Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race
International Neiegkeeten

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race

Duerch den Dout vum Grand-Duc Jean ass dëst Evenement op

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU
International Neiegkeeten

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU

Et ass net de Krich am Jemen, dee mat all

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt
International Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst

Fir Matgefill géintiwwer den Italiener an de Spuenier huet et nach gereecht, fir Hëllefsbereetschaft allerdéngs feelt et eendeiteg u Verstand

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst

An der Nout erkennt ee seng Frënn, heescht et a mat der „Frëndschaft“ ënnert de Länner vun der europäescher Unioun ass et erwisenermoossen net méi wäit hir. Solidaritéit war u sech nach ni wierklech eppes wat sech duerchgesat huet.

Et huet se net an der Wirtschaftskris an net bei der Immigratiounswell ginn an esou verwonnert et net, datt Länner sech ofwennen a déi Hëllef unhuelen déi se kréien. Statt matenaner ze schwätzen, reent et fërmlech Virwërf. Den europäesche Süde werft dem europäeschen Norden Arroganz vir, de Weste bezichtegt den Osten d‘Rechtsstaatlechkeet ze ënnergruewen… Et ass Zäit fir Groussbotz.

Schon an der Ära Juncker huet et schwéier Ramouert an esou war et och dem fréiere „Mister Euro“ net méiglech, no „Bewältegung“ vun der Wirtschaftskris – déi zu enger Bestrofung vun de schlechte „Schüler“ gefouert huet – eng gerecht Opdeelung vun der Laascht hinzekréien, déi am Kontext vun der Flüchtlingskris och just déi Länner voll getraff huet, déi an der Wirtschaftskris verluer hunn.

D‘Griichen hunn déi wéineg rentabel Staatsbetriber (Fluchhäfen, Energieversuergung…) misse privatiséieren an sech eng Austeritéitspolitik zouleeën, déi Däitschland maassgeeblech initiéiert huet. Et sinn dann och déi Däitsch Entreprisen, déi sech déi „bescht Stécker“ geséchert hunn. De Gesondheetssystem ass zesummegebrach, Leit hu hir Wunnenge verluer… Hëllef gouf et wéineg.

An du sinn d‘Flüchtlinge komm… Griicheland, Spuenien an Italien ware séier zimlech eleng mat hinne beschäftegt, well den europäeschen Oste martialesch seng Grenzen zougesat huet (wat zur Grënnung vun der Visegrad-Grupp gefouert huet, an där sech déi nei Faschiste versammelt hunn). Elo wou de Coronavirus Covid19 sech an der EU ausbreet, dreet d‘Unioun ausenanerzebriechen.

Alles huet esou seng Konsequenzen

Ungarn geet de Wee vun der Diktatur an erkläert de Viktor Orban zum „Führer“, Italien ass an leschter Instanz drop ugewisen sech vu China, Russland a Kuba hëllefen ze loossen, an et zeechent sech of, datt de Süden an der kommender Wirtschaftskris, déi sech der sanitärer Kris onweigerlech wäert uschléissen, muss de volle Präis bezuelen, well eng gemeinsam Verschëldung net gewollt ass.

An den „europäesche Süden“ fänkt mëttlerweil zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche, F) un. Och eis Noperen hu wéinst der Pandemie, missen op d‘Hëllef vu Kuba zréckgräifen, ouni déi hir Kolonien an der Karibik vum Virus riskéieren deziméiert ze ginn. Néng Länner fuerdere vu Bréissel eng Vergemeinschaftung vun der Verschëldung, fir u Kreditter mat niddregem Zëns ze kommen…

Mee de Begrëff „Scholdegemeinschaft“ ass net nëmmen zu Berlin dat berüchtegt „rout Duch“. An esou flaamt den Dissens tëscht Norden a Süden nees op. Europa awer, wou déi meescht sech mat hirem Nuebel beschäftegen a just op den eegene Virdeel fixéiert sinn, dreet eng wirtschaftlech a politesch Apokalyps. Gëschter awer ass zu Bréissel endlech eppes Dynamik an den Debat komm.

Marschall-Plang

D‘Ursula von der Leyen ass als EU-Kommissiounspresidentin beméit ze vermëttelen, riicht all Dag op neits en Appell zur Solidaritéit un d‘Memberlänner a fuerdert dat onméiglecht. Den neie pluriannuelle Budget vun der EU soll „ee Marschall-Plang fir déi europäesch Unioun sinn“. A wéi gutt esou ee Plang funktionéiere kann, sollte Grad eis däitsch Noperen nach an Erënnerung hunn.

Ouni Zesummenhalt geet et net

Et ass interessant festzestellen, datt der EU-Kommissiounspresidentin hir Analogie, eis weist, wéi grouss d‘Angscht virun der bevirstoender Wirtschaftskris och zu Bréissel ass. Eng Angscht déi gewëss och vum politeschen Dissens bannent der Unioun befligelt gëtt. Wann awer d‘Appeller no Solidaritéit solle politiséiert ginn, muss een och d‘Bierger an de räiche Länner iwwerzeegen.

Wéi haart sech Folge vun der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19 op déi eenzel Vollekswirtschaften auswierke wäert, dat léisst sech onméiglech virausgesinn. Geséchert ass just, datt eis an Europa d‘Wirtschaftskris vun 2008, wéi ee Kannergebuertsdag wäert virkommen. Déi gesamt Weltwirtschaft ass betraff, an nëmme wie staark „Partner“ huet, kann dat iwwerstoen.

Dofir musse mir eis enger Saach séier an ouni Viruerteeler anere géinteniwwer, um Rimm Rappen. De gemeinsame rechtleche Kader ass dat stäerksten Instrument vun der europäescher Unioun. Beschlëss déi zesumme geholl ginn, si verflichtend a sollt sech ergi wat sech zur Stonn ofzeechent, also datt dës Prinzipien net méi gülteg sinn, da sinn d‘EU an déi gemeinsam Währung am Aarsch…

Bleift eis nach d‘Hoffnung, datt d‘Cheffin zu Bréissel mat hirem neie Projet „SURE“ esou eppes wéi ee Konsens – wann och widderwëlleg – zustane kritt. D‘Kommissioun wëll mat dësem „Instrument vun der Solidaritéit“ (100 Milliarden Euro) d‘Wirtschaftsacteuren ënnerstëtzen. Et geet drëms „Mënschen am Job an Entreprisen um Lafen ze halen“, esou d‘Ursula vun der Leyen.

mat indymedia/bru/lgg

Illustratioun: © Conor Luddy / unsplash

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Marschall-Plang, Sanitär Kris, Solidaritéit, SURE, Ursula von der Leyen, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel