Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert
International Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-app-success-stories/

Um Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) d‘Press agelueden, fir

pass dating
International Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!
International Neiegkeeten

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!

Datt Kanner mat engem „Handicap“ am allgemengen et net liicht

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?

Fir den 90 järege Jean-Marie Le Pen, rietsradikale Politiker, Grënner vum „Front National“, stellt sech déi Fro net. Hien ass der Usiicht, datt Frankräich dem Marschall Pétain, grad wéi allen anere militäresche Führer, zu Éiere verflicht ass.

Eng Wuertmeldung, am Kontext vun der Commemoratioun vum 100 Anniversaire vum Enn vum 1. Weltkrich, déi Gewiicht huet. „Et ass den Anniversaire vum 1. Weltkrich. Et ass de Combattanten, an hire Cheffe vun deemools, deenen een d‘Éier ze bezeien huet, egal wat fir eng Perséinlechkeet si duerstellen. De Marschall Pétain sollt en Deel vum Grupp vun de Marschalle sinn, deenen een en Hommage zougestanen huet. Dat erschéngt mir banal“, esou de Jean-Marie Le Pen.

„Kee Mënsch bestreit déi imminent wichteg Roll déi de Marschall Pétain am 1. Weltkrich gespillt huet. Déi Polemik déi vun dësem Punkt ausgeet ass mir gänzlech onverständlech“, mengt dee Mann dee bal 40 Joer laang de rietsradikale „Front National“ geleet huet, bis hien 2015 aus der (eegener) Partei verjot gouf, well hien sech zu polemeschen Aussoen zur Shoah an dem 2. Weltkrich hiräisse gelooss hat. Et war dann och laang roueg ëm dëse streiderege Charakter…

De Macron huet ugefaangen

An de Jean-Marie Le Pen wier wahrscheinlech kengem opgefall, wann et net grad de franséische President selwer gewiescht wier, deen déi ganz Pétain-Polemik lassgetrueden hätt. Deen hat um Mëttwoch d‘Kontroverse lancéiert, andeems hien et fir legitim befonnt huet, de Marschall Pétain, am Numm vun deem wat hien am 1. Weltkrich geleescht huet, an den Hommage vum kommende Samschdeg an den „Invalides“, dee fir all déi militäresch Führer vum Konflikt gëllt, anzebannen.

Um Donneschdeg huet den Emmanuel Macron versicht de Virfall ze miniméieren, an deklaréiert datt „et ni rieds gaangen ass, de Pétain individuell ze éieren“. D‘Exekutiv huet preziséiert, datt de Chef vum Etat-Major e Samschdeg „e Kranz op d‘Graf vun de fënnef Marschallen, déi op den ‚Invalides‘ hir lescht Rou fonnt hunn, néierleeë wäert. De Pétain huet do kee Graf“. De Marschall war an Diskredit gefall, well hie während dem 2. Weltkrich mam Nazi-Regime kollaboréiert huet.

A senge „Memoire“, huet de Jean-Marie Le Pen festgestallt, datt „de Marschall Pétain net géint d‘Éier verstouss huet, wéi hien de Waffestëllstand 1940 ënnerschriwwen huet“. Seng Duechter Marine Le Pen, dat aus dem Papp sengem Front National de Rassemblement National gemaach huet, hat 2017 behaapt, Frankräich wier net verantwortlech fir d‘Rafle vum „Vel d‘Hiv“, wou 13.000 Judden agepercht goufen iert si an d‘Vernichtungslager an Osteuropa deportéiert goufen.

mat AFP

Foto: De Marschall Philippe Pétain, dee sech och als „Léif vu Verdun“ am 1. Weltkrich eng Renommée gemaach huet, steet am Zentrum vun enger Polemik. Hien deen am 2. Weltkrich mam Nazi-Regime kollaboréiert huet, soll am Kader vum 100. Anniversaire zum Enn vum „grousse Krich“ geéiert ginn. © archives/AFP

Ähnlech Sujeten 1.Weltkrich, Emmanuel Macron, Frankräich, Jean-Marie Le Pen, Philippe Pétain
Nächsten Artikel Virrechten Artikel