Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg: eng Chance fir e friddlecht Liewen fir d’Flüchtlingen

Den 16. an 17. August huet Lëtzebuerg 43 syresch Refugiéen

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt
International Neiegkeeten Stories

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt

Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS)

Wéi gutt kenns du Réimech?
International Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du Réimech?

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?

D‘Maskeflicht ass noutwenneg, sot den éisträichesche Bundeskanzler, net datt et där géif ginn...

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?

Eigentlech sollten ab dem 1. Abrëll d‘Leit, déi an Éisträich an de Supermarché wëllen akafe goen, dozou ugehale ginn eng Gesiichtsmask unzedoen. Esou zumindest huet dat de Sebastian Kurz ee Méindeg beschloss an ugekënnegt. Dat bréngt elo d‘Geschäfter ënner Drock.

D‘Supermarchéen an Drogerien, hu bis ee Méindeg Zäit fir déi vum Gesondheetsministère erloosse Schutzmoossnamen ëmzesetzen. An och dat ass en Zäitraum dee sech esou net a Stee meessele léist, seet de Rainer Will, Chef vum éisträicheschen Handelsverband. Hie gëtt ze bedenken, datt fir där vun der Regierung beschlosse Moossnam, all Dag 4 Millioune Maske benéidegt ginn.

A mir schwätzen hei net vu Qualitéit an/oder Standarden, esou der Rainer Will, deen zwar absolut Verständnis huet awer net weess, wou den Handel déi Mass u Gesiichtsmaske soll hierhuelen. Mat dëser Mesure, déi zudeem ëmstridden ass, well nëmme Maske vum Typ FFP2/3 esou eppes wéi ee reelle Schutz bidden. Mat dëser Moossnam sollen d‘Leit ee Gefill vu Sécherheet vermëttelt kréien.

Masken-HysterieEsou ass dat eenzegt wat mat dësem Beschloss gelongen ass, d‘Mataarbechter an hir Entreprisen engem, grad an dësen Zäiten iwwerflëssegen, Drock ausgesat ginn. Bannent wéineger Deeg un esou eng Mass vu Gesiichtsmasken ze kommen, ass an normalen Zäite scho schwiereg an elo wou déi ganz Welt duerno jäizt, kritt esou eng Moossnam ee kafkaesken Touch. A do fänkt de Problem un.

„Laut der Unuerdnung sollen dës „Masken“ gratis un de Client ausgehänndegt ginn“, esou de Rainer Will, deen an dësem Kontext net ganz onberechtegt nofreet, wien dann d‘Rechnung soll iwwerhuelen? De Besoin eleng fir den Handel an Éisträich, läit bei 4 Millioune pro Dag, a dee Verband ass jo net deen eenzegen dee Maske brauch. Och bei „Nah & Frisch“ ginn se gebraucht.

Den Hannes Wuchterl vum Daachverband „Nah & Frisch“ an deem sech gutt 500 selbststänneg Händler zesummegeschloss hunn, weess dann och net wou hie soll un dës Maske kommen. „Mir féiere Gespréicher mat der Wirtschaftskummer a sichen no Bezuchsquellen. Mir stinn an direkter Konkurrenz zu de Länner, déi op engem ganz anere Level verhandele kënnen“, esou de Wuchterl.

Bleiwen d‘Geschäfter ab e Méindeg zou?

Trotzdeem heescht et, datt ab dem 6. Abrëll, d‘Supermarchéen an d‘Drogerien all Client, iert dësen d‘Geschäft betrëtt soll esou eng Mask ausgehänndegt kréien (ausser déi komme mat hirer eegener). Wien dësem Beschloss net ka Rechnung droen, misst da seng Dieren zou halen. Woubäi et dann awer och scho Kette gëtt, déi sech mat Masken andecke konnten, an déi gëschter verdeelt hunn.

Esou huet SPAR Éisträich um Dënschdegowend scho senge Cliente matgedeelt: „Mir wëllen en dréngenden Appell un eis Cliente riichten, datt si net scho mueres fréi all zesumme kommen. Et soll jiddereen da kommen, wann hien normalerweis seng Besuergunge mécht“. Op Nofro, gouf eis erkläert datt SPAR 4 Millioune Masken huet an 32 Millioune weider Maske bestallt huet.

Masken-HysterieAn dann ass jo nach ëmmer net gekläert, wien d‘Käschte vun dëser „Operatioun“ dréit. De Maart ass maximal „ëmkämpft“ wat sech entspriechend op de Präis auswierkt. Esou kascht – laut deenen Informatiounen déi den Handelsverband virgeluecht huet – eng Gesiichtsmask ronn 1 Euro. (Virun der Kris waren dat „Cent“ Produkter) Vun der „Schutzfunktioun“ net ze schwätzen…

Zudeem verlaangt de Beschloss och, datt all d‘Mataarbechter eng Mask an Händche sollen unhu wat jo och Sënn mécht. Zousätzlech soll et sougenannt „mechanesch Barrière“ ginn, fir d‘Mataarbechter virun enger „Drëpseninfektioun“ ze schützen. D‘Keese ginn also mat Plexiglas-Scheiwen opgerëscht, an all d‘Caddie mussen direkt no all Gebrauch ëmfänglech desinfizéiert ginn.

