Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland
International Neiegkeeten egypt dating scams

logout asian dating

Nom Récktrëtt vum Premierminister Antti Rinne soll déi aktuell Verkéiersministerin

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen
International Neiegkeeten egypt dating scams

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…
International Neiegkeeten egypt dating scams

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…

D’Vakanzenzäit kënnt mi no, an di meescht wësse scho ganz

surprise

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

12.000 Jonker fuerdere vun hirer Regierung eng Zukunft fir d‘Ëmwelt

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure sollen et der eppes iwwer 13.000 gewiescht sinn. Et war zudeem schonn déi 2. Editioun vun enger Initiativ déi Bréisseler Studenten an d‘Liewe geruff hunn, an mat där si politesch Moossname géint de Klimawandel fuerderen.

De Slogan vun der Maniff: „D‘Wëssenschaftler ginn et sech net midd eis ze erklären, datt mir eist eegent Graf gruewen, an awer mécht keen eppes!“ De Mouvement „Youth 4 Climate“ erfreet sech iwwer vill Zousproch, an ëmmer méi Studenten engagéiere sech. Bei esouvill Asaz, a gewosst ëm wat e hei geet, erhoffen sech d‘Organisateuren, datt dës Manifestatioun elo all Donneschdeg soll stattfannen. Mat aner Wierder: et soll elo all Donneschdes blo gemaach gi fir ze demonstréieren.

Klima

E Mouvement dee sech, eegenen Aussoen no, an de Kapp gesat huet, d‘Politiker an därer déi sech dofir halen, esou laang en Ouer ze maachen, bis sech eppes deet. An et soll sech virun allem a méiglechst zäitno eppes a punkto Klimawandel doen. D‘Studenten, déi d‘lescht Woch nëmmen zu hirer 3.000 Waren, werfen der Regierung Inaktivitéit am Kampf géint de Klimawandel vir. Si si veriergert, datt d‘Politik sech der Industrie a Wirtschaft ënnerwerft, an hir Zukunft affert.

An d‘Studente sti mat erhuewenem Kapp an fir hir Zukunft. Si maachen deenen, déi hinnen Dag fir Dag riicht an d‘Gesiicht léien, an zudeem och nach de Courage hu Fuerderungen un déi jonk ze stellen, elo däitlech, datt mat hinnen ze rechnen ass, all Donneschdeg, vu Woch zu Woch, vu Mount zu Mount. „Wat mécht et fir Sënn ze léieren, wann si eis Zukunft dropwichsen, iert si fir eis ugefaangen huet?“, freet den Oliver, Informatikstudent vu 17 Joer. Eng Fro déi Sënn mécht…

Déi „Beschëllegt“ wieren sech

Esou e Mouvement, dat ass fir déi politesch Elite an der Belsch schonn zimlech zolidd en „Affront“ an déi flammännesch Erzéiungsministesch, Hilde Crevits, huet natierlech weder eng Propose nach eng Léisung fir all dës Studenten, déi eenzeg an eleng ëm hir (an accessoirement och eis) Zukunft fäerten. Nee si mécht een op „Trump“ an schéckt de Studenten en Tweet: „blo maachen ass net déi richteg Method“. Studenten hätte gefällegt no der Schoul ze manifestéieren…

Klima

D‘Studenten hunn anscheinend méi Vertrauen an de Kleesche wéi an d‘Politiker. An esou laang wéi genee dës Politiker d‘Enveloppe vun der Industrie a Wirtschaft kasséieren, wäerten och eenzeg an eleng deenen hir Interesse verdeedegen. De Klima gehéiert definitiv net derzou. © Sophie (via Twitter

D‘Hilde Crevits, vergësst heibäi datt si zum engen datt si d‘Interesse vun de Schüler vertriede sollt, an eigentlech den Dialog hei déi besser, wann net esouguer déi „richteg Method“ wier. „Wien näischt kapott schléit, net mindestens dausend Poliziste beschäftegt, an d‘Waasserwerfer an den Asaz zwéngt, mat deene schéngen d‘Politiker net den Dialog ze sichen“, bedauert den Oliver, deen sech dem Mouvement nëmmen ugeschloss huet, well e friddlech ofleeft.

An tatsächlech. Eis géinteniwwer huet e Beamten, deem seng zwee Kanner matmarschéiert sinn, hanner virgehalener Hand gesot: „Wéi déi jonk Leit de Mëtteg lassgaange sinn, huet e fréiere Minister gemengt, datt déi Kanner hei de falsche Virbiller nolafen, an dëse Mouvement spéitstens zur Prüfungszäit en Enn hëlt. Si hätten net déi Iwwersiicht déi een op politeschem Niveau huet, géifen och net wëlle verstoen, firwat politesch Entscheedunge getraff gi, wéi se getraff ginn“.

Dobäi wëllen d‘Organisateure vu „Youth 4 Climate“ nëmme vun hirer Regierung, datt si e Plang op d‘Bee stellt, deen et erlaabt d‘Äerderwiermung ënner +1,5°C ze behalen. Mee genee dat wëll déi net, soss hätt si net géint eng EU-Direktiv gestëmmt, déi méi a besser Moossnamen zum Anhale vun de Klimaziler wéi am Paräisser Accord enthalen, méiglech gemaach hätt.

mam Sophie, Studentin zu Bréissel (via Twitter)

Foto: Blo maache fir d‘Welt e Stéck méi liewenswäert ze maachen. Zu Bréissel ware gëschter iwwer 12.000 Studenten, fir déi zweet Editioun vun „Youth 4 Climate“ op d‘Strooss gaangen. © Sophie (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Bréissel, Klimawandel, Politik, Protest, Studenten, Youth for Climate, Zukunftsperspektiven
Nächsten Artikel Virrechten Artikel