Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
government employee dating contractor dating site for just hooking up

https://moien.lu/do-teachers-hook-up/

Um vergaangene Weekend stoung Ettelbréck ganz am Zeeche vun der

https://moien.lu/dating-godly-man/
government employee dating contractor dating site for just hooking up

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

government employee dating contractor dating site for just hooking up

Konditiounen Gewënnspill Stock Car

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Massaker op der Krim: 18 Doudeger an engem technesche Lycée

Massaker op der Krim: 18 Doudeger an engem technesche Lycée

E Schüler huet zu Kertch (Krim) e Mëttwoch am technesche Lycée wou hie studéiert huet, ëm sech geschoss, dobäi 18 Mënschen ëmbruecht an iwwer 50 weider Persounen, fir déi meescht Studenten, blesséiert. Hien huet seng dot mat Selbstmord ofgeschloss.

Virgeluecht gouf de Bilan vum Sergueï Aksionov, Premierminister vun der ukrainescher Hallefinsel. Aus dësem geet ervir, datt 12 vun den 53 verletzte Persounen, an engem ganz kriteschen Zoustand sinn. Den Enquête-Comité, d‘Autoritéit déi sech mat de grousse Kriminalfäll a Russland beschäftegt, huet matgedeelt, datt den Täter, de Vladislav Rosliakov, 18 Joer jonk war.

De Sergueï Aksionov huet bestätegt mat eegenen Aen de Kierper vum Attentäter gesinn ze hunn, deen an der Bibliothéik vum polytechnesche Lycée vu Kertch, opfonnt ginn ass. An engem éischte Statement, hat hien op der Tëlee „Rossiya 24“, datt de jonke Mann, dee kee Casier huet, sech mat enger Waff selwer geriicht huet. De Premierminister huet sech uschléissend den Eltere gestallt.

Elteren déi opbruecht waren, deels keng Nouvelle vun hire Kanner haten. De Premier huet hinne bestätegt, datt den Täter, deen hien als „net-Krimeër, nach net emol e Mënsch“ ëmschriwwen huet, seng Dot eleng vollbruecht huet. Wat fir e Motiv hannert dëser Dot stécht, ass och net gewosst. Laut RIA Novosti, ass d‘Wunneng vum Täter sengen Elteren no der Dot perquisitionnéiert ginn.

De Premierminister huet nach matgedeelt, datt de jonken Erwuessenen, dee véier Joer an dëser Schoul studéiert huet, Titulaire vun enger Bourse war, a vu senge Professeren als „friddlech“ agestuuft gi war. De Vladislav Rosliakov huet dann och ganz legal säi Waffeschäin erhalen. Op de Biller déi an de sozialer Netzwierker zirkuléiert hunn, ass de Student ze erkennen.

Biller déi vun den Iwwerwaachungskamerae gemaach goufen, weisen e jonke Mann mat kuerzen Hoer, mat engem wäissen T-Shirt an enger schwaarzer Box gekleet, wéi en sech am Trapenhaus mat engem Gewier am Grapp ophält. Laut dem Igor Mikhailitchenko, eng lokale Verantwortlechen, géif et sech bei der agesater Waff, ëm e Juegdgewier handelen.

Keen terroristeschen Akt

De Virfall, deen an engem éischten Ament als „terroristeschen Akt“ bezeechent ginn ass, gëtt vum Enquête-Comité als „Mord“ qualifizéiert. „Et ass keen terroristeschen Akt (…) et war e Massemord dee vun engem eenzelen Täter ugeriicht ginn ass“, esou de Sergueï Aksionov op Rossiya 24. An enger éischter Phas war e „Sprengsaz“ an der Kantinne gezünt ginn, d‘Schéisserei koum duerno.

Laut dem Enquête-Comité, handelt et sech bei den Affer, ëm jonk erwuessener. Op der Internetsäit vun der Schoul ass gewuer ze ginn, datt hei Schüler ab 14 Joer opgeholl ginn déi eng technesch Formatioun duerchlafen.

„Ech hunn héiere wéi um éischte Stack Schëss gefall sinn, a mir sinn an de Gank gestiermt, wou d‘Leit wéi wëll duerchenaner gelaf sinn, a gejaut hunn, et géif ee mat engem Maschinnegewier op alles schéisse wat sech beweegt“, esou d‘Ausso vun engem Student géintiwwer der AFP. „Duerno huet et eng gewalteg Explosioun ginn, mee ech war schonn dobaussen…“.

Op den éischte Biller déi vun der Tëlee iwwerdroe goufen, konnt een d‘Evakuatioun vun den Affer verfollegen, déi mat Behëllefsambulanzen oftransportéiert gi sinn. De russesche President Vladimir Putin huet och op d‘Dot reagéiert: „Virun e puer Stonnen, huet et zu Kertch en tragesche Virfall ginn, vill Leit sinn Dout, et gëtt vill Blesséierter. Mäi Bäilees un d‘Famillje vun den Affer“.

De russesche Ministère fir Noutsituatiounen, huet fir Kertch de Noutstand ausgeruff, an dräi Helikopter mat medezineschem Personal, wei och e Fliger op d‘Krim beuerdert. Déi russesch Arméi soll 200 Mann op d‘Plaz geschéckt hunn. D‘Medien hunn den Dag iwwer Biller vu gepanzerte Gefierer an Männer an Tarnuniforme gewisen. Et goufen dräi Trauerdeeg fir d‘Krim beschloss.

mam Lilia Boudjourova/AFP

Foto: Rettungsdéngschter am Asaz zu Kertch, wou e jonke Mann, aus bis elo ongekläertem Grond, an engem Lycée 18 Mënschen erschoss, an iwwer 50 Persounen deels ganz schwéier blesséiert huet. © kersch.fm/AFP

Ähnlech Sujeten Kertch, Krim, Lycee, Massaker, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel