Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-protector-id/

Vir gewéinlech ass den Dag nach jonk, wa mer fir

best latina dating apps
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!

Mat senge Fuerschungen huet den Charles Darwin ee groussen Deel

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung
Money Neiegkeeten

Mäertchen: E gudde Maufel op Invitatioun vun der Regierung

E ganze gebakene Fësch oder léiwer e Filet ouni Sprenzen?

money

Op Schinnen an d‘Zukunft… mat der Eisebunn

De Bilan fir 2018 léisst den CFL-Verwaltungsrot zouversiichtlech no vir blécken

Op Schinnen an d‘Zukunft… mat der Eisebunn

D‘Zäite vun der getrennter Virstellung, vum operativen Exercice an de dem finanzielle Bilan, sinn „Passé“. Haut stellt een en integréierte Rapport vir. Dat mécht Sënn och oder grad besonnesch dann, wa gewosst ass, datt net emol dësen a senger Vollstännegkeet gelies gëtt. Dobäi ass et eng gelonge Publikatioun déi, géif ee se duerchliesen, weist wéi d‘CFL sech entwéckelt, an zwar zum Positiven.

Fir de President Jeannot Waringo (deen, zanter hien an der Pensioun ass, och emol heiansdo mam Zuch fiert, dobäi allerdéngs nach ni un ee geroden ass, dee „Problemer“ gehat hätt) spigelen déi, am grousse Ganzen, gutt Leeschtung vum Grupp CFL zréck. D‘Strategie divers Aktivitéiten ze entwéckelen, hätt sech dann och als zilféierend erwisen. Zudeem schaaft een Aarbechtsplazen…

Bei der Eisebunn gëtt zolidd rekrutéiert. Esou sinn eleng 2018, 436 nei Mataarbechter agestallt ginn an esou soll et déi nächst Joer, trotz gewësse Changementer an der Aféierung vum gratis Transport, weider goen. Zum 31. Dezember waren esou 4.622 Leit bei der Eisebunn ugestallt. Zudeem missten d‘Leit wëssen, datt d‘CFL net nëmmen e grousse Patron ass, mee och sozial verantwortlech agéiert.

Et geet iergendwéi ëmmer ëm de Goss

Wat d‘Finanze betrëfft, esou ass een zefridden, och wann nach vill Efforte musse gemaach ginn, well d‘Konkurrenz schléift bekanntlech net, an d‘CFL huet jo um internationalen Niveau esou seng Uspréch (Zuchlinn am Norde vun Däitschland / Partner vun der neier Seidestrooss). Et ass awer hei wou d‘Musek den Ament spillt, an den CFL-Generaldirekter war och net wierklech ugespaant.

De Marc Wengler (deen zumindest ugëtt 50% vun der Zäit den ëffentlechen Transport ze notzen) betount, datt et der CFL op en Neits gelongen ass, op d‘Besoine vun de Clienten anzegoen. Zäitgläich wier weider an d‘Qualitéit investéiert ginn. D‘Passagéierzuele sinn ëm ronn 400.000 Eenheeten op elo 23,3 Millioune geklommen, eng Tendenz déi sech mam Ausbau vum Netz sollt bestätegen.

Op elo, wéi de Generaldirekter et bemierkt huet, um Funiculaire geleeën ass, datt d‘CFL méi attraktiv gi sinn, sief dohinner gestallt. Et dréit sécher derzou bäi, e méi modernt Bild vun der Eisebunn ze presentéieren, mee et dierften awer besser Grënn fir d‘Hausse ginn an déi si banal wirtschaftlech. Schliisslech huet d‘Eisebunn d‘Vocatioun d‘Pendler bei hir Aarbecht ze bréngen.

An hei sollt een net vergiessen, datt all Dag honnertdausende Frontalieren an d‘Land kommen. An der Stad Lëtzebuerg, kommen all Dag e puer honnert nei Jobs bäi, an net all Grenzgänger huet en  Auto oder wëll dee benotzen. De Wuesstem ass deemno net zwéngend dem extraordinäre Service, mee éischter engem berufflechen a finanziellen „Imperativ“ zouzeschreiwen. An awer rullt et…

Komplementar Déngschtleeschtungen

Attraktivitéit am Kontext vum ëffentlechen Transport, dat huet vill mat „Service“ ze dinn, woubäi de Passagéier hei virun allem d‘Auer am A huet. Pénktlech wëll de Client ukommen, fir déi meescht well se zu enger bestëmmter Zäit mussen op der Aarbecht oder an der Schoul sinn. Do huet d‘CFL, wat och de ville Chantiere geschëlt ass, nach Loft no uewen. Dofir geet „Zuch“ eleng net méi duer.

Den Ausbau vu villen – deels ganz interessanten – Déngschtleeschtungen, dréit tatsächlech derzou bäi, datt d‘CFL un Attraktivitéit gewannen. Esou beispillsweis de „Car-Sharing“ Service „FLEX“, dee kontinuéierlech ausgebaut gëtt. Gutt deen ass wuel nach net rentabel, mee dat kann ee vun enger Start-up och elo net verlaangen. De Verloscht hält sech dann och a raisonnabele Grenzen.

Bei der Logistik, also alles wat mat Fracht ze dinn huet, geet et och gutt virun. Et hätt een hei wuel nach en Defizit Opweises, mee näischt dat een net am Grëff hätt. Zudeem ass masseg Goss an de Grapp geholl gi fir den Terminal zu Beetebuerg weider auszebauen an e Logistikzenter gouf och opgeriicht. A jo, dat kascht Geld a wierkt sech entspriechend op d‘Resultat aus. Et geet awer virun.

Schléisse mir da mat de wichtegsten Zuelen of: 2018 hat d‘CFL en Ëmsaz vun 892,5 Milliounen Euro, de Benefice bedréit 10 Milliounen Euro. 23,3 Millioune Leit hunn den Zuch geholl, 1,5 Millioune Passagéier hunn de Funiculaire genotzt an de System Flex huet iwwer 1.000 Abonnenten. Den Defizit bei der Fracht ass vun 13,9 op 4,6 Milliounen zréckgaangen. Esou kann et weidergoen.

Foto: De Verwaltungsrot vun der CFL. Vun de Siwe Persounen op eiser Foto fiert een eenzegen ëmmer mam Zuch, de Generaldirekter (aus verständleche Grënn a beruffleche Contrainten) awer nach bal all zweeten Dag, an de President ëmmerhin nach geleeëntlech. Wann hinnen tatsächlech eppes u méi Qualitéit geleeën ass, sollten och déi „aner 4“ méi oft mam Zuch fueren… © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bilan 2018, CFL, Eisebunn, Jeannot Waringo, Marc Gengler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel