Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt
International Neiegkeeten

dating rye pottery

Dausenden Israelien hunn e Sonndeg, notamment zu Tel Aviv, géint

dating someone with depression and anxiety quotes
International Neiegkeeten

Konsumenteschutz: E Fiels an der Brandung!

Am Uschloss un d‘Generalversammlung vum Konsumenteschutz (ULC) vum leschten 8.

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn
International Neiegkeeten

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn

Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg en „duebele“ juristesche

Venezuela: de Marsch op Caracas

Venezuela: de Marsch op Caracas

Während am Venezuela „de Stroum ausgefall ass“, wat jee no Standpunkt als „Panne“ oder als „Sabotage“ bezeechent gëtt, huet den Dissident Juan Guaido zum Marsch op Caracas opgeruff.

Den Oppositiounsleader, dee sech selwer zum Interimspresident vum Venezuela proklaméiert huet, wëll den Drock op den amtéierende President Nicolas Maduro erhéijen, an huet virun dausende Supporter zu Caracas eng „Tournée“ duerch Venezuela ugekënnegt, zu där hirem Ofschloss hien da wëll den Datum bekannt ginn, mat deem de Marsch op Caracas soll ageleet ginn.

 

Caracas

Et gëtt sech heibäi ganz däitlech op e bewaffente Konflikt virbereet. De Juan Guaido huet sengen Unhänger erkläert, datt hie noutfalls eng „Interventioun“ aus dem Ausland géif fuerderen. Esou eng bewaffent Interventioun wier vun der venezuelanescher Verfassung gedeckt. Déi géif nämlech e militäreschen Asaz vum Venezuela guttheeschen, mee och vun „Auslänner am Land“.

Domatter léichen dann all Optiounen um Dësch, an zu Washington, wéi bei de „Noperen“ dierft dem Dissident seng Ried op Zousproch gestouss sinn. Et gëtt ëmmer méi ersiichtlech, datt et hei eng militäresch Operatioun virbereet gëtt. Datt esou „Interventiounen“ seelen dee Verlaf huelen deen d‘Strategen sech ausgeduecht hunn (Bsp. Irak) schéngt d‘Weltgemeinschaft net ze këmmeren.

Gemässegt Muechtdemonstratioun

Bei der Demonstratioun zu Caracas koum et zu Zesummestéiss tëscht Manifestanten a Police. Esou beispillsweis op der „Avenida Victoria“ am Stadzentrum, déi Strooss gespaart gi war. Fir d‘Leit e gudde Grond ze betounen „Mir liewen an enger Diktatur, mir wëllen Demokratie“. Et sollt een hinne vläicht soen, datt dat wat d‘USA mat Venezuela vir hunn, keen demokratesche Prozess ass.

Caracas

Mee och d‘Nationalgarde war present, an huet sech op de „strategesche“ Kräizungen opgestallt. Si hunn d‘Manifestanten net passéiere gelooss, an et soll zum Asaz vu Pefferspray komm sinn. Vu Verletzten oder Verhaftungen ass den Ament näischt gewosst. Dofir war d‘Berichterstattung an deene Länner, déi den Dissident als „Interimspresident“ unerkannt hunn, zimlech eesäiteg…

Allerdéngs hat och de Nicolas Maduro zu enger grousser Demonstratioun opgeruff. Eng Maniff géint den Imperialismus: „Haut si mir méi soss Antiimperialisten. Mir wäerten eis ni erginn“, esou de venezuelanesche President via Twitter. Ugesiichts der Tatsaach, datt och hei immens vill Leit sech bedeelegt hunn, léisst sech eng brisant Fraktur an der Gesellschaft net méi verleegnen.

Wat huet et mam Stroumausfall op sech?

An der Haaptstad Caracas, wéi eigentlech am ganze Land, gëtt et zolidd Problemer bei der Stroumversuergung. Villes wier mëttlerweil nees „behuewen“, mee zum Zäitpunkt vun eiser Berichterstattung huet et nach a 6 vun 23 Provënzen keen elektresch ginn. Ugesiichts der ugespaanter Lag am Land, ass et net méiglech ze erfaassen, op „Panne“ oder „Sabotage“.

Caracas

Béid Kontrahenten, notzen de Problem propagandistesch aus. Den Dissident stellt pragmatesch fest datt d‘Regierung déi selwer verschëlt „Stroumkris“ net iwwerwonne kritt. De venezuelanesche President bezichtegt US-Agitatore Sabotage am Land ze bedreiwen. Bei der Aart a Weis wéi sech dëse „Stroumausfall“ duerstellt, ass eng gewëssen Absicht derhannert awer ganz kredibel.

Wéinst dem Stroumausfall wiere bis ewell 17 Mënsche verstuerwen, 9 Dovunner an der Urgence. Dialys-Patiente kënnen och net wéi gewinnt versuergt ginn. 15 vun hinnen, wieren un de Folge vun der „Panne“ gestuerwen. Well am Venezuela nëmme ganz wéineg Spidoler op e Stroumgenerator zréckgräife kënnen, huet de „Blackout“ villeruerts fir chaotesch Zoustänn gesuergt.

Caracas

mat indymedia/ccs/bog

WikiLeaks-LinK: https://wikileaks.org/plusd/cables/06CARACAS3356_a.html

Ähnlech Sujeten Interventioun, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Stroumausfall, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel