verantwortung iwwerhëlt an der Industrie net all Wonsch erfëllt…

Allerdéngs konnt net jiddereen, deen sech virgeholl hat un der Maniff deelzehuelen, zäiteg do sinn. D‘Zich a Richtung belsch Haaptstad waren därmoossen iwwerfëllt, datt dausenden Aktivisten „ze spéit“ dru waren. Fir beim Marsch Chaos a Gedrécks ze verhënneren, haten d‘Organisateuren sech dofir entscheet de Cortège eppes méi fréi wéi annoncéiert a Bewegung ze setzen.

Och zu Paräis – wéi all Mount zanter September – gëtt sech fir de Klima mobiliséiert. Et ass op en Defilé verzicht ginn, mee eng grouss Versammlung op der Place de la Republique konnt stattfannen. Wien heihinner komm war, huet sech enttäuscht vun der politescher Aktioun gewisen, Déi eenzeg Politiker op der Plaz: d‘Ekologisten, an déi weise mam Fanger op déi virecht Regierungen.

Marsch

„Wéinstens hunn ech mäi Beitrag geleescht“ © iamaselkie/Grenoble (via Twitter)

Zu Marseille, hunn d‘Organisateuren sech de „Vieux-Port“ als grouss Event-Plaz ausgesicht. Mat Danz a Rock-Musek ass op d‘Urgence higewise ginn, déi fir déi gesamt Weltbevëlkerung zielt, net nëmme fir Frankräich oder bedreeten Inselen. De Klimawandel, ausgeléist duerch dem Mënsch säi CO²-Ausstouss, an déi doduerch provozéiert Äerderwiermung wieren e Fakt.

Och zu Lyon war d‘Mobiliséierung en Erfolleg. Laut der Präfektur hunn sech hei ronn 5.000 Leit fir de Klimaschutz zesummefonnt. Bei dëser scho 4. Maniff fir de Klima, hu sech déi dausende Leit mat der Hand geholl, fir eng Mënschekette vun zwee Kilometer ze maachen, déi de ganzen Zentrum vu Lyon ëmkreest huet. Interessant: iwwerall hu vill Familljen zesumme matgemaach.

mat indymedia/bru/par

Foto: D‘Mënschen hunn e Message, an dee kann net méi däitlech sinn. © Migzuel Trigo Moran, Bréissel (via Twitter)

Ähnlech Sujeten #youth4climate, Äerderwiermung, Bréissel, Klimawandel, Lyon, Marsch fir de Klima, Marseille, Paräis, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel