Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?
Neiegkeeten

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?

Lëtzebuerg huet zënter datt d’Land existéiert net grad wéineg Komponisten

Krautmaart: de Budget ass duerch!
Neiegkeeten

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen
Neiegkeeten

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen

Leschte Samschdeg huet de Friddensmarsch zu Esch-Uelzecht d’Blécker op sech

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
(v.l.n.r.) Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS ; Alain Becker, President vum Conseil d'Administration vum CGDIS; Taina Bofferding, Inneministesch; Manon Bei-Roller, Buergermeeschtech vun der Gemeng Dippech; Jean-Paul Bleser, Schäffen; Max Hahn, Schäffen; Romain Scheuren, Conseiller ; Carlo Neu, Conseiller © MINT
Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
Taina Bofferding bei hirer Ried © MINT
Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
© MINT

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun der ziviller Sécherheet op déi traditionell Neijoerschfeier am CIS zu Sprénkeng invitéiert.

Fir Unzefänken huet d’Ministesch de ville Benevolle fir hiert virbildlecht Engagement am Alldag Merci gesot. Säit der Aweiung vum CGDIS kann een adequat op all Noutruffen agoen. Ouni déi vill Aarbecht vun de Benevolle wier dëst net méiglech. Dobäi huet d’Taina Bofferding annoncéiert, eng Evaluatioun vum CGDIS, mat néidegen Upassungen, a Collaboratioun mam Terrain ze organiséieren.

D’Ministesch weist sech besuergt, datt a leschter Zäit ëmmer méi Leit vum Rettungsdéngscht wärend hiren Asätz ugegraff ginn. Si veruerteelt dëst Verhalen zu déifst an ënnersträicht dobäi d’Wichtegkeet vun der Ännerung vum Gesetzesprojet mam Artikel 410-2 vum Code Pénal, woubäi Aggressioune géigeniwwer vum Rettungsdéngscht bestrooft solle ginn. An dësem Kader misst een dann och Preventiounsaarbecht leeschten.

Och op d’Terrorübung VIGILNAT um Belval, vergaangene Samschdeg, huet si sech bezunn. Dobäi huet d’Ministesch alle Participante Merci gesot fir hir extrem professionell Aarbecht. Ee grousst Luef goung un déi super Kollaboratioun tëschent dem Service vun der ziviller Sécherheet, der Lëtzebuerger Police an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet. D’Regierung wäert den Exercice elo evaluéieren a seng Conclusiounen zéien.

Donieft huet d’Ministesch de Wonsch ausgedréckt, datt d’Legislatioun zu obligatoresche Feiermelder a bewunnte Raim vun der Chamber gestëmmt soll ginn. D’Preventioun hält awer net beim Montéiere vu Feiermelder op. A Kollaboratioun mam Service vun der ziviller Sécherheet soll een nationalen Dag vun der Preventioun géint Bränn agefouert ginn.

Zu gudder Lescht ass nach emol d’Wichtegkeet vum CGDIS ënnerstrach ginn. Säit der Grënnung gëtt et ëmmer méi schwéier, hei Fräiwëlleger ze fannen.

Ähnlech Sujeten CGDIS, Feiermelder, Neijoerschpatt, Sécherheet, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel