Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Cargolux verdéift seng Relatioune mat chinesesche Banken
Kultur who is fangs dating who is dating lil wayne daughter

speed dating london 2018

Am Kader vun enger Wirtschaftsmissioun déi vum Minister Pierre Gramegna

carry on dating cast
Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump
Kultur who is fangs dating who is dating lil wayne daughter

Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump

Bei engem „klénge“ Sommet haut zu Bréissel, wäerten d‘EU a

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!
Kultur who is fangs dating who is dating lil wayne daughter

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!

Zum weltwäiten Dag vum Autismus um 2. Abrëll verlouse mir

surprise

Marvel’s The Defenders ass en Experiment, wat net ganz gelénge wëll

Netflix a Marvel wollten um klengen Ecran dat erreechen, wat am Kino scho gelonge war: E puer ënnerschiddlech Serien opbauen, déi an enger finaler Serie mënden. Eng gutt Theorie, déi ee vun de Grondwerter vun der Comic-Industrie duerstellt. Op Netflix sollte véier eenzel Serie erfollegräich an The Defenders gipfelen. Dat fonctionnéiert, huet awer seng Problemer. Déi deels schonn aus den eenzelne Serie bekannt sinn.

Voll an der Hand

Vun der Handlung hier ass alles ganz einfach gehalen: D’Organisatioun The Hand, déi eng Mëschung aus Ninjas a Bürosleit sinn, probéieren e Mëttel fir Onstiewlechkeet ze kréien. Dat wier jo alles ganz relax, missten se dofir net engem groussen Deel vun New York dem Erdbueden gläich maachen. Zum Gléck ass New York e richtegen Hotspot fir Superhelden. Déi véier déi hei am Mëttelpunkt stinn an zesumme fannen: Daredevil, Iron Fist, Luke Cage a Jessica Jones.

Sou wäit, sou einfach. Ween d’Serie virdrun gesinn, weess, wéi eng Figure vu vir eran méi interessant sinn: De Luke Cage an d’Jessica Jones haten duerchgoend déi besser Serien an flottste Personnagen ze bidden. Den Daredevil huet insgesamt gutt geklappt, wann och déi zweet Staffel beim Opbau vun The Hand nawell zimlech nogelooss huet. Iron Fist dogéint war einfach nëmme schlecht, wat net nëmmen un engem schlechten Plot läit, mee och um onsympatheschen Haaptcharakter an afallslose Kampfszenen.

Dommerweis konzentréiert sech The Defenders dann dach relativ staark op d’Iron Fist, wat dozou féiert, datt d’Serie drënner leit. E bëssche bessert sech dat duerch d’solidd Chemie tëscht him an dem Luke Cage, mee et géif ee sech wënschen, méi vum Cage a vum Jessica Jones ze gesinn. Apropos solidd: Zum Gléck sinn déi meescht Kampfzeenen uerdentlech gemaacht. Ech schreiwen dat net nëmmen, well et der vill ginn, an se domadder e grousse Bestanddeel vun der Serie ausmaachen, mee och, well se bei Iron Fist net sou ganz hinhae wollten.

Um Virbild laanscht

Dat wierklech grousst Feierwierk kënnt allerdéngs ni. Bis zum Schluss waart een dorobber, datt eppes bombastesches geschitt. Dat läit och drounner, datt d’Erwaardungen e bësschen a Richtung Avengers ginn. Dofir ass awer hei bei wäitem net de Budget virhanden, wat sech geleeëntlech hei bemierkbar mécht. Ëmmerhinn bleiwen d’Actionzeenen doduercher relativ buedenstänneg. Ee Problem kënnt awer durch d’Personnagen: Kee vun deenen huet elo wierklech speziell Fäegkeeten. Egal op Daredevil, Jessica Jones, Luke Cage oder Iron Fist: Si all kënne gut mat der Fauscht op eppes schloen. Dat war et sou zimmlech, an doduercher kënnt keng Ofwiesslung dran.

Dat heescht elo net, datt The Defenders schlecht ass. Nëmmen, datt et e mëttelméissegen Ofschloss fir e gesamte Projet ass, deen och am Resumé zimlech duerchschnëttlech ass. Dat ass schued, och well d’Industrie dee Modell do onbedéngt op de Wee brénge wëll. Elo komme jo nach weider Serien aus (ënnert anerem The Punisher). Hoffe mer, datt bäigeléiert gëtt an d’Méiglechkeet do ass, fir sech weider ze verbesseren.

Fotos: Sarah Shatz/Netflix

 

Ähnlech Sujeten Marvel, Netflix, Streaming, The Defenders
Nächsten Artikel Virrechten Artikel