Search

You may also like

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!
Erkläert Kultur Stories

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!

Fir Groussbritannien ass dës Sängerin ee vun de gréissten opbléienden

GEWËNNSPILL 2019: Sitt mat dobäi um Auto-Cross zu Helleng!
Erkläert Kultur Stories

GEWËNNSPILL 2019: Sitt mat dobäi um Auto-Cross zu Helleng!

Loscht op Bulli, Bensin an Béier? Wann Dir Fan vun

Reduzéierten Asaz vu Pestiziden: Wann et muss sinn gëtt dat ageklot
Erkläert Kultur Stories

Reduzéierten Asaz vu Pestiziden: Wann et muss sinn gëtt dat ageklot

Beim Mouvement Ecologique (MECO) ass de Gedoldsfuedem gerass. Schonn zanter

Marvel’s The Defenders, erkläert

Den 18. August geet Marvel’s The Defenders op Netflix online. D’Serie ass den Héichpunkt vun engem jorelaangen Effort, Marvel zu engem groussen Numm am Streaming ze maachen, nodeems d’Kinoe scho vun hinne beherrscht ginn. Mee wat sollt een eigentlech alles wëssen, iert een d’Serie kuckt?

Wat ass Marvel’s The Defenders?

The Defenders ass eng Marvel Netflix Mini-Serie, déi op engem Comic aus de 1970er Jore baséiert. Ähnlech wéi bei den Avengers kommen hei verschidde Superhelden zesummen, fir en Team ze bilden. An de Comics waren dat ursprénglech den Hulk an den Doctor Strange, an der Netflix Serie sinn dëst den Daredevil, d’Jessica Jones, de Luke Cage an den Iron Fist.

Muss ech déi aner Marvel Netflix Serie gesinn hunn, fir et ze verstoen?

Vue datt all Netflix Marvel Serie, déi virdru komm ass, wichteg Handlungselementer zesummendréit, déi hei hiren Ofschloss fannen, wier et empfeelenswäert. Net all Serie ass do d’selwecht wichteg, sou kéint een duerchaus The Iron Fist iwwersprangen, kommen hei kaum wichteg Plotelementer dobäi. Ween allerdéngs e gudden Abléck an all Figur wëll hunn, sollt wierklech all Serie virdru gesinn hunn.

Muss ech Marvel-Filmer all gesinn hunn, fir se ze verstoen?

Net wierklech. Déi zwee Avengers Filmer gesinn ze hunn geet duer, fir e ganz gudden Iwwerbléck iwwert den Universum ze hunn. Mee och dat kéint een sech à la Limite och nach spueren.

Muss ech eppes mat de Comics um Hutt hunn?

E Virwëssen aus de Comics ass absolut net néideg. Et kann engem awer verschidde Referenzen an Zeenen duerchaus verséissen.

Ween ass den Daredevil?

Den Daredevil heescht a Wierklechkeet Matt Murdock an ass a blannen Affekot. Opgrond vu senger Blannheet an der Verstrahlung duerch en Akzident sinn alleguerten seng aner Sënner iwwernatierlech geschäerft. E probéiert souwuel a senger Roll als Affekot als och als Daredevil fir Gerechtegkeet ze suergen. Dobäi konzentréiert en sech haaptsächlech op Hell’s Kitchen, engem New Yorker Quartier a Manhatten.

Ween ass d’Jessica Jones?

D’Jessica Jones ass eng Privatdetektivin. Während duerchaus ugedeit gëtt, datt et hier Superkräft probéiert huet, als kostüméiert Heldin anzesetzen, probéiert et haut inkognito duerch d’Liewen ze kommen.

Ween ass de Luke Cage?

De Luke Cage ass en eemolegen Häftling, deen duerch eng Rei Experimenter quasi onverwondbar gemaach ginn ass. Während en an de Comics oft mam Iron Fist zesumme schafft, gëtt en am Netflix-Universum zesumme mam Jessica Jones agefouert. An de Comics ass en och als Power Man bekannt.

Ween ass The Iron Fist?

Den Iron Fist, och bekannt als Danny Rand, gouf an engem mystesche Land mam Numm K’un Lunn zu enger Aart geheimer Waff trainéiert. No 15 Joer Absence huet e missen a New York d’Firma vu sengen Elteren erëm ënnert seng Kontroll bréngen. Hie kann Chi a senger Hand zur Iron Fist konzentréieren.

Related topics Kultur, Marvel, Marvel's Defenders, Netflix
Next post Previous post