Search

You may also like

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!
International Neiegkeeten

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

Éisleker Schofsfest – Um Cornelyshaff huet et gemäht!
International Neiegkeeten

Éisleker Schofsfest – Um Cornelyshaff huet et gemäht!

Um 15. September huet sech zu Hengescht um Cornelsyhaff alles

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch
International Neiegkeeten

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch

Déi Lëtzebuerger Lacrosse-Ekipp aus dem Lycée Guillaume Kroll (LGK) huet

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“

Innovatioun a Mëssbrauch sti Schëller u Schëller

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“

„Héich Zäit Alarm ze schloen! Wann Antibiotiquë bei Mënschen an Déieren net richteg benotzt ginn, kënnen sech multiresistent Bakterie bilden. All Joer stierwen dowéinst an der europäescher Unioun méi wéi 33.000 Mënschen.“ Mat dëser Aleedung hunn de Gesondheetsministère an de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung d’Informatiounscampagne zur Notzung vun Antibiotike beim Mënsch an Déier op een Neits lancéiert.

Am Kader vum haitegen europäeschen Informatiounsdag zu den Antibiotiken hunn d’Ministeren Étienne Schneider a Romain Schneider fest drop bestanen, d’Populatioun zu de Geforen ze sensibiliséieren, déi de massive Gebrauch vun dëse Medikamenter mat sech bréngen. Effektiv gräift d’Medezin bei Mënsch an Déier ëmmer méi schnell, drastesch an einfach op Antibiotiken zeréck.

D’Campagne gliddert sech an den nationale Kaderplang zu den Antibiotiken 2018-2022 an. Zil ass et d’Opkommen, d’Entwécklung an d’Verbreedung vun neie Resistenzen ze reduzéieren an eng virsiichteg Notzung vun de Medikamenter ze fërderen.

Wierkungsverloscht a Resistenzen

Am Laf vum 20 Joerhonnert huet den Antibiotik als therapeutesch Innovatioun ëmmer méi groussen Uklang fonnt. Esou huet et déi nei Wonnerwaff erméiglecht, fir déidlech Infektiounen ze behandelen an esou Millioune Mënscheliewen ze retten. Mat senger Beléiftheet ass allerdéngs och den ëmmer méi staarke Gebrauch an d’Luucht gaangen. Riskant ass dobäi virun allem, datt verschidde Bakterien iergendwann esou resistent ginn, datt emol kee Medikament méi hëlleft.

Et gëtt geschat, datt eleng an der Europäescher Unioun all Joer 33.000 Persounen un Infektioune stierwen. Déi sougenannt Antibioresistenz bréngt mat sech, datt Infektiounen ëmmer méi schwéier ze behandele ginn, d’Antibiotike verléieren un Wierkung. Dobäi sollen an der EU ronn 1,5 Milliarden Euro all Joer an d’Gesondheetsfleeg a Verloschter u Produktivitéit duerch dës Resistenzen investéiert ginn.

Vergläicht een d’Notzung vun Antibiotike beim Mënsch ënnert allen europäesche Länner, esou steet Lëtzebuerg op enger stolzer 8. Plaz. Trotzdeem ass de Konsum bei eis an de leschte Jore signifikativ erof gaangen. Geet een eriwwer bei d’Déieren, esou gehéiert de Groussherzogtum zu deene Länner, déi am mannsten Antibiotiken zur Behandlung notzen.

Antibiotik

Related topics Antibiotik, Etienne Schneider, Medezin, Medikament, Mëssbrauch, Multiresistent Bakterien, Resistenz, Romain Schneider
Next post Previous post