Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op
elizabeth i online dating Neiegkeeten https://moien.lu/bangladesh-local-dating-site/

https://moien.lu/survivalist-prepper-dating/

2018 war, esou zumindest aus der Siicht vun der Gesondheetskeess,

older dating australia login
elizabeth i online dating Neiegkeeten https://moien.lu/bangladesh-local-dating-site/

Dat normaalst vun der Welt

Säit Ufank Juni hänkt de Sege schif an dat alles

Vereedegung vun zwee Schäffen
elizabeth i online dating Neiegkeeten https://moien.lu/bangladesh-local-dating-site/

Vereedegung vun zwee Schäffen

Haut am fréien Nomëtteg sinn nees zwee Schäffe Vereedegt ginn,

surprise

China erënnert sech un d’Massaker vun Nanking

China erënnert sech un d’Massaker vun Nanking

China huet dëse Mëttwoch den trauregen 80. Anniversaire vum Massaker vun Nanking zelebréiert. Och eent vu gräissleche Kapitel aus dem zweete Weltkrich, aus deem d‘Welt sollt léieren zéien. Déi deemoleg Zerstéierungswut vun de japaneschen Truppe belaascht d‘Relatioun tëscht béide Länner bis haut.

Et war dann och beim Monument vun der Erënnerung, wou de President Xi Jinping un der grousser Zeremonie deel geholl huet. An se waren zu hirer vill komm fir ze erënneren, däischter gekleet mat enger wäisser Blumm am Knapplach.

Laut de chineseschen Historiker, sinn zu Nankin, deemools d‘Haaptstad vu China, innerhalb den éischte sechs Wochen nom Amarsch vun de Japaner, eng 300.000 Zaldoten an Zivilisten ermuert gi sinn. Den Iwwerfall hat den 13. Dezember 1937 stattfonnt. D‘Japaner, alliéiert vun Nazi-Däitschland, haten d‘Stad dem Massaker, der Vergewaltegung, de Raiberen an dem Feier iwwerlooss .

Sech der Vergaangenheet stellen

An de Massaker vu Nanking bleift e Sträitpunkt tëscht Japan a China. Peking beschëllegt säin Noper reegelméisseg, seng Verantwortung fir den ugeriichten Horror am zweete Weltkrich (1937/45) wëlle kleng ze rieden. Tokio erkennt offiziell un, datt „eng grouss Zuel un Zivilisten ëmkomm sinn“ mee ënnersträicht, datt et schwéier ass déi genau Zuelen ze ermëttelen.

Zu de Fakten: déi leeën duer, datt Japan um 13. Dezember 1937 mat engem „strategesche Bombardement“ vun Nankin ugefaangen hunn, zesumme mat Guangzhou. Déi Ugrëff haten en Ausmooss kritt, datt d‘Gesellschaft vun de Natiounen (Virgänger vun der UN NdR) duerch de britesche Lord Cranborne deklaréiere gelooss huet:

„Keng Wierder kënnen d‘Gefill vum déifsten Horror ausdrécke, mat deem d‘Nouvelle vun de Bombardementer vun der ziviliséierter Welt opgeholl ginn ass. Se sinn oft wäit ewech vun den eigentleche Kampfgebidder. Déi militäresch Ziler, wann et se gëtt, schéngen eng sekundär Plaz anzehuelen. Hei ass d‘Haaptzil den Terror duerch de Massaker vun de Zivilisten ze verbreeden.“

China vergësst net

Dëse schwéieren historeschen Tribut huet ëm esou méi neien Opdriff kritt, wéi de President Xi Jinping de Nationalismus ënnert de Chinesen nees salonfäeg gemaach huet. Vis à vis, de Premierminister Shinzo Abe, deem ënnerstellt gëtt, Sympathië fir seng „extrem riets“ ze hunn. Dorënner eng ganz Rei Leit, déi bestreiden datt de Massaker stattfonnt huet.

2015 huet de Shinzo Abe, deem säi Grousspapp während dem Krich Minister war, sech zu de „nationale Gewëssensbëss“ géintiwwer de japaneschen Doten an Asien bekannt. Hien huet dunn awer och gemengt, datt sech déi jonk Generatiounen net misste bis an all Éiwegkeet dofir entschëllegen. Eng Ausso déi esouwuel a China wéi och a Korea, e weidert Affer vum japanesche Militär, net gutt ukomm ass.

mat AFP

Foto: D‘Éieregarde stellt d‘Kränz op fir d‘Zeremonie vun der Erënnerung un de Massaker vun Nankin. Deen huet den 13. Dezember 1937 ugefaangen a ganzer sechs Wochen ugehalen. E Moment aus der Geschicht deen d‘Bezéiungen tëscht China a Japan och haut nach schwéier belaascht. © STR/AFP

Ähnlech Sujeten China, Japan, Nanking, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel