Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?
Meenung Neiegkeeten

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?

Um 23 Auer gëschter Owend hunn d‘Wahllokaler op der grénger

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen
Meenung Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen

Um 25. Samschdeg vum Mouvement vun de giele Gileten, notéiert

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren
Meenung Neiegkeeten

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren

E Freideg war d‘Direktesch vun der ADEM am Interview beim

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?

Et ass jo net esou, wéi wa mir et net an der tëscht verënnerlecht hätten, datt et besser ass eng Mask oder sech soss eppes virun d‘Gesiicht ze neelen. Och wann et ee selwer net schützt, et schützt ee jo déi aner. Da kann ee esou gëlle loossen an am grousse Ganzen ass dat jo elo och vun der Bevëlkerung ugeholl ginn. Wou een hi kuckt, d‘Mënschen halen sech un d‘Maskeflicht, et ass also alles gutt.

Woubäi dat mat deem „Gutt“ muss kloer besser ginn. Wann ee gesäit wéi vill Leit hir Mask unhunn an domatter ëmginn, kann ee sech en hämescht Grinsen oft net verknäifen. Ass jo och net schlëmm, well duerch déi eege Mask gesäit jo keen et. Mee de falschen oder schlechten Ëmgang mat enger Mask, bréngt kee notzen, a verleet zuweilen zu enger falscher Sécherheet, déi ka Folgen hunn.

Wann d‘Mask net Mond an Nues bedeckt, ass de Gest wuel gutt gemengt mee faktesch net, also guer net, effizient. Et wier een also, am Sënn vun der Solidaritéit an der chrëschtlecher Nächsteléift, u sech gehalen deenen, wou een esou enger Persoun begéint – egal ob am ëffentlechen Transport, de Buttek, der Aarbechtsplaz an bei Entrevuen – drop hinzeweisen, wann een d‘Mask falsch undeet.

MaskGutt, dat wier an enger perfekter Welt vläicht méiglech, mee esou ee „gudde Rot“ gëtt séier als Aggressioun verstanen, firwat dann och keen eppes seet. Zudeem, an dat ass eigentlech dat wat bedauerlech ass, ginn eis Dirigenten an d‘Virbiller vu Finanz a Wirtschaft mam schlechte Beispill vir, wat elo aus erzéierescher Siicht deem Ganzen elo net wierklech eng Hëllef ass.

Gescheit wier et, wann een als Minister vläicht dovunner géif ofgesinn, sech selwer Reklamm ze maachen an dann e Bild twitteren, an deem et heescht: „Besuch zu Useldeng bei Robin S.A., gegrënnt 1927 a bekannt fir un der Spëtzt vun der Innovatioun an der ekologescher Transitioun ze sinn“. Wann de Chef vun dësem innovative Betrib awer net weess eng Mask unzedoen…

Elo kann eis egal sinn, wéi de CEO vun engem innovative Betrib seng Mask undeet, mee et dierf een et als ee bedenklecht Signal betruechten, wann ee Minister, dee jo awer eppes „Kontakt“ mam Mann hat, esou ee Bild an d‘Welt setzt. Als Minister sollt hie jo esouwuel d‘Wäitsiicht wéi och d‘Autoritéit hunn, sengem Géinteniwwer de Hiwäis ze ginn, datt et sech esou net géi opgoen.

Wéi soll een do dem einfache Bierger verständlech maachen, datt een d‘Mask weder um Kapp nach um Kënn dréit. Och de Fait, datt wann ee se stänneg un an aus deet, een den Zweck an d‘Utilitéit vun de Masken net verstanen huet, sollt eis, elo wou jo alles nees lues a lues a Beweegung geréit a Mënschen sech wäerte méi no kommen, ze denke ginn. Esou Biller, si keng Hëllef…

Ähnlech Sujeten Beispillhaft, Coronavirus, Effizienz, Maskeflicht, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel