Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU
https://moien.lu/poz-dating-apps/ dating site for sports fans

buy online dating site

Zu Bonn geet et beim Europaparteidag vun „die Linke“ ëm

2date dating
https://moien.lu/poz-dating-apps/ dating site for sports fans

déi gréng schloen en neit Kapitel op

Zwee Männer ginn a zwou jonk Damme kommen. Och esou

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit
https://moien.lu/poz-dating-apps/ dating site for sports fans

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit

Eng Fläsch mat nostalgeschem Design a flëssegem gëllenen Inhalt strahlt

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt

„Hei ass et d‘Hell“, „Leit stierwe fir näischt“: Zu Marseille ass d‘Stëmmung bedréckt, d‘Roserei klëmmt. Een Dag, nodeems eng Rei al Gebaier am Stadzentrum vun dëser renomméierter Küstestad zesummegebrach sinn, an wou et op mannst véier Affer ze bekloe gëtt, stellen sech vill Froen…

Véier Kierper, déi vun zwee Männer an zwou Fraen, sinn en Dënschdeg am immensen Trëmmer-Koup vun de Secouristen entdeckt ginn. De Procureur vun der Republik zu Marseille, Xavier Tarabeux géintiwwer de Medien: „An engem vun de Gebaier op 65 rue d‘Aubagne, hunn sech mat grousser Wahrscheinlechkeet fënnef Persounen an dräi Gäscht opgehalen“.

„D‘Kierper déi fonnt goufe konnten nach net identifizéiert ginn, an d‘Aarbechte wéi och d‘Sich no weidere méiglechen Affer, gi weidergefouert“, preziséiert de Regional-Präfekt Pierre Dartout. Vun den Autoritéite war schonn e Méindeg annoncéiert ginn, datt d‘Sich no Iwwerliewenden sech iwwer e puer Deeg hinzéie kéinten. Zudeem muss de Secteur geséchert ginn.

Just dat néidegst mathuelen

A klenge Gruppen, konnte vill Awunner vun den ugrenzenden Haiser, um Dënschdegnomëtten hir Wunnengen opsichen, fir dat néidegst anzepaken. Eng Journalistin vun der AFP huet Leit gesi mat Säck a Wallissen d‘Haiser verloossen, an et huet der esouguer ginn, déi hir Tëlee ënnert dem Aarm haten. D‘Residente vun der Nummer 69 tréischten sech: „op mannst si mir um Liewen“.

Marseille

Eng Siicht op de Site wou d‘Haiser a sech zesummegefall sinn. Hei ginn zur Stonn véier Affer beklot. © Amin Aykel/AFP

Mee d‘Sonia ass sténk sauer géint all déi „Schlofhändler déi d‘Gebaier net ënnerhalen. (…) ech wunnen elo gutt 10 Joer hei, an nach ni hunn ee gesinn, dee mäin oder en anert Appartement ënnersicht hätt“. Dem Sonia seng Nopesch verséchert, a 27 Joer kengem begéint ze sinn, deen sech ëm den Entretien vun den Haiser gekëmmert hätt. Elo no der Katastroph, sinn d‘Leit veriergert.

„Hei ass et d‘Hell. Si wëssen datt et Schäiss ass a Leit stierwe fir näischt“, denoncéiert en aneren Awunner, den Tarik Ben Rhouma d‘Situatioun, a gëtt sech iwwerzeegt, datt alles d‘Schold vun der Märei ass. D‘Anissa Ali Souali, déi mat hirem Mann an dräi Kanner hei en Appartement zum Präis vu 500 Euro/Mount gelount huet, hëlt och kee Blat virun de Mond a beschëllegt d‘Märei.

„Et ass alles voll vu Kakerlaken, de Plafong ass beschiedegt, Waasser sickert duerch… Dat a soss Problemer, dat alles woussten si op der Märei. Ech hat d‘lescht Joer, mat Hëllef vum Sozialbüro, ee vun der Gemeng komme gelooss. Deen huet sech wuel alles ugekuckt, mee de Proprietär keent do Leit op der Gemeng…“ iergert sech d‘Fra déi bei hirer Schwëster en Ënnerdaach fonnt huet.

Elo misst awer ee Verantwortung iwwerhuelen

De Syndikat vum Haus Nummer 65, wou néng Appartementer besat waren, huet der AFP géintiwwer verséchert, datt all brauchbar Moossnamen ergraff gi waren, fir d‘Gebai sécher ze maachen. Si sinn der Meenung, datt d‘Katastroph de schlechte stateschen Zoustand vum Haus Nummer 63 geschëlt ass. Dat gehéiert der Märei an ass säit Joren zougemauert.

Wann d‘Gemeng d‘Hypothees ernimmt huet, datt et méiglecherweis dem staarke Reen vun de leschten Deeg geschëlt wier, datt et zur Katastroph komm ass, esou gesinn d‘Vertrieder vun der Oppositioun d‘Situatioun eppes anescht. Fir déi wier et virun allem mam Problem vum Logement am generellen, an deem vun der insalubritéit am besonnesche geschëlt.

Marseille

An den enke Gaasse vu Marseille, ass et keng einfach Ugeleeënheet „opzeraumen“. Aarbecht déi virsiichteg erleedegt muss ginn, well et nach Leit ënnert oder an den Trëmmer kéint ginn. © Gerard Julien/AFP

Um fréien Owend, huet d‘Adjointe vum Buergermeeschter am Logement, Arlette Fructus, déi immens Aarbecht verdeedegt, déi säitens der Märei geleescht gëtt, fir den onwierdege Wunnraum ofzeschafen. „Mir hu vill am Stadzentrum geschafft, 50 Gebaier, also ronn 500 Wunnenge rehabilitéiert“, ënnersträicht d‘Arlette Fructus, déi de Feeler net bei der Gemeng gesäit.

Mat gudden Absichten ass et net gedoen

Richteg ass: säit 2011 huet d‘Märei en enorme Plang fir d‘Requalifikatioun vum Stadkär lancéiert. Leider ouni wierklech de Problem an de Grëff ze kréien. An engem Bericht, deen 2015 der Regierung virgeluecht ginn ass, bedreet den „onwierdege Wunnraum“ d‘Gesondheet an/oder d‘Sécherheet vun eppes iwwer 100.000 Awunner vu Marseille.

„Et kann net sinn, datt sech esou eppes zu eiser Zäit zoudréit. Et muss e ‚Virdrun‘ an en ‚Duerno‘ ginn, et brauch en Elektroschock. Dësen Datum muss d‘Enn vun enger Epoch sinn. De Stadzentrum vu Marseille brauch zwéngend Hëllef. Datt all déi, déi wou et sech dat net zoutrauen et aneren Iwwerloossen déi Ahnung hunn“, esou de Christian Gouverneur, dee géinteniwwer wunnt.

Vun enger Enquête duerch d‘Justiz ass näischt gewosst. Och wien hei muss d‘Verantwortung iwwerhuelen, oder se um Enn wäert iwwerhuelen, ass nach net gewosst. Den Ament sinn op der Plaz nach d‘Rettungsdéngschter am Asaz, well nach Persoune vermësst ginn…

mam Beatrix Baconnier-Martin an Estelle Emonet/AFP

Foto: Déi ganz al Bauweis vun den Haiser déi zu Marseille zesummegebrach sinn, bitt wéineg Chancen, datt sech Huelraim bilde kënnen. D‘Iwwerliewenschance sinn an engem Fall wéi hei an der franséischer Hafestad, ganz geréng. © Gerard Julien/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, Katastroph, Logement, Marseille
Nächsten Artikel Virrechten Artikel