Dës lescht Unuerdnung ass Sënnvoll, och wann hei de Schutz primär de Mataarbechter gëllt. Dat ass dat séier an, an engem vernënftege finanzielle Kader ze realiséieren. Vun dëse Moossnamen „ausgeklammert“ sinn déi kleng Enseigne, mat enger Geschäftsfläch ënner 400m². Hei gëllt eng strikt Beschränkung vun der Unzuel u Clienten déi sech gläichzäiteg am Geschäft ophalen dierfen.

Eng ëmstridde Moossnam

No den Éisträicher denke vill Länner driwwer no, dës Verflichtung och bei sech anzeféieren. Esou eis Däitsch Noperen, mee och zu Lëtzebuerg fënnt d‘Maskeflicht ëmmer méi Zousproch. Datt et eng feelgeleeten Diskussioun ass, hate mir e Méindeg kommentéiert (Mask oder net Mask?) mee dat war anscheinend net iwwerzeegend. Mir hunn also nach emol d‘Wëssenschaft beméit…

Zu der „Masken-Hysterie“ huet de renomméierte Virolog Jonas Schmidt-Chanasit vum Bernard-Nocht-Institut zu Hamburg, dann awer och eng zimlech däitlech Meenung. Esou eng Moossnam ass, bezunn op de Schutz dee sech dovunner erwaart gëtt, net noutwenneg. E wëssenschaftlechen Nowäis fir d‘Wierksamkeet gëtt et net, an déi Masken déi Schutz bidden, brauchen anerer.

„Déi ganz Diskussioun ass feelgeleet, well an de leschte Wochen ersiichtlech ginn ass, dat do wou d‘Maske (déi vum Typ FFP2) gebraucht ginn, déi net virräteg sinn. D‘Prioritéit muss ganz däitlech dem Gesondheetswiesen zougestane ginn, déi net ausräichend mat entspriechende Schutzmëttel ausstafféiert sinn. Zudeem lenkt d‘Diskussioun vun de grondsätzleche Moossnamen of“.

Masken-HysterieFir de Mann „vum Fach“ besteet mat dëser Maskeflicht, déi faktesch net dee Schutz bitt dee vun der Politik an de Raum gestallt gëtt, de Risk, datt d‘Leit sech a „Sécherheet“ fillen an den onbedéngt wichtegen „Ofstand“ net méi halen. Dobäi ass Ofstand halen, deen eenzeg nogewisene Schutz an dee kascht eigentlech näischt. Ofstand halen an Hänn wäschen, sinn a bleiwen de beschte Schutz.

Zudeem huet de Virolog nach emol op ee ganz wichtegen Aspekt vun der Kris higewisen, deen aus onerkläerleche Grënn, ëmmer nees ausgeblend gëtt. „Am Kontext vum Covid19, ass et wichteg, datt eng progressiv Kontaminatioun vun der Bevëlkerung stattfënnt. En 100% Schutz hëlleft an dëser Situatioun kengem. Et mussen also Infektioune stattfannen, an zwar an engem Tempo, deen et de jeeweilege Gesondheetssystemer erlaabt, d‘Charge och ze bewältegen“, esou de Virolog.

Hie ka verstoen, datt vill Leit net emol am Usaz versti wat sech ofspillt. Widderspréchlech Aussoe vu Politiker, Verschwierungstheorien am Netz, Idioten déi sech fir Experten halen… dat ass den Ueleg deen d‘Feier um brennen hält an déi eigentlech Gefor ass. Dofir, wann et dem Séilewuel déngt, soll ee roueg eng undoen an awer konsequent déi aner Reegele befollegen. Bleift Doheem!

mat indymedia /vie/lnz/ham/fra/lon

Foto: Et gëtt vill Forme vu Masken, a bis op déi vum Typ FFP2/3, a Kombinatioun mat engem Schutz fir d‘Aen, erfëllt keng eenzeg dee Schutz, dee sech Politik a Vollek wënscht. An Éisträich ass et awer elo Flicht eng Gesiichtsmask unzehunn, fir am Supermarché, de Drogerie oder Apdikt akafen ze dierfen. Eigentlech sollten d‘Geschäfter d‘Masken un hir Clienten ausginn, mee et dierf een och ganz kreativ mat där vum éisträichesche Gesondheetsministère erloossen Uerder ëmgoen. © mbXtreme

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Éisträich, Maske-Flicht, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel