Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir
can a 16 year old go to jail for dating a 13 year old

beste dating sider i norge

Laut dem Wall Street Journal, géif sech d’US-Administratioun drop virbereeden

what to do when your best friend is dating a bad guy
can a 16 year old go to jail for dating a 13 year old

jordan peterson online dating

Dës Woch soll d’Gesetz 6810 zur „Administration transparente et ouverte“

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden
can a 16 year old go to jail for dating a 13 year old

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden

Dat een am 21. Joerhonnert als Fra iwwer 30 Joer

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
D'Peng an d'Blutt huet sech an dësem Fall voll gelount! © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
De Barber dierf natierlech net feelen! © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
No e puer Stonnen gett een nieft der Peng och zimmlech midd © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Burlesque Show mam Anna Venture © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Burlesque Show mam Anna Venture © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Dat geet ënnert d'Haut! © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Mr Maxx rockt d'Bühn an der Däichhal © Shari Pleimelding/moien.lu
Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Mr Maxx rockt d'Bühn an der Däichhal © Shari Pleimelding/moien.lu

Um vergaangene Weekend stoung Ettelbréck ganz am Zeeche vun der kënschtlerescher Kierperverschéinerung. Bei der drëtter Editioun vun der Master Tattoo Convention hunn ausgewielte professionell Artisten nees Tënt ënnert d’Haut bruecht an zum Staunen agelueden.

Um Samschdeg ass keng Tattoomaschinn onbenotzt bliwwen. Sämtlech 50 Kënschtler waren domat beschäftegt, hire Clienten een neit Konschtwierk op de Kierper ze iwwerdroen. Scho beim erakommen an d’Däichhal huet een déi elektrifizéirend Atmosphär gespuert, d’Maschinnen schaffen héieren an d’Visiteure mat grousser Spannung duerch d’Convention trëppele gesinn.

Egal ob een just kucken, sech informéieren oder eppes gestach kréie wollt, hei koum jiddwereen op seng Käschten. Nieft de ronn 50 Tattoo-Artisten aus verschiddene Länner stungen nach divers aner Aktiviéiten um Ënnerhalungsprogramm: Merch-, Piercing- a Bijouxstänn ware vertrueden, Kënschtler hunn hir Wierker ausgestallt an d’Bar huet op ee gemitterleche Patt agelueden. Donieft war och ee Barber present, wat hautdesdaags quasi vu kenger Tattoo Convention méi ewech ze denken ass an d’Bild perfekt ofronnt.

Um Weekend duerft et awer och net u Musek a Shows feelen. Esou sinn Tattoo-Fans Samsdes vum Pascal vu Woltz an dem Fred Barreto musikalesch begleet ginn. Sonndes huet Mr Maxx mat punkeschem Stil a Rock-Coveren d’Visiteure faszinéiert. Ee ganz besonneschen Highlight huet d’Anna Venture mat senger Burlesque-Show gebueden, ee sënnlecht Spektakel, bei der et ëm Äthetik, Verféierung a Weiblechkeet, gemëscht mat enger Portioun Ironie geet.

Qualitéit bidden ass d’Haptziel

Den Organisator selwer ass net onbekannt a genau déi richteg Persoun fir esou een Eevent op d’Been ze stellen. Mat senger jorelaanger Erfahrung huet den Andy Nevil net nemmen een eegenen erfollegräiche Studio, mee och genuch Kenntnisser, wéi een am viraus déi richteg Artisten fir esou eng Convention auswielt.

Et ass ee Konschtwierk, wat ee Liewe laang bleift. Dowéint ass et him besonnesch wichteg hei op Qualitéit a Professionalitéit ze setzen an net blann Kënschtler ze invitéieren. Hie selwer erkläert, datt bei villen Tattoo Conventions Leit matschaffen, déi mat dër Thematik näicht ze dinn hunn an esou dem Client net onbedingt ee gudde Service oder zefridde stellend Resultat offréiere kënnen. Den Andy Nevil a seng Equipp hu sech dofir vill Gedanke gemach a sech all Artist akribesch genau ugekuckt.

Datt hei vill Härzblutt an der Organisatioun läit mierkt een eleng wann ee sech de Programm ukuckt, deen fir eng relativ nei Convention deelweis méi räichhalteg ass, wéi bei gréisseren Eventer. Natierlech duerft hei den traditionelle Concours net feelen, wou eng professionell Jury u beiden Deeg, déi bescht Kierperkënschtler an de verschiddenste Kategorien ausgezeechent huet.

Nieft villen internationalen Artisten konnt een hei och op de Stand vum Lëtzebuerger Studio Ink Junkies treffen. Säit 18 Joer verschéinert d’Team ronderëm deBesëtzer an Tattoo-Artist Avi d’Haut vun de Leit haptsächlech am asiatesche Stil. Säi Client um Weekend ass souguer extra aus der Schwäitz ugereest, fir u beiden Deeg säin Arem dekoréiert ze kreien. Den Avi selwer iwwerzeegt hei mat Talent, Erfahrung, Konzentratioun a sengem leschtege Charakter. An der familiärer Atmosphär dinn engem déi dausenden Stëch vun den Nolen net méi grad esou wéih.

Wien d’Master Tattoo Convention verpasst huet kritt am September 2019 zu Veianen oder am November nächst Joer zu Ettelbréck nees ee schéine Programm u Peng a Konscht gebueden.

Ähnlech Sujeten Andy Nevil, Däichhal, Ettelbréck, Ink Junkies, Master Tattoo Convention, Tattoo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel