Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi sécher Vëlosweeër elo!
International Neiegkeeten Stories

Méi sécher Vëlosweeër elo!

Et ass och zu Lëtzebuerg net ze iwwersinn: vill Mënschen

De Staatsrot berechtegt seng Existenz
International Neiegkeeten Stories

De Staatsrot berechtegt seng Existenz

Fir den Exercice 2017/18 stellt sech de Staatsrot selwer eng

money
Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt
International Neiegkeeten Stories

Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt

2017 war konjunkturell gutt an huet sech positiv op de

Vernonft a Verstand „made in“ USA

De Gouverneur vum US-Bundesstaat Georgia Brian Kemp huet de Masken de Krich erkläert

Vernonft a Verstand „made in“ USA

Mat ronn 69.000 bestätegten Neiinfektioune mam Coronavirus bannent 24 Stonnen, sinn d‘USA zum weltwäite Covid19-Brennpunkt ginn, firwat ee sollt unhuelen, datt hinnen eppes un de Gest Barrière misst geleeë sinn. Mee deem ass leider net wierklech esou… Ee Beispill verdäitlecht dat.

Den US-Bundesstaat Georgia befënnt sech aktuell am héchsten Alarmzoustand, an eigentlech wier et längst nees un der Zäit e partielle Confinement ze instauréieren, oder zumindest d‘Maskeflicht allgemeng anzeféieren. Eng onpopulär Moossnam, där sech de Gouverneur Brian Kemp awer mat alle Mëttel entgéint stellt. Esou huet hien de Buergermeeschter a sengem Staat klipp a kloer verbueden an hire gemengen d‘Maskeflicht anzeféieren. Begrënnt huet hien dat allerdéngs och net.

USAGutt de Mann ass net deen eenzegen, déi allermeeschte republikanesch Gouverneure wëllen dem Donald Trump seng Chancen op en zweet Mandat net vereitelen, a refuséieren d‘Maskeflicht an hire Bundesstaaten anzeféieren. Hiert Argument: eng Mask ass eng Beschneidung vun de perséinleche Fräiheeten. A wann et ëm d‘Fräiheet an d‘Selbstbestëmmung geet, hält de Spaass op.

Dobäi besteet och keen Zweiwel dorunner, datt et Sënnvoll wier eng Maskeflicht anzeféieren. All Dag kommen dausenden nei Fäll derbäi, an et huet ee scho keng Loscht méi d‘Zuel vun den Affer all Dag op neits ze kommentéieren. Datt esouvill Leit um Covid19 stierwen huet erwisenermoossen och eppes mat der droleger Gestioun vun der sanitärer Kris ze dinn, firwat de Gouverneuren hei dierf eng Matschold zougewise ginn. Aus perséinlecher Iwwerzeegung huelen si dat awer a Kaf.

Elo musse Geriichter mat entscheeden

Datt d‘Buergermeeschter aus dem US-Bundesstaat Georgia unhand den Aussoen an Decisioune vum Brian Kemp eppes iwwerrascht sinn, an déi Haltung net novollzéie kënnen, léist sech un der Ausso vum Buergermeeschter Kelly Girtz (Athens-Clarke County) festmaachen, deen an der PBS Newshour sot: „Dat ass alles esou frustréierend. Mir wëllen dach nëmme fir d‘Gesondheet an d‘Sécherheet vun den Awunner suergen an et ass jo elo gewosst, wéi wichteg Masken dofir sinn“.

USAMee de Brian Kemp gesäit dat eppes méi differenzéiert. De Gouverneur huet esouguer eng Klo géint d‘Buergermeeschtesch vun Atlanta, Keisha Lance-Bottoms, agereecht, wëll déi an hirer Stad d‘Maskeflicht agefouert huet. An dat koum net vun ongeféier. Si an hir ganz Famill huet sech mam Covid19 infizéiert. A betraffe Mënschen näipen derzou, de Coronavirus méi eescht ze huelen.

Si huet zur Klo, déi de Brian Kemp géint si agereecht huet gemengt: „Wat och ëmmer seng Motivatioun ass, um Enn vum Dag musse mir einfach dat Richtegt maachen. D‘Wëssenschaftler soen: dat Richtegt ass et eng Mask unzedoen, an aus dësem gudde Grond wäert d‘Veruerdnung weider fir Atlanta gëllen. Wéi séier elo d‘Geriicht sech mat dëser Klo befaasse wäert, a wéi eng Chancen de Gouverneur huet, dëse Prozess fir sech ze entscheeden, léist sech net soen.

Anerer sinn do méi wäit

Mee de Maske-Krich an den USA betrëfft net eleng de Bundesstaat Georgia. Och an deenen aneren US-Bundesstaaten geet et deels „hefteg“ zou, et kann ee sech aus Lëtzebuerger Siicht dann och nëmme wonneren, wéi politesch Interesse wäit iwwert de Schutz vun der Bevëlkerung gestallt ginn. Woubäi et jo elo net iwwerrascht, datt de Wahlkampf esou eppes wéi Vernonft a Verstand guer net zouléisst. Net ze vergiessen, datt ënnert de Bierger selwer, éischter wéineg Maske-Liibhaber gëtt.

USADat verhënnert net, datt een a gutt der Halschent vun den US-Bundesstaaten verflicht ass, sech eppes viru Mond an Nues ze hänken, e bëssi esou wéi bei eis zu Lëtzebuerg. Et muss net zwéngend eng Mask sinn, esou laang wéi déi Ëffnunge verhaange sinn, déi eng Iwwerdroung vum Covid19 behënneren. An dat bezitt sech interessanterweis net nëmmen op „demokratesch“ Bundesstaaten.

Esou hunn déi republikanesch Gouverneure vun Alabama an Arkansas d‘Maskeflicht veruerdent. Si hunn et virgezunn, den Experten an de Wëssenschaftler hiren Avise méi Kredit ze ginn, wéi der Politik vum US-President. D‘Gouverneurin vun Alabama, Kay Ivey, huet dozou gemengt: „All Dag gëtt et méi Fäll an d‘Spideeler sinn iwwerfuerdert. Dee Problem léisst sech net mat perséinleche Fräiheeten ewech diskutéieren“. Dat stëmmt, mee si gëtt an de sozialen Netzwierker net gelueft…

mat indymedia/atl

Illustratioun: © pixpoetry / unsplash

Ähnlech Sujeten Brian Kemp, Georgia, Maskeflicht, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